Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Simpsons hier Vue op 100 Deeg Donald Trump
Neiegkeeten

De Simpsons hier Vue op 100 Deeg Donald Trump

WEIDER ARTIKEL ZUM THEMADen Andy Serkis hëlt dat Bescht aus

Britescht Parlament validéiert Brexit-Gesetz
Neiegkeeten

Britescht Parlament validéiert Brexit-Gesetz

Nodeems Ufank Januar am Ënnerhaus dem Brexit zougestëmmt huet dann

Viru 50 Joer: De Krich vu sechs Deeg
Neiegkeeten

Viru 50 Joer: De Krich vu sechs Deeg

No engem Joerzéngt vu relativem Fridden am Noen-Osten huet et

Wat fir Sprooche kann ee viru Geriicht benotzen?

Eng komplex Situatioun

Wat fir Sprooche kann ee viru Geriicht benotzen?

D’Sproochesituatioun ass e räichlech emotionellen Thema zu Lëtzebuerg. Dat stëmmt och, wann ee viru Geriicht steet. Kee Wonner also, datt bei enger Upassung vum Gesetz zum Affekoteberuff, Diskussiounen optauchen. Well do geet et och em d’sproochlech Kompetenzen.

Dobäi ass dëse Volet schonn säit 1991 gesetzlech gereegelt. Em et kuerz ze maachen: En Affekot hei am Land muss souwuel Däitsch als och Franséisch a Lëtzebuergesch beherrschen. Dobäi ginn et ënnerschiddlech Niveauen, jee no Sprooch:

Am Däitschen an am Lëtzebuergeschen ass den néidege Niveau op B2 vum gemeinsamen europäeschem Referenzkader am mëndleche Verstoen ugesat. Beim mëndlechen a schrëftlechem Ausdrock gëllt beim Däitschen de B1 a beim schrëftlechen Verstoen B2. Am Franséischen gëllen souwuel beim Verstoen a beim Ausdrock am geschriwwenen wéi och am Geschwaten den Niveau B2.

Eng kloer Ausnam

Et gouf allerdéngs eng Ausnam: Europäesch Affekoten, déi hei am Land aktiv wollte ginn, konnten dëst maachen, soulaang eng aner Sprooch wéi Franséisch beim Ausüben net noutwenneg gewiescht wier.

War et virdrun esou, datt esou een Affekot huet missen fir d’éischt op der Lëscht 4 ageschriwwe sinn, éier en eriwwer op d’Lëscht 1 ka kommen. Mat der Upassung, déi op Basis vun enger EU-Direktiv geschitt, kann den Affekot elo direkt op d’Lëscht 1 kommen.

Wat sproochlech Kapassitéiten vun den Affekoten ugeet, sou ginn Tester organiséiert. Den Uerder vun den Affekoten maachen déi net selwer, mee iwwerloossen déi onofhängegen an unerkannten Instituter.

Dës Informatiounen goufen vum Justizminister Felix Braz (déi gréng) an enger Äntwert op eng Question Parlementaire vum Fernand Kartheiser (adr) verëffentlecht.

Ähnlech Sujeten Geriicht, Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Sproochen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel