Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Café Shabandar: de Mekka fir déi irakesch Intellektuell zanter engem Joerhonnert
Meenung Neiegkeeten

hook up webster

Am Häerze vun der Allee vun de Stroossenhändler zu Bagdad,

free dating websites in toronto
Bezuelen „ouni Kontakt“ ass „hipp“
Meenung Neiegkeeten

Bezuelen „ouni Kontakt“ ass „hipp“

Laut enger Etüd vu Mastercard, ginn hei zu Lëtzebuerg 37%

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch fir dës 18 Froe richteg ze beäntweren?
Meenung Neiegkeeten

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch fir dës 18 Froe richteg ze beäntweren?

Wéi all Freiden presentéiere mer och dës Kéier eisen neien

Editorial: Wéi ass et mat de Sproochkenntnesser am Primaire

Editorial: Wéi ass et mat de Sproochkenntnesser am Primaire

An déck engem Mount geet d‘Schoul nees un, a wéi all Joer dierft et och bei der Rentrée 2019/20 nees vill nei Schüler ginn, där hir Mammesprooch net lëtzebuergesch ass a sech wäerte schwéier doen, hir Plaz an der Mëtt vu der Schüler-Communautéit ze fannen. An et werft jo och eng ganz Rei Froen op. Esou ob et iwwerhaapt Sënn mécht Kanner déi d‘Sprooch kaum bis guer net beherrschen an den normalen Unterrecht ze integréieren.

Et gëtt zu Lëtzebuerg zwar vill an deels ganz gutt Mesuren, déi dem Sproochendefizit begéinen, mee wéi Ziilféierend dës sinn, dozou gëtt et den Ament keng valabel Analys. Geséchert ass, datt d‘Klassen déi méi esou Schüler hunn, mam Programm net esou virukommen, wéi dat eigentlech geduecht ass. D‘Defiziter vun e puer Eenzelen hätt deemno et ausschlaggebenden Impakt op déi Gesamtleeschtung vum Grupp, wat fir Onmutt suergt.

Onmutt, dee sech bei ville besuergten Eltere breet mécht, déi souwisou dem Claude Meisch a senger Bildungspolitik wéineg Vertrauen a kaum Versteesdemech entgéintbréngen. Onmutt awer och beim Léierpersonal, dat sech scho bal genéidegt fillt e Friemsproochestudium op sech ze huelen, fir nach mat de Kanner kommunizéieren ze kënnen. A schliisslech och Onmutt bei den Elteren an de Kanner selwer…

Dat alles misst an dierft net sinn. Zudeem ass ee sech zumindest ënnert de Fachleit eens, datt eng normal „Aschoulung“ de beschte Wee ass, eng méiglechst séier Integratioun erbäizeféieren. Déi ginn allerdéngs och dovunner aus, datt d‘Schoul déi Plaz wier, wou et Fachpersonal géif ginn dat dofir ausgebilt ginn ass de Kanner genee „dat“ bäizebréngen. Hei dierf bemierkt ginn, datt een an de Grondschoul jo emol liesen a schreiwe léiert.

An dat ass deen anere Problem zu Lëtzebuerg, wou zwar franséisch déi „Haapt“ Verkéierssprooch bei den Administratiounen ass, een awer op däitsch „liesen a schreiwe“ léiert, dat franséischt kënnt dann eppes méi drun, an iergendwann och dat lëtzebuergescht. Woubäi d‘Landessprooch net seelen „lénks leie gelooss gëtt“. Dat mécht den Unterrecht net méi einfach, an et gëtt sech d‘Fro gestallt ob hei net déi falsch Richtung ageschloe gouf.

Iwwerhaapt stellt mat Aféierung vun engem Sproochegesetz, de Fërderung vun de Mammesprooch an dem groussen Zousproch deen déi Lëtzebuerger Sproochecoursen hunn d‘Fro, firwat een am éischten an am zweete Schouljoer de Programm net kann op lëtzebuergesch gestalten. Grad wann d‘Butzen „liesen a schreiwe“ kéint de Gebrauch vun der Landessprooch de Kanner, déi vun Haus aus net eis Sprooch schwätzen, zolidd hëllefen.

Et brauch an dësem Kontext och eppes méi Personal. Do wou Kanner sinn, déi iwwerhaapt emol mussen un d‘Sprooch erugefouert ginn, kann de „klasseschen“ Enseignant wéineg ausriichten, zumindest wann hir senger Missioun – déi ganz Klass ze ënnerriichten – sollt gerecht ginn. Hei ass de Problem, datt sech op de klengsten Nenner verstännegt gëtt, den Niveau also entspriechend no ënne muss ugepasst ginn, wat keng Léisung ass.

Dat ganzt ass awer och e gesamtgesellschaftleche Problem, eng Erausfuerderung fir déi sozial Kohäsioun am Land. Frankophon an engleschsproocheg Schoule gëtt et schonn, lusitanescher sollt et och ginn, esou zumindest d‘Fuerderung vun enger Rei Awunner. U sech, bei engem Undeel vu ronn 50% Menage mat „Migratiounshannergrond“ net verkéiert, der Landessprooch selwer hëlleft et awer net sech an der Gesellschaft duerchzesetzen.

Illustratioun: Gerd Altmann/Pixabay

Ähnlech Sujeten Actioun Lëtzebuergesch, Fundamentalunterrecht, Primärschoul, Sproochkenntnesser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel