Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eppes Würd fir de leschte Wee wier net vu Muttwëll
International Neiegkeeten

Eppes Würd fir de leschte Wee wier net vu Muttwëll

Alles, vun der Regierung iwwert d‘Medie bis hinn zu de

Alters- a Fleegeheemer: Visitte sollen aluedend an agreabel sinn
International Neiegkeeten

Alters- a Fleegeheemer: Visitte sollen aluedend an agreabel sinn

Vum Deconfinement kënne mëttlerweil och d’Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer,

Innovatioun, Entwécklung a Fuerschung geet eis alleguerten eppes un
International Neiegkeeten

Innovatioun, Entwécklung a Fuerschung geet eis alleguerten eppes un

Um Dënschdeg Virmëtteg huet e gutt gefëllte Konferenzsall an der

Déi spuenesch Konservativ hunn e neie Leader

Déi spuenesch Konservativ hunn e neie Leader

Nodeems de konservative „Partido Popular“ (PP) sech eng Renommée gemaach hat, well seng Mandataire der Meenung waren dat Korruptioun duerchaus gesellschaftsfäeg ass – firwat elo ee puer vun hire Mandatsdréier am Prisong sëtzen an de Mariano Rajoy mat engem Mësstrauensvott an déi politesch Wüst geschéckt gouf – ass elo e neie Parteichef gewielt ginn.

Dee neien heescht Pablo Casado, an deen huet sech virgeholl d‘Partei nees zesummenzeféieren, an hir e neit Vertrauen „anhauchen“. A senger Ried um ausseruerdentleche Parteidag zu Madrid, huet de Pablo Casado de Militanten opgedroen:

„Et gëtt kee Grond virun engem Debat Angscht ze hunn, virun der Fräiheet net, an och net virun ärer Ofstëmmung. (…) Hutt keng Angscht ze weise wat eise Projet ass – mat propperen Hänn, eidelen Täschen, engem klore Geescht an engem Häerz dat a Spuenien verléift ass“.

Jonk, dynamesch…

Wann de Pablo Casado an de Medien als „onverbraucht neit Gesiicht“ beschriwwe gëtt, esou ass dat net ganz richteg. Et stëmmt wuel, datt de 37 järegen äerzkonservative Politiker als Senkrechtsstarter am Partido Popular muss betruecht ginn, mee hie sëtzt schonn zanter 2011 am Parlament. Et sollt een och berécksiichtegen, datt hie fir d‘Ëffentlechkeetsaarbecht matverantwortlech war.

Ob hien eng Partei, déi 14 Joer laang vum Mariano Rajoy geleet ginn ass, nees „op Kurs“ brénge kann? Ëmmerhin huet de Partido Popular schwéier u senge Verfeelungen ze droen. De Gros vun der Parteispëtzt huet sech a Korruptiounsaffäre verfaangen, an de „Chef“ huet als Ministerpresident missen zrécktrieden. Iert nei ugefaange gëtt, muss zolidd an den eegene Reie geraumt ginn.

Et kann nëmmen ee Spuenien ginn

An datt déi äerzkonservativ Vollekspartei e neien Ufank brauch, datt hatt och dem Pablo Casado seng Rivalin, Soraya Saenz de Santamaría (déi 46 Joer jonk Juristin war Vizepresidentin vun der Rajoy-Regierung an zoustänneg fir déi territorial Administratiounen) verdäitlecht. Um Parteidag huet déi Fra, där een ënnerstelle muss vun allem gewosst ze hunn, sech selwer helleg gesprach an zur Eenheet vu Spuenien opgeruff.

Leader

D‘Soraya Saenz de Santamaría, déi als Géigekandidatin de gemässegte Fligel vum Partido Popular soll representéieren, war Vizepresidentin vun der Rajoy-Regierung. Och si wollt näischt vun der Korruptioun an der Partei matkritt hunn. © Pierre-Philippe Marcou/AFP

„Ech wëll eng grouss Partei. Eng, déi sech permanent erneiert, well se wiisst. Eng Partei an déi mir all erapassen, an där jiddereen – ausser de Korrupten – seng Plaz huet“. Si konnt sech dann um Enn awer net duerchsetzen… D‘Soraya Saenz de Santamaría gëtt als „gemässegt“ bezeechent, de Pablo Casado dogéint als konservativen Hardliner.

Als fréiere „Vertrauten“ vum José Maria Aznar, huet de Pablo Casado sech bei familljepoliteschen Themen ervirgedoen, a gëllt als „erkläerte“ Géigner vun der Ofdreiwung. Hien huet um Parteidag dann och kloer gemaach, datt hien de Kampf géint déi katalanesch Separatiste wäert weiderféieren an fir d‘Eenheet vu Spuenien antriede wëll.

Hellegspriechung fir de Mariano Rajoy

Beim ausseruerdentleche Parteidag huet de verjote Ministerpresident, Mariano Rajoy, senge Parteifrënn „Äddi“ gesot. Hei huet d‘Parlamentspresidentin Ana Pastor dee Mann, dee vu näischt eppes wëll gewosst hunn, bis zu Tréine geréiert: „Ech wëll der soen, du waars net nëmmen e grousse Regierungschef, mee och dee beschten dee mir jee haten“.

Leader

De Mariano Rajoy stoung 14 Joer un der Spëtzt vum konservative Partido Popular. Hie geet elo vum Pablo Casado ofgeléist an dréit der Politik de Réck zou. Och hien huet vun der Korruptioun an den eegene Reien näischt gewosst oder matkritt. © Pierre-Philippe Marcou/AFP

Eng gewoten Ausso, wann ee sech de Kontext vu sengem „Mësstrauensvott“ nach emol virun Ae féiert. Mee d‘Ana Pastor ass selbstbewosst an huet nëmme luef fir d‘Aart a Weis, wéi de Mariano Rajoy sech vun der Politik „getrennt“ huet: „Ouni op Tromm ze schloen, mat der Eleganz déi dech auszeechent an déi an der haideger Welt nëmmen nach seelen unzetreffen ass, wou Eitelkeet an Narzissmus déi beherrschend Eegenschaft vu muench engem Politiker ass“.

Eng Randbemierkung

Interessant, well och dem Pablo Casado soll Eitelkeet net friem sinn. A sengem Liewenslaf bretzt hie sech mat enger helle Wull un Universitéitsofschlëss, dorënner ee vun der US-Eliteuniversitéit Harvard.

Dobäi ass gewosst, datt hie fir säi „Master“ vun enger Privat-Universitéit zu Madrid, weder un enger Virliesung deel geholl, nach en Examen ofgeluecht huet. Wat Harvard betrëfft, esou soll et sech ëm e véierdeegege Summerseminaire vun der Universitéit Madrid gehandelt hunn. Net méi, an net manner…

mat AFP

Foto: De Pablo Casado ass um ausseruerdentleche Parteidag vum Partido Popular, zum neie Leader vun der äerzkonservativer Partei gewielt ginn. Hie gëllt als Hardliner, an huet versprach de Kampf géint déi katalanesch Separatiste weiderzeféieren. © Pierre-Philippe Marcou/AFP

Ähnlech Sujeten Mariano Rajoy, Pablo Casado, Partido Popular, Soraya Saenz de Santamaría, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel