Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Keng Léift, déi iwwert alles geet
Neiegkeeten

Editorial: Keng Léift, déi iwwert alles geet

Op säi Land houfreg ze sinn ass kee Feeler. Mee

E Kollektivvertrag fir d‘Luxtram S.A. (kommentéiert)
Neiegkeeten

E Kollektivvertrag fir d‘Luxtram S.A. (kommentéiert)

No 3 Joer hunn sech déi Damen an Hären déi

AVL: Verstäerkung vun der Linn 26 ab dem 13. Januar 2020
Neiegkeeten

AVL: Verstäerkung vun der Linn 26 ab dem 13. Januar 2020

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt d’Linn 26 (Steesel, Kennedy –

Den INL ass geschwënn nees an den eegene Maueren

Den INL ass geschwënn nees an den eegene Maueren

Gutt Nouvelle gëtt et vum Lëtzebuerger Sproocheninstitut (INL). Deen ass jo bekanntlech zanter dräi Joer an engem Provisorium um Kierchbierg ënnerkomm. Dat hat allerdéngs e gudde Grond: dat „aalt Gemaier“ um Glacis ass integral renovéiert, mee d‘Coursen hu jo misse weidergoen.

An elo ass dann och esouwäit, d‘Aarbechte kommen op en Enn an et kann een et kaum erwaarden nees déi eege Maueren ze integréieren. Et gëtt elo awer näischt iwwerstierzt, an d‘Geplënners gëtt dann och mat Rou a Beduecht an dräi Phasen ofgewéckelt. Lass geet et den 19. Februar.

Ab dem 19. Februar ginn déi lëtzebuergesch Sproochecoursen, déi et bis heihinner um Kierchbierg ginn huet, dann erëm am INL um Glacis ofgehalen. An der Woch vum 4. Abrëll plënnert d‘Administratioun an den technesche Service, och vum Kierchbierg op de Glacis.

Vum 17. Abrëll un, also no der Ouschtervakanz, gehéiert de Provisorium um Kierchbierg der Vergaangenheet un. All d‘Sproochentester, déi néideg sinn fir national an international Zertifikatiounen ze erhalen, ginn dann och um Glacis organiséiert, mat enger Ausnam: déi mëndlech Prüfung gëtt och weiderhin nach an der Europa-Schoul zu Mamer ofgehalen.

Erënnere mer nach kuerz drun, datt sech fir den 2. Semester, iwwer 6.000 Leit fir ee vun de 400 Sproochecourse ugemellt hunn. Déi ginn ugebueden: am INL um Glacis (bis zur Ouschtervakanz och nach um Kierchbierg), dem Lycée Aline Mayrisch, dem INL zu Miersch an dem INL um Belval (Esch Uelzecht).

Foto: (Archivbild aus dem November) Et war villes ze dinn um Glacis, an elo kann et endlech lassgoen. Et dierft kaum ee ginn deen dem Provisorium vum Kierchbierg eng Tréin wäert nogeheien. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Glacis, INL, Sproochen, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel