Search

You may also like

Oppene Bréif: Ech sinn d’Meedchen am Fall Kiesch
Business Neiegkeeten

Oppene Bréif: Ech sinn d’Meedchen am Fall Kiesch

All Geschicht huet méi ewéi eng Säit, an am Fall

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)
Business Neiegkeeten

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)

Fir de fréieren Député-Maire vun Déifferdeng waren déi lescht puer

Demokratesch Partei: an der Gemengen-Offensiv
Business Neiegkeeten

Demokratesch Partei: an der Gemengen-Offensiv

De Gemengewahlkampf mécht den Optakt fir dräi Joer Wahlkampf um

Kleedergeschäft „Zara“ verléisst d‘Groussgaass

Kleedergeschäft „Zara“ verléisst d‘Groussgaass

De spuenesche Grupp „Inditex“ – mat ee vun de gréissten Distributeure weltwäit – zu där d‘Enseigne „Zara“ gehéiert, huet decidéiert seng Aktivitéiten an der Groussgaass anzestellen. Offiziell wier et aus Plazgrënn, esou de Proprietaire vun de Maueren, d‘Entreprise Felix Giorgetti.

Eng wichteg Stellungnam, nodeems Zara annoncéiert hat, d‘Diere vu senger Filial an der Groussgaass (Uewerstad) zum 30. Juni 2021 zouzemaachen. Säitens dem Proprietaire gëtt confirméiert, datt zwar iwwert de Loyer verhandelt gi wier, deen awer net ausschlaggebend gewiescht wier.

Laut der Entreprise Felix Giorgetti, géif de spuenesche Konzern „nei Konzepter“ entwéckelen. D‘Verkafsfläch vum Stater Standuert geet sech dofir awer net méi op, firwat ee sech géif nei orientéieren. De Bau-Entrepreneur ass sech dann och elo bewosst, datt et net dierft einfach ginn, Interessente fir dës Raimlechkeeten ze fannen.

Wou an ob iwwerhaapt eng nei Filial vun Zara entstoe soll, dozou gëtt et säitens dem Grupp keng Informatiounen. Eng Reaktioun zu dëser Schléissung ass säitens dem Stater Schäfferot ausbliwwen, erfreet sinn dierft awer och dësen net. Zoue Geschäfter si Gëft fir den Handelszenter deen d‘Uewerstad representéiert.

Illustratioun: © Silviu Beniamin Tofan / unsplash

Related topics Felix Giorgetti, Fermeture, Groussgaass, Inditex, Stad Lëtzebuerg, Uewerstad, Zara
Next post Previous post