Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kanner-Jugendtelefon: Fräiwëlleger gesicht!
International Neiegkeeten

Kanner-Jugendtelefon: Fräiwëlleger gesicht!

Fir eng nei Ausbildungsgrupp sicht de Kanner-Jugendtelefon elo no fräiwëllege

Rebellioun zu Schraasseg (ee Kommentar)
International Neiegkeeten

Rebellioun zu Schraasseg (ee Kommentar)

Säit fënnef Deeg si mir beméit vun den zoustännegen Instanzen

Trump setzt Mataarbechter vum ICC ënner Drock
International Neiegkeeten

Trump setzt Mataarbechter vum ICC ënner Drock

Wëll den internationale Geriichtshaff géint US-Zaldoten ermëttelt, deene Krichsverbriechen am

Fir d’Affer vun der Pandemie: Spuenien a Staatstrauer

Fir d’Affer vun der Pandemie: Spuenien a Staatstrauer

Mat enger Schweigeminutt a ganz Spuenien fänkt haut de Mëtteg um 12:00 Auer d’Staatstrauer vun 10 Deeg un, fir esou un d’Affer vun der Covid-19-Pandemie ze gedenken. Dobäi ginn all Fändelen un ëffentleche Gebaier op Hallefmast gehaangen.

Bei der Zeremonie am Regierungssëtz zu Madrid wäert och de Ministerpresident Pedro Sánchez deelhuelen.

Staatstrauer

Spuenien ass eent vun de Länner, dat am schlëmmste vun der sanitärer Kris getraff ginn ass. No offiziellen Donnéeën sinn iwwer 235.000 infizéiert Persoune gezielt ginn. Ronn 27.000 Mënschen sinn un oder mam Covid-19 gestuerwen. De Regierungsspriecher Montero huet drop higewisen, datt 8 vun 10 Mënschen, déi a Spuenien um Virus gestuerwe sinn, méi wéi 70 Joer al waren.

Mat dëser Staatstrauer erweist een den Affer déi lescht Éier. Iwwregens ass dëst déi längst Staatstrauer zënter dem Enn vun der Diktatur vum Francisco Franco. Mëttlerweil ginn och a Spuenien d’Moossnamen zur Andämmung vum Virus lues a lues gelockert.

Ähnlech Sujeten Affer, Covid-19, Doudeger, Fändelen op Hallefmast, Infektion, Ministerpresident, Pandemie, Pedro Sanchez, Sanitär Kris, Schweigeminutt, Spuenien, Staatstrauer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel