Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Viru 50 Joer: De Krich vu sechs Deeg
Business Money did prince harry dating camilla from love island

https://moien.lu/korean-celebrities-dating-westerners/

No engem Joerzéngt vu relativem Fridden am Noen-Osten huet et

Begeeschtert Senioren: Rammstein am Altersheim!
Business Money did prince harry dating camilla from love island

Begeeschtert Senioren: Rammstein am Altersheim!

Wien denkt, datt am Altersheim pur Langeweil herrscht, tëschenduerch vläicht

money
Op Schinnen an d‘Zukunft… mat der Eisebunn
Business Money did prince harry dating camilla from love island

Op Schinnen an d‘Zukunft… mat der Eisebunn

D‘Zäite vun der getrennter Virstellung, vum operativen Exercice an de

money

Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“

Grouss touristesch Campagne fir zitt d‘Massen op d‘Plëss

Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“
© Martine de Lagardère/moien.lu
Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“
© Martine de Lagardère/moien.lu
Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“
© Martine de Lagardère/moien.lu
Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“
© Martine de Lagardère/moien.lu
Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“
© Martine de Lagardère/moien.lu
Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“
© Martine de Lagardère/moien.lu
Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“
© Martine de Lagardère/moien.lu
Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“
© Martine de Lagardère/moien.lu
Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“
© Martine de Lagardère/moien.lu
Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“
© Martine de Lagardère/moien.lu
Spuenien, dat ass vill méi wei „Plage a Sonn“
© Martine de Lagardère/moien.lu

E Samschdeg huet Spuenien sech vu senger beschter Säit gewisen. Vill Regiounen, Entreprisen an och kulturell Verbänn haten sech d‘Plëss ugëeegent fir den interesséierte Bierger en anert Spuenien virzestellen. Esou konnt een d‘Spezifizitéite vun de Regiounen, d‘Gastronomie a villes méi kenne léieren. De „klenge Plus“: et gouf nieft Animatioun e sëlleche Gewënnspiller.

Schonn um Freideg hat den Direkter vum spueneschen Tourismusbüro zu Bréissel d‘Reesagencen agelueden, am Hotel Melia um Kierchbierg, am perséinleche Gespréich mat de Vertrieder vun den eenzele Regiounen iwwert déi verschidden Offeren an Opportunitéiten ze schwätzen. Hei dierf ee bedaueren dat – och wann et Freidegowend war – eis Reesbüroe wéineg Interessi gewisen hunn.

Spuenien

Luxair-Tours huet sech gären um „Spueneschen Dag“ bedeelegt. Mat 7 neien Destinatiounen, stécht och fir eis national Fluchgesellschaft neit Potential a Spuenien. A déi wësse wéi ee mat de gehuewenen Uspréch vun enger finanzstaarker Clientèle ëmgeet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Dobäi ass Spuenien eng vun de beléiftsten Destinatioune fir de Lëtzebuerger, an net nëmmen deem schéngt et do gutt ze gefalen. Mat 82,7 Milliounen Touristen d‘lescht Joer (an dat dierft och fir 2019 gülteg sinn) ass Spuenien eng vun de „groussen“ europäesche Vakanzendestinatiounen. Vakanz ass ee Wirtschaftsfacteur an d‘Tourismusbranche setzt ronn 90 Milliarden Euro/Joer ëm.

Nei Uspréch

De Rafael Chamorro Marin, Direkter vum spueneschen Tourismusbüro zu Bréissel, huet a senger Ried drop opmierksam gemaach, datt nach ëmmer vill ze vill Leit, eng Vakanz a Spuenien mat „Plage a Sonn“ verbannen. Et wier sécherlech en Atout, mee nach laang net alles wat dat Land mat sengen ënnerschiddleche Regiounen ze bidden huet, firwat et wichteg ass Opklärung ze bedreiwen.

Et soll een also animéiert ginn sech och am Land selwer ëmzekucken. Kulturell wéi geschichtlech, sportlech oder gastronomesch, d‘Offer ass immens uspriechend a soll elo och ervirgehuewe ginn. An datt bréngt eis zum eigentleche Punkt. No de villen Offeren am Segment vum Massentourismus, wëll d‘Tourismusbranche sech nees méi op dat wiesentlecht bezéien an d‘Qualitéit verbesseren.

Spuenien

Firwat d‘Reesagencen der Invitatioun net nokomm sinn, dat léisst sech net erklären. Et ass awer ugesiichts de grousse Méi déi investéiert gouf schued. An hei huet vill Informatives direkt vun der Quell ginn. Spuenien léisst sech net op „Plage a Sonn“ reduzéieren. Et ass ee Land mat Kultur, am geeschtleche wéi am gastronomesche Sënn. Et ass eng Destinatioun fir all Zort vu Sportler, ee Land wou d‘Mënschen d‘Häerz op der richteger Plaz hunn. © Martine de Lagardère/moien.lu

An esou wënscht sech de Rafael Chamorro Marin eng méi kosmopolitesch Clientèle. Net nëmmen datt déi bereet wieren eppes méi Geld auszeginn, si hunn aner Uspréch a Spuenien kann deene gerecht ginn. Et muss een d‘Informatioun just weiderleeden. Zil vun dëser Charmoffensiv ass et bis zu fënnef Milliounen nei „kosmopolitesch“ Cliente vu Spuenien als Destinatioun ze iwwerzeegen.

Virwëtzeg? Da kuckt emol op www.uniquespain.travel de Site ass op däitsch a kéint tatsächlech Begeeschterung ausléisen. A mat Luxair-Tours hätt ee jo och ee gudde Partner…

Foto: Kann esou ee laachen enttäuschen? Mir mengen net, a PortAventura World kann et wierklech mat Disney zu Paräis ophuelen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Nächsten Artikel Virrechten Artikel