Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stad Lëtzebuerg: Déi lénk gesinn de Budget kritesch
Cool Meenung

Stad Lëtzebuerg: Déi lénk gesinn de Budget kritesch

Nach virun der Debatt am Stater Gemengerot, hunn déi lénk

D’ADR-Fraen zéie Bilan
Cool Meenung

D’ADR-Fraen zéie Bilan

Fënnef Joer Gambia ginn op en Enn. Fënnef Joer, an deene

Kaffi an Croissant mam Stater Schäfferot
Cool Meenung

Kaffi an Croissant mam Stater Schäfferot

Um „City Breakfast“ mat der Mme Polfer (DP), dem Sam

cool

Sproochepolitik ka keng kuerzfristeg Ugeleeënheet sinn

E Kommentar

Sproochepolitik ka keng kuerzfristeg Ugeleeënheet sinn

Nodeems een Avis nom aneren zum Gesetz zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch era kënnt, desto klorer gëtt de Konsens. D’Gesetz ass gutt, mee awer och net. E Mangel u Kloerheet ass wuel déi verbreetste Kritik. Mee elo gëtt och den Aktiounsplang, deen op 20 Joer ugeluecht ass, méi an d’Kritik geholl. Well 20 Joer, dat sinn der ze vill, an do hätt de Kommissär nawell vill Zäit, fir dës 20 Joer mat eppes ze fëllen.

Kloer ass, datt Sproochepolitik keng kuerzfristeg Ugeleeënheet ka sinn. Si braucht Zäit, fir sech ze entwéckelen an ze entfalen. An där Logik sti wahrscheinlech déi ugesaten 20 Joer. Et ass en Zeechen, datt een laangfristeg handele wëll. An awer gëtt een den Androck net lass, datt e Plang mat méi Etappe méi Sënn maache géing.

Lëtzebuergesch an och d’Lëtzebuergesch Kultur kéint een op ville Plaze méi integréieren

Et kéint ee sech kloer Ziler, déi an engem kloren Zäitraum erreecht kéinte ginn, setzen. Wéi zum Beispill Lëtzebuergesch an eise Schoulen ze stäerken, an deem een et méi als Sproochecours integréiert. Sécherlech sinn déi ugestriefte optional Fächer eng gutt Saach – ma si sinn nëmmen optional. Lëtzebuergesch Kultur stäerken, andeems een eis Literatur och an den anere Sproochen beliicht. E klore Virdeel vun der Méisproochegkeet läit och doranner, datt eis Literatur a ville Sproochen ënnerwee ass.

Wou mer beim Stäerke vu Sprooche sinn, wier et och erëm wichteg, gewëssen Aspekter ze ënnersträichen. Dëst, well se gären an der Diskussioun vergiess ginn. Wa mer eng Sprooch stäerken, däerf dat net op d‘Käschten vun anere Sprooche geschéien. A wa mer eis nei Institutioune ginn – wéi dëst am Gesetz och virgesinn ass – da wier et schéin, wa sech déi net dauernd géigesäiteg missten op d‘Féiss trëppelen.

Et ginn awer nach aner Ureizer, déi ee stäerke kéint. Ech hu schonn ëmmer vermësst, datt Lëtzebuergesch an eisen Dageszeitungen éischter rar geséint ass. Do géing et bestëmmt déi eng oder aner Méiglechkeet ginn, vir Ureizer ze schafen. Ouni dobäi an d‘Fräiheet vun der Press anzegräife, versteet sech. Et ass nëmmen ee vu ville Punkten, wou een usetze kéint.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel