Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Büroe vun der ULC si Fuesméindeg zou!
Meenung

D‘Büroe vun der ULC si Fuesméindeg zou!

Dir huet e Mëssel mat engem Geschäft, Sträit mat enger

Kanada: „Probéiert et net“ plaidéiert den hollännesche Premierminister
Meenung

Kanada: „Probéiert et net“ plaidéiert den hollännesche Premierminister

Och wa säi Land als den „Eldorado“ vum Cannabis an

Ass de Fridden op der koreanescher Hallefinsel gräifbar no oder eng Illusioun
Meenung

Ass de Fridden op der koreanescher Hallefinsel gräifbar no oder eng Illusioun

Et si ganz positiv Signaler, déi am Moment vun der

Eis Sprooch ass e fruchtbart Thema fir de Wahlkampf. Dobäi ginn et nach ganz aner Erausfuerderungen!

E Kommentar

Eis Sprooch ass e fruchtbart Thema fir de Wahlkampf. Dobäi ginn et nach ganz aner Erausfuerderungen!

Gëschter gouf no der Debatt d’Gesetz zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gestëmmt. Dat ass ëmsou méi bemierkenswäert, well all Partei, déi an der Chamber present ass, dofir gestëmmt huet. Kee wollt sech géing Sprooch stellen. Ass et dach ee vun deene lukratiivste Wahlkampftheme vun 2018. Dat dommt ass: Hei gëtt et am Fong näischt méi ze huelen.

Kucke mer der Saach op de Fong: Mam Gesetz gëtt der Sprooch nohalteg de Réck gestäerkt. Nei Institutiounen sollen elo laangfristeg un hir schaffe. Dat ass gutt, well wat méi Fuerschung an Ënnerstëtzung vun offizieller Säit kënnt, wat d’Chance besser stinn, datt et hier gutt geet. Genau do gi sech jo vill Leit net eens, well wéi gutt geet et eiser Sprooch? Eleng dëst ass en Diskussiounsthema, wat fir Sträit an Opreegung suergt. Et kéint een elle laang derfir an dowidder diskutéieren. Fakt ass, mat dem Gesetz geet et hir besser.

Et sollt ee sech net ze vill vun der Sproochendiskussioun oflenke loossen

A mengen An geet et der Sprooch esouguer exzellent. A wien eppes verbessere wëll, dee kann dat gären och selwer an d’Hand huelen. Et muss een net ëmmer op de Staat oder d’Parteie waarden. Ech géing mer am Fong esouguer wënschen, datt den Thema Sprooch an dësem Wahlkampf ab elo e gutt Stéck mi lues gespillt gëtt. Och well d’Politik net déi eenzeg Plaz ass, wou eppes fir d’Sprooch gemaach ka ginn. Et ass och e gesellschaftlechen Effort néideg.

Lëtzebuerg huet riseg Erausfuerderungen ze meeschteren, an d’Äntwerten op des Erausfuerderunge si méi wichteg, wéi d’Diskussioun ëm d’Lëtzebuergesch. Ech géing esouguer esou wäit goen, ze soen, datt elo um Réck vun eiser Sprooch zwar nach vill Populismus, ma just nach wéineg Politik bedriwwe ka ginn.

Well si mer éierlech: Hannert der Diskussioun ronderëm eis Sprooch stécht bei ville Leit nun emol eng gewëssen Entfriemung, déi mi schwéier unzepaken ass. Déi net esou liicht duerch en neit Gesetz ze léisen ass. Vill Lëtzebuerger ville sech Onwuel zu Lëtzebuerg, a ginn aneren d’Schold dofir. An d’Politik, ëm Stëmme beméit, hëlt gären hir Ängschten eescht – oder mécht op mannst esou. Dowéinst betruechten ech dës Diskussiounen, wa se elo nach weider esou gefouert ginn, wéi dat gëschter zum Beispill vum ADR gemaach ginn ass, mat gréisster Suerg. Net eng eenzel Partei kann d’Sprooch als säin eegene Programmpunkt fir sech anhuelen a fir seng Mark behaapten. D’Sprooch gehéiert de Leit.

An et ass un de Leit, fir se ze stäerken.

Foto: Vum Ernmuhl at lb.wikipedia, CC BY-SA 3.0

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Politik, Sprooch, Wahlkampf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel