Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

72.Festival vu Cannes – Ee Selektiounsrekord fir Lëtzebuerg!
International Neiegkeeten

72.Festival vu Cannes – Ee Selektiounsrekord fir Lëtzebuerg!

Dëst Joer sinn et Lëtzebuerger Koproduktiounen, déi den audiovisuelle Secteur

De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus
International Neiegkeeten

De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus

Se hunn sech Zäit geholl zu Wolfsburg, iert se dem

What the Fakt – Den Abrëllsgeck a seng Geschicht
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den Abrëllsgeck a seng Geschicht

Besonnesch um éischten Dag vum Abrëll muss een immens virsiichteg

Spuenien: Madrid wëll de Streik vun den Taxichauffere briechen

Onkonventionell Methode kënnen zu onkonventionelle Reaktioune féieren

Spuenien: Madrid wëll de Streik vun den Taxichauffere briechen

Zanter engen zéng Deeg hunn es d‘Taxichauffere vu Madrid mat der Konkurrenz vun Uber a Konsorten esou sat, datt si streiken a mat hire Gefierer déi spuenesch Haaptstad quasi stëllgeluecht hunn. Statt enger politescher Léisung, hunn d‘Autoritéiten drastesch Moossnamen ergraff.

Firwat en deieren Taxi benotzen – dee Steieren, Sozialbeiträg a villes méi ze bezuelen huet – wann een sech gemitterlech fir klengt Geld bei engem „Transportvermëttler“ ka kutschéiere loossen? Ma well esou Servicer wéi Uber, Cabify an ähnlechen Apps, esouwuel de wirtschaftlechen, wéi och de soziale System a Fro stellen, wann net esouguer bedreeën. Säit dem 14. Januar, hunn sech déi zu Madrid operéierend Taxichaufferen organiséiert an sinn an de Streik agetrueden.

Madrid

D‘Taxichauffere vu Madrid hu sech net vun der Police provozéiere gelooss, wéi déi mat Kranen ugefaangen hunn, de Streik ze briechen. © FFD

Si verlaange vun der Lokalregierung net manner, wéi datt et endlech zu méi strengen Oplage fir dës „Operateure“ kënnt. Déi gesäit allerdéngs kee Grond, sech dëser „Konkurrenz“ eppes méi konkret unzehuelen, gëtt dofir awer eppes méi stramm géint d‘Taxichauffere vir. Wou en Dialog ubruecht wier, setzt d‘Lokalregierung d‘Police an. De José Manuel Rodriguez Uribes vun der Lokalregierung betount: „D‘Recht ze streiken, ass net Recht eng Stad ze blockéieren“.

An esou ass et um Méindeg zu enger spektakulärer „Raumaktioun“ op der „Paseo de la Castellana“ komm. Dosende Polizisten, ausstafféiert mat Helmer a Schutzschëlter si mat Kranen opgefuer, an hunn d‘Taxien einfach aus dem Verkéier „gehuewen“. D‘Chaufferen si glécklecherweis net op dës Provokatioun agaangen, an nodeems déi éischt Gefierer d‘Buedemhaftung verluer haten, hu sech déi aner Taxichauffere, ënner staarkem Getuuts mat hire Vehikel verfuusst.

Madrid

De Protest geet ënner verännerte Konditioune weider. © ERN

Firwat sech allerdéngs d‘Lokalregierung vu Madrid net u Barcelona orientéiert huet, wou leschten Donneschdeg de Streik vun den Taxichauffere beendegt konnt ginn, bleift onverständlech. An der katalanescher Haaptstad huet d‘Regionalregierung e Gesetz agefouert, mat deem d‘Gemenge eng Rei Virschrëfte fir Uber & Co ëmsetze kënnen. Dorënner zum Beispill de Fait, datt esou Faarten op mannst eng Stonn am viraus musse gebucht ginn.

Et sinn dann och net déi spuenesch Taxichaufferen eleng déi sech iwwert dëst US-Geschäftsmodell iergeren. Dat ass a ganz Europa esou de Fall. Eng iwwert e „Privatwon“ vermëttelt Faart kascht e Brochdeel vun där mam Taxi. Wéi et mat der Rechtssécherheet fir den transportéierte Client ausgesäit, op et iwwerhaapt eng fir de Persounentransport adaptéiert Versécherungsflicht bei dësem Service gëtt? Der Politik schéngt dat esou vun egal ze sinn…

mat indymedia/mad

Foto: © FFD (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Cabify, Madrid, Police, Spuenien, Streik, Taxi, Uber
Nächsten Artikel Virrechten Artikel