Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Krautmaart: Haut ginn déi vereedegt, déi dir gewielt hutt
https://moien.lu/dating-painting-canvas/ https://moien.lu/dating-website-in-swaziland/

i'm not a hookup girl

D‘Chamberwahle leien hannert eis, d‘Koalitiounsgespréicher komme virun an esou lues

https://moien.lu/safety-dating-services/
https://moien.lu/dating-painting-canvas/ https://moien.lu/dating-website-in-swaziland/

Wéi steet ëm d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra?

D‘Ministesch fir Chancëgläichheet, Lydia Mutsch (LSAP) huet kierzlech de Bilan

surprise
2030: Paräis eng grouss Foussgängerzon?
https://moien.lu/dating-painting-canvas/ https://moien.lu/dating-website-in-swaziland/

2030: Paräis eng grouss Foussgängerzon?

De perséinlechen Auto, „dat ass net méi de Schema vun

Spuenien: d’Entmuechtung vun der katalanescher Regierung

Spuenien: d’Entmuechtung vun der katalanescher Regierung

Déi spuenesch Regierung huet rabiat Moossname geholl fir ze verhënneren datt Katalounien sech ofspléckt. Madrid huet also entscheet d’Regierung vum Carles Puidgemont ze entmuechten. Vu Barcelona koum d’Äntwert prompt: et wier dat dee schlëmmsten Ugrëff säit der Franco-Diktatur.

An dem Mariano Rajoy seng „Message“ ass dann och a Katalounien ukomm. Nach am Nomëtteg hunn sech 450.000 Mënschen zu Barcelona zesummefonnt an op e neits d’Onofhängegkeet gefuerdert. Wéi vun der Police matgedeelt gouf, eng friddlech Manifestatioun, ouni Gewalt a Vandalismus.

Un der Spëtzt vum Cortège, de Carles Puidgemont. Hien huet nach um Owend op der Tëlee d’Regierung zu Madrid beschëllegt „de schlëmmsten Ugrëff op d’Institutiounen an d’Bevëlkerung vu Katalounien duerchzesetze säit den Dekreter vum Militär-Diktator Francisco Franco“.

Op englesch huet de Puidgemont den Europäer verséchert, datt déi europäesch Wäerter a Gefor wieren. D’Spuenier huet gewarnt, datt no esou Mesuren, wann se dann effektiv ëmgesat ginn, nach weidere Mëssbrauch vun der Muecht ze erwaarden ass.

Einfach d’Regierung ofsetzen

Kuerz viru Mëtteg hat de konservative Regierungschef den Artikel 155 vun der Verfassung opgeruff, an de Senat gebueden him d’Méiglechkeet ze ginn, déi katalanesch Regierung opzeléisen, an esou bis spéitstens a sechs Méint Neiwahlen auszeruffen.

Spuenien

De spuenesche Premierminister Mariano Rajoy huet bei enger Pressekonferenz seng Mesure verdeedegt. Hien a seng Regierung hätte keng aner Wiel gehat wéi den Artikel 155 aus der Verfassung unzewennen. © Gabriel Bouys/AFP

De Mariano Rajoy wëll esou och d’Regierung vu Katalounien vu senge Funktiounen enthiewen, déi da vu nationale Minister während der Iwwergangszäit ausgefouert solle ginn. „Weder d’Autonomie nach d’autonom Gouvernance sinn opgehuewen“, ënnersträicht de Staatschef.

Eng Ausso déi d’Katalane soll berouegen, zemools wou gewosst ass, datt si hir, no der Franco-Diktatur zréckgewonnen Autonomie, net gewëllt sinn opzeginn. Wéi dat da soll goen, wou ersiichtlech ass, datt Madrid déi ganz Administratioun wëll iwwerhuelen, vun der Police iwwer de Radio bis hin zur Tëlee.

E Parlament ënner Tutelle

Datt d’Regierung aus senge Funktiounen entlooss gëtt ass eng Saach, et ass eng aner e Parlament ënner Tutelle ze stellen, An d’Presidentin vum regionale Parlament, d’Carme Forcadell schwätzt dann hei och vun engem Putsch. De Carles Puidgemont huet sengersäits eng „Plenière“ aberuff, fir datt d’Deputéiert iwwert d’Äntwerten zu de Mesurë kënnen entscheeden.

Nach um Donneschdeg, hat de Puidgemont gedréit d’Regionalparlament ze convoquéieren, falls d’Regierung den Artikel 155 géif ausléisen. Hien awer och uecht gedoen, a senger Ried net eng Kéier d’Wuert „Onofhängegkeet“ ze benotzen.

An d’Moossnamen déi vun der Regierung zu Madrid gefuerdert sinn, misste bis den 27. Oktober am Senat ugeholl ginn. Eng Iwwerraschung ass net ze erwaarden, well d’Partei vum Rajoy huet hei mat Ciudadanos d’Majoritéit a gëtt och vun de Sozialisten an dësem Fall ënnerstëtzt.

Dat lescht Wuert ass nach net geschwat

Mat dëse Mesuren dierft sech Madrid bei de Katalane kaum Frënn maachen. Well och wann een a Katalounien gedeelter Meenung ass wat d’Onofhängegkeet betrëfft, esou ass een dann awer fir unzefänke Katalan an net bereet seng Autonomie hir ze ginn. Do ass dann och dat lescht Wuert nach net geschwat.

„Dat gëtt den totale Chaos, eleng scho wéinst de Méiglechkeeten déi d’Beamten hunn ‘Sabotage’ ze bedreiwen… Dat ganzt wäert dann ausgesinn, wéi eng kolonial Administratioun an d’Kämpfer fir d’Onofhängegkeet wäerten et als ‘Besatzung’ duerstellen“, esou d’Erklärung vum Oriol Bartomeus, Professer fir politesch Wëssenschaften op der autonomer Universitéit zu Barcelona.

Spuenien

Manifestante schwenken déi katalanesch „Estelada“ während eng grouss Majoritéit op hire Plakater d’Fräiloossung vum Jordi Sanchez an Jordi Cuixart, den zwee Separatiste-Leader, fuerdert. © Lluis Gene/AFP

An zu Barcelona huet d’Reaktioun op de Virstouss vu Madrid net laang op sech waarde gelooss. Honnertdausende Mënschen, déi ursprénglech fir d’Fräiloossung vun de Separatiste-Leader zesummekomme wollt, hunn sech der neier Lag ugepasst a mat: „Fräiheet“ an „Onofhängegkeet“ dem Rajoy geäntwert.

Sportleche Réckhalt

„Dat spuenescht Gefill ass verschwonnen. Déi katalanesch Bevëlkerung ass komplett vun de spueneschen Institutioune geléist“, betount de Ramon Millo, e Mecanicien vu 45 Joer, während d’Manifestanten den Helikopter vun der Police de Mëttelfanger entgéintgestreckt hunn.

Réckhalt fir d’Autonomie gëtt et och aus dem sportleche Beräich. Den FC-Barcelona huet matgedeelt „déi demokratesch Institutioune vu Katalounien wéi se vun de Bierger gewielt gi sinn“ ze ënnerstëtzen.

„Mir wëllen eis Ënnerstëtzung a Solidaritéit fir all betraffe Secteuren ausdrécken“, esou d’Deklaratioun vum Club-President Josep Maria Bartomeu viru senge „Socios“ (Supporter-Aktionären) déi och gedeelter Meenung sinn wat d’Onofhängegkeet betrëfft.

mam Michaela Cancela-Kieffer an dem Marie Giffard/AFP

Foto: Eigentlech waren se komm fir d’Fräiloossung vum Jordi Sanchez an Jordi Cuixart ze fuerderen, mee no der Annonce vu Madrid d’Regionalregierung wëllen ze entmuechten, ass et ëm d’Fräiheet an d’Selbstbestëmmung gaangen. 450.000 Manifestanten hunn hir Meenung zu Barcelona op der Strooss ausgedréckt. © Lluis Gene/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Katalounien, Mariano Rajoy, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel