Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng landwirtschaftlech Entrevue mat villen Diskussiounsthemen
International Kultur funny dating app pick up lines

mormon hookup site

De Romain Schneider, Minister vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an

Nationale Commemoratiounsdag 2018
International Kultur funny dating app pick up lines

Nationale Commemoratiounsdag 2018

Den Nationale Commemoratiounsdag gëtt zënter 1946 alle Lëtzebuerger d’Geleeënheet, sech

Vincent Reding: Buergermeeschter vu Weiler-la-Tour
International Kultur funny dating app pick up lines

Vincent Reding: Buergermeeschter vu Weiler-la-Tour

Nodeems d‘Cécile Hemmen (LSAP) Enn Oktober d‘Handduch geworf hat –

Spuenien: Wa Konscht fir vill Opreegung suergt…

Spuenien: Wa Konscht fir vill Opreegung suergt…

Explizit sexuell Plastike suergen a Spuenien fir zolidd Gespréich, wou et dach eigentlech ëm d‘Konscht soll goen. Eng Fra déi sech selwer befriddegt, oder eng Koppel déi Sodomie bedreift: Skulpturen déi explizit sexuell Handlunge weisen, sinn aktuell op enger Mier-Promenade zu Valencia ausgestallt.

De 74 järege Kënschtler vu Valencia, Antoni Miró, dee gewinnt ass „Nuen“ auszestellen, huet d‘Kritik zréckgewisen. Hien huet notamment argumentéiert, datt schonn op de griichesche Vasen, laang virun eiser Zäit, Zeene mat erotesch an däitlech sexuellem Charakter, ze gesi waren. „Et ass e Retour zu eise Wuerzelen“, erkläert de Kënschtler der AFP an enger e-Mail. „Esou eppes muss een als Normal betruechten, et ass en Akt vu léift“.

Fir den Antoni Miro, sinn dës Skulpturen, déi 2007 realiséiert goufen, an dësem ëffentleche Raum genee op hirer Plaz „direkt géintiwwer dem Mëttelmier, de Bléck op Griicheland geriicht, d‘Wéi vun der Kultur“. Argumenter déi vu deem engen oder aneren esou net gedeelt ginn. An déi hu protestéiert, well si der Usiicht sinn, datt esou explizit erotesch a sexuell Wierker näischt op enger ëffentlecher Plaz, wéi d‘Marina, déi vu Familljen a Kanner besicht gëtt, verluer hunn.

Spuenien

© AFP

Et ass dann déi streng konservativ Vereenegung „Foro de la “Familia“ déi sech géint d‘Ausstellen am ëffentleche Raum, vun esou Zeenen – déi Masturbatiounen a Fellatiounen duerstellen, a wou et méiglech ass d‘Genitalien a ënnerschiddlech sexuell Praktiken ze gesinn – verwier. Si behaapt sech drop, datt d‘Ausstelle vun esou Plastike géint d‘Gesetz zum Schutz vu Mannerjärege verstéisst „an deem si ouni Virwarnung Zeenen ausgesat ginn, déi net hirem Alter ugepasst sinn“.

Interessant hei, déi Wierker déi aktuell op der Marina zu Valencia ausgestallt ginn, wieren nëmmen den Echantillon vun enger spéiderer Ausstellung, déi am neie Kulturzenter vun der Marina soll stattfannen. Esou eng Spriecherin vum ëffentleche Konsortium, deen d‘Gerance vun der Marina huet. Eng Marina déi weltberühmt ass, an wou och schonn déi groussaarteg international nautesch Kompetitioun „America‘s Cup“ Statioun gemaach huet.

De Vernissage vun der Ausstellung ass de 25. September, an déi soll bis den 30. Dezember lafen. Si fënnt statt ënnert der Presidence vun der „Generalitat y la Conselleria de Educación y Cultura“.

mat AFP

Foto: © AFP

Ähnlech Sujeten Antoni Miró, Konscht, Skulpturen, Spouenien, Valencia
Nächsten Artikel Virrechten Artikel