Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut ass den Dag vun der Gittar
Cool Meenung

What the Fakt – Haut ass den Dag vun der Gittar

Frënn vum elektresche sechsäitegen Zupfinstrument a vun der verstäerkter Gittar,

coollove
Bojack Horseman ass depriméierend, an dat ass gutt esou
Cool Meenung

Bojack Horseman ass depriméierend, an dat ass gutt esou

Et dierft een um Animatiounsmaart wuel kaum eng esou komesch

Eng Stad fir se alleguerten an de Mee a senge schéinste Faarwen
Cool Meenung

Eng Stad fir se alleguerten an de Mee a senge schéinste Faarwen

Ënnert dem Slogan „Une ville pour tous“ huet de Schäffen

cool

Eng komplex Sproochesituatioun bréngt grouss Erausfuerderunge mat sech

E Kommentar

Eng komplex Sproochesituatioun bréngt grouss Erausfuerderunge mat sech

Villes, wat ee gëschter bei der Presentatioun vun der Etüd zur Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg ze héiere krut, konnt een sech erwaarden. Mee et hunn sech awer e puer Iwwerraschunge kënnen eraschläichen. Si brénge Froe mat sech, wéi een an Zukunft soll mat der Sproochesituatioun hei am Land sollt ëmgoen. Froen, déi net onbedéngt einfach Äntwerten hunn.

Do wier zum engen dat Englescht. Datt Englesch hei am Land relativ staark present ass, ergëtt sech vum selwen. D’Globaliséierung an och d’Digitaliséierung droen dozou bäi, datt dës Sprooch et liicht huet, sech staark ze verbreeden. Datt et déi zweet heefegst Sprooch am Land ass – nach virum Däitschen an Lëtzebuergeschen – ass bemierkenswäert. Zwar wäert d’Zuel vun den englesche Mammesproochler iwwerschaubar sinn, an awer weist et, wéi gutt sech des Sprooch hei am Land etabléiert huet. Et muss een sech froen, op hei net en ënnerschat Potenzial lauert, wat een notze kéint, fir eng zousätzlech gesellschaftlech Kohäsioun ze schafen.

Als Schrëftsprooch kéint dat Lëtzebuergescht nach vill gewannen

Gläichzäiteg schéngt et gutt ëm dat Lëtzebuergescht ze stoen. Et ass eng staark verbreete Sprooch, si gëtt vun enger Majoritéit vun de Leit am Alldag genotzt. Iwwerraschend ass hei, datt se als Schrëftsprooch och am Beruffsliewen staark present ass. An och eng Majoritéit vun de Leit begräift se net nëmmen als geschwate Sprooch, mee och als eng Schrëftsprooch. Dëst ass a mengen An e Signal, datt een dës Sprooch an dësem Volet nach mi staark ënnerstëtze kéint. Wann de Minister Claude Meisch haart doriwwer nodenkt, wéi een dat beispillsweis an der Schoul maache kéint, dann ass dat ze begréissen. E mi staarke schrëftlechen Asaz vum Lëtzebuergeschen géift d’Sprooch als Ganzt immens stäerken.

Et dierf een dobäi net déi nei Medien aus den A verléieren. Och wann d’Politik an eise Schoulsystem gefuerdert ginn, grad esou wéi d’Gesellschaft selwer, esou hunn di nei Kommunikatiounsmedie vill fir d’Lëtzebuergesch geleescht. Et ass da wuel och dat, wat dem Engleschen zu enger esou dominanter Plaz verhollef huet: Jonk Leit, déi beispillsweis op sozial Netzwierker zeréck gräifen, wäerte wahrscheinlech op eng Mëschung vun den dräi offizielle Sproochen, an enger véierter, zeréckgräifen. Déi véiert wäert do oft genuch dat Englescht sinn, suergt se fir déi gréisste Reechwäit an dësen Netzwierker.

Et wier wichteg an interessant, eng Kéier ze ënnersiche, wéi eng Sprooche wéi zu Lëtzebuerg an de sozialen Netzwierker genotzt ginn. Hei wier et dann och interessant, ze gesinn, wéi wäit d’Rechtschreiwung iwwerhaapt schonn eng Beuechtung fënnt, a wou een nach nobessere kéint, fir dës ënnert d’Leit ze bréngen. Éischt Initiativen, wéi schreiwen.lu, sinn do op alle Fall begréissenswäert. Et däerf een sech iwwert weider Initiative froen, well och dat huet d’Etüd gewisen: Si komme gutt un. An dat ass dach schonn emol keng schlecht Saach.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Méisproochegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel