Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aktivdoheem.lu: Sportlech aktiv, och wärend der Coronakris!
International Neiegkeeten

Aktivdoheem.lu: Sportlech aktiv, och wärend der Coronakris!

Fir d’Ausbreedung vum Coronavirus Covid-19 op ee Maximum ze limitéiert,

Ee weideren NATURATA zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Ee weideren NATURATA zu Lëtzebuerg

Um 18. Oktober ass am Centre Orchimont den 10. Buttek

FLMP: Keng Wanderunge bis den 13. September 2020
International Neiegkeeten

FLMP: Keng Wanderunge bis den 13. September 2020

De Lëtzebuerger Wanderverband FLMP deelt mat, datt bis den 13.

Spuenien: International Haftbefeeler géint katalanesch Dissidenten zréckgezunn

Spuenien: International Haftbefeeler géint katalanesch Dissidenten zréckgezunn

De spuenesche Riichter, deen sech mat der Enquête zur versichter Sezessioun vu Katalounien aus dem leschten Oktober ausenanersetze muss, huet um Donneschdeg déi europäesch an international Haftbefeeler géint de fréiere katalanesche President Carles Puidgemont a 5 aner Independentisten déi sech an d‘Ausland ofgesat hunn, zréckgezunn.

Et kann sech nees „fräi“ beweegt ginn

Konkret bedeit dat, datt de Carles Puidgemont, deen sech aktuell an Däitschland ophält, an déi aner katalanesch Dissidenten, wouvunner der véier Membere vun der Exekutive waren (Toni Comín, Lluís Puig a Meritxell Serret déi am Exil an der Belsch liewen, mee och d‘Clara Ponsati, déi sech a Schottland ophält) sech nees dierfe fräi bewegen, ouni ze riskéiere verhaft an ausgewisen ze ginn.

Wat d‘Haftbefehler a Spuenien betrëfft, esou sinn déi net opgehuewe ginn, wat bedeit, datt déi genannte Persounen nach net „Heem“ fuere kënnen. De Réckzuch vun den Haftbefehler, gëtt mat der Entscheedung vun der däitscher Justiz an Zesummenhang bruecht. Hei hat d‘Geriicht sech der Ausweisung entgéintgestallt, et sief, et géif d‘Uklo wéinst Rebellioun ewech loossen.

Iwwerall, mee net a Spuenien…

Am Arrêt vum Jugement, deen en Donneschdeg ëffentlech gemaach ginn ass, huet de Riichter Pablo Larena sech enger Extraditioun verweigert, bei där de fréiere katalanesche President nëmme fir d‘Ënnerschloe vun ëffentleche Sue kéint a Spuenien viru Geriicht gestallt ginn. Wat d‘Prozedur ubelaangt, esou ass net gewosst wéi se soll weider gefouert ginn.

De Riichter Pablo Larena hat schonn am Dezember en éischten internationalen Haftbefehl géint déi geflüchten Dissidenten opgehuewen, dësen dann awer Enn Mäerz nees aktivéiert. „Wa mir dës nei Ukënnegung begréissen, esou musse mir an dësem Dossier virsiichteg bleiwen. Näischt ass wierklech Entscheet, bis déi Spuenesch Regierung eis Garantie gëtt, datt den Dossier zou ass“, esou d‘Reaktioun vum Aamer Anwar, den Affekot vum Clara Ponsati.

Wéi eng Roll an dësem Dossier den aktuelle President vun der Regioun Katalounien, Quim Torra, spille kann, ob hien do eventuell mam neie spuenesche Regierungschef, Pedro Sanchez, zu engem Accord ka kommen, an ob dat iwwerhaapt erwënscht ass, dat alles si Froen op déi et an de nächste Wochen hoffentlech Äntwerte gëtt.

Foto: Wéini de Carles Puidgemont (hei en Archivbild vun der Pressekonferenz zu Berlin de 15. Mee) nees a seng Heemecht zréck kann, elo wou den internationalen Haftbefehl opgehuewe ginn ass, steet nach an de Stären. Den Haftbefehl a Spuenien ass schliisslech nach gülteg. © Tobias Schwarz/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Haftbefeeler, Katalounien, Pablo Larena, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel