Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Police: Wat op eise Stroossen esou lass war
https://moien.lu/what-are-the-most-expensive-dating-sites/

Police: Wat op eise Stroossen esou lass war

Et war nees en ustrengenden Donneschdeg fir eis Polizisten. Si

what is a good online dating headline
28 year old woman dating 40 year old man
https://moien.lu/what-are-the-most-expensive-dating-sites/

Weltwäite Chaos – Jugend geréit a Panik: Facebook war stonnelaang offline

Wéinst engem (oder méi) Problem(er) hate vill Leit gëschter Mëtteg

Schrecklech: Wirtschaftsattentat op déi Lëtzebuerger Autosbranche
https://moien.lu/what-are-the-most-expensive-dating-sites/

Schrecklech: Wirtschaftsattentat op déi Lëtzebuerger Autosbranche

Wann et richteg ass datt de Januar fir eis Autoshändler

Gëtt eis Sprooch fir de Wahlkampf op d’Säit geluecht?

Et goufe scho vill Punkten ugepaakt

Gëtt eis Sprooch fir de Wahlkampf op d’Säit geluecht?

Dës Thees stellen op mannst d’Piraten an engem Communiqué op. Si gräifen domat d’Debatt an der Chamber zum Gesetzesprojet 7231 zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch op. An hiren A géingen nëmmen 3 vun 20 Mesuren, déi am Joer 2017 versprach gi sinn, erfëllt ginn.

Kritiséiert gëtt, datt mat den dräi “Posten” vum Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch an dem Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch nëmmen eng Symbolpolitik säitens der Regierung géif bedriwwe ginn. Mat wéi engem Zil? “[…] fir esou am Wahlkampf genee dat selwecht wéi 2017 ze verspriechen”, esou de President vun der Piratepartei, de Sven Clement, am Communiqué.

Wat gouf versprach, a wat gëtt wéi ëmgesat?

Tatsächlech gouf am Strategiepabeier zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch villes versprach. Do waren net nëmmen 20, mee ganzer 40 Punkten ze fannen. Ënnert deenen sinn och zwee vun deenen Institutiounen ze fannen, déi am Gesetzestext geschaf ginn. Interessanterweis gouf do d’Schafung vun engem Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch net explizit als Punkt geholl – villäicht, well dëse scho bestanen huet.

Direkt am Gesetzestext kann ee gläich d’Ëmsetzung vu sechs Punkte gesinn: D’Asetze vum Plan d’Action an d’Evaluatioun vun dësem (Punkt 1), en nationale Präis fir d’Verdéngschter ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch (Punkt 39), Schafung vum Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch (Punkt 2), d’Schafung vum Zentrum fir d’Lëtzebuergescht  (Punkt 3),  Publikatioun vun den Orthographiereegelen duerch dësen Zentrum (Punkt 9) an Handhabung vun Iwwersetzunge vun offiziellen Dokumenter a Kommunikatiounen duerch den Zentrum (Punkt 7).

Net am Gesetz ze fannen, awer op mannst deelweis ëmgesat oder ugaange si folgend Punkten:

Punkt 36: Ëffentlechkeetscampagne fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Orthographie (um Beispill vu schreiwen.lu)

Punkt 4: Verankerung an der Verfassung ass duerch d’Propositioun vum Artikel 4 vun der Verfaassungsrevisioun an der Maach.

Punkt 5: Verankerung op EU-Niveau. D’Generalsekretatiar vun der EU ass laut Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) informell doriwwer opgekläert ginn. Et géing een awer nach d’Schafung vun den Infrastrukturen vum Gesetzesprojet 7231 waarden.

Punkt 8: LOD Webportal besteet a soll weider ausgebaut ginn.

Punkt 10: Helpline existéiert bei LOD.

Punkt 29: congé linguistique existéiert schonn.

Aner Aspekter, déi beispillsweis d’Educatioun touchéieren an och e groussen Deel vum Punktekatalog ausmaachen, sinn net an dësem Gesetz enthalen.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel