Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Dëse Gebuertsdag gëtt legen… waart …där!
International Neiegkeeten https://moien.lu/how-to-describe-myself-on-a-dating-website/

https://moien.lu/dating-boston-college/

Den amerikanesche Schauspiller Neil Patrick Harris, deen haut iwwregens säi

Kilometer fir konkrete Klimaschutz
International Neiegkeeten https://moien.lu/how-to-describe-myself-on-a-dating-website/

Kilometer fir konkrete Klimaschutz

An der Suite vum Nolauschter-Tour „Wou dréckt de Schong?“ organiséiert

surprise
Op Facebook herrscht e Krich mat Ligen – A Russland investéiert kräfteg!
International Neiegkeeten https://moien.lu/how-to-describe-myself-on-a-dating-website/

Op Facebook herrscht e Krich mat Ligen – A Russland investéiert kräfteg!

Facebook spillt am politeschen Diskurs eng ëmmer gréisser Roll. Kee

Haut gëtt a Spuenien gewielt…

… an a Katalounien och

Haut gëtt a Spuenien gewielt…

Et ass déi véiert Wal bannent véier Joer, an déi lescht war am Abrëll. Eng Regierungsbildung ass gescheitert an esou gëtt haut nach emol gewielt, ouni datt sech um eigentleche Problem eeschthaft eppes gedoen hätt. Mat Koalitiounen hunn d‘Spuenier einfach nach net genuch Erfarung.

Si hunn eigentlech nëmmen nach sat, en halleft Joer no der leschter Parlamentswahl, muss elo alt nees gewielt ginn. Fir vill Spuenier ass et eng Schan an et gëtt och Veriergerung iwwert de Fakt, datt et de Parteien net méiglech ass sech zesummenzedoen, esou wéi dat a villen aneren EU-Länner zanter Joerzéngte méiglech ass. An iwwer 40 Joer, hunn zu Madrid entweder déi Konservativ oder d‘Sozialisten de Kommando gehat, mee d‘Zäit vun den absolute Majoritéiten ass längt eriwwer.

Wann elo gewosst ass, datt sech d‘Stëmme vun de Spuenier op fënnef Parteie verdeelen, ass et scho verwonnerlech, datt am Wahlkampf keng Partei iwwer méiglech Bündnisser geschwat huet. Dat ass awer de Punkt, fir net ze soen entscheedend. Schliisslech kann nëmme Kompromëssbereetschaft zu enger Regierungsbildung féieren. De Wieler weess also net wat déi Partei där hie seng Stëmm gëtt, dann och wëlles huet, ofgesinn dovunner datt d‘Sozialisten nees eleng Regéiere wëllen.

An d‘Sondage gesinn d‘Sozialiste vum Pedro Sanchez als däitleche Gewënner vun dëser Wal. Déi kréie gutt 30% an den Ëmfroen zougestanen. Dat bedeit, datt si entweder e Partenariat aginn oder sech fir eng Minoritéitsregierung mussen entscheeden. A wann et dem Pedro Sanchez géif nogoen, da sollten sech all déi aner Parteie bei der entscheedender Ofstëmmung am Parlament enthalen. Da wier hien nees Ministerpresident, mee vu „Muecht“ an „Entscheedungsfräiheet“ ganz wäit ewech.

Alles ausser déi rietsradikal

De Pedro Sanchez schéngt awer bereet ze sinn nei Weeër ze goen: „Ech wäert allen demokratesche Parteien – domatter schléissen ech déi rietsradikal aus – en Ofkommes virleeën, fir de politesche Stëllstand ze léisen an eist Land regéierbar ze maachen. (…) Mir setzen alles drun, datt dës Wal vum 10. November net widderholl muss ginn“. Mat „Ofkommes“ ass keng Koalitioun gemengt, an et stellt sech d‘Fro, ob no dëser Wal déi „kleng Parteien“ bereet sinn sech op en Deal anzeloossen.

Wat déi rietsradikal betrëfft vun deenen den amtéierende Ministerpresident schwätzt, esou ass datt déi ideologesch faschistesch ausgeriichte VOX. Eng Partei mam Charisma vun der AfD an zimlech gläicher Rhetorik. Si huet vun der politescher Kris a Katalounien immens profitéiert, setzt voll a ganz op d‘Eenheet vu Spuenien a wëll all separatistesch Stréimunge verbidden. Am Abrëll hat VOX gutt 10% vun de Stëmme kritt, an alleguerten d‘Sondage deiten op ee massiven Zouwuess hin.

Datt do de konservative Partido Popular – aktuell zweet politesch Kraaft am Land – beonrouegt ass, verständlech. Dës Partei, oder villméi de Korruptiounsskandal deen si d‘Muecht kascht huet, wäert et net einfach hunn sech géint d‘VOX ze behaapten. Vill vun hire Wieler hunn et virgezunn sech de Faschisten zouzewennen, firwat hire „Chef“ Pablo Casado am rietse Lager ëm all Stëmm kämpft. Hie gesäit sech als eenzeg valabel Alternativ zum Pedro Sanchez, an gëtt sech zouversiichtlech.

Sportlech dem Ënnergang entgéint…

Interessant ass d‘Aart a Weis wéi de Pablo Casado dës Parlamentswahle gesäit: „Et ass wéi ee Fussballsmatch a mir sinn an der Finall. Et gëtt nëmmen zwou Equippen: entweder d‘Sozialiste gewannen oder mir. (…) All déi aner Parteie kënne Spontan op den Terrain lafen, mee Goaler schéisse geet net“. Heibäi iwwersäit de Pablo Casado awer ee wichtegen Detail. Déi „kleng“ kënne vläicht keng Goaler schéissen, esouwäit stëmmt et, mee si kënne béiden d‘Victoire versauen…

Aus de Sondage kann een awer och Positives enthuelen: Eng Regierung vu Konservativen an Rietsradikalen ass rechneresch net dran, woubäi dat keng endgülteg Prognose ka sinn. Och a Spuenien sinn Sondage-Instituter op d‘Kristallkugel ugewisen. De Pedro Sanchez an de Pablo Casado schléissen eng grouss Koalitioun aus, wat drop hindeit, datt d‘Spuenier méiglecherweis 2020 nach emol dierfe wiele goen. Dat kéint mat enger Koalitioun awer verhënnert ginn.

Et gëtt dann och nach ee weidere Problem fir déi zwou sougenannt Volleksparteien: Katalounien! Hei hunn déi Konservativ kaum Chancen an de Fait, datt de Pedro Sanchez e politesche Prozess zougelooss huet, d‘Leader vun der Onofhängegkeetsbeweegung zu laange Prisongsstrofe veruerteelt gi sinn an et säitens Madrid kaum – fir net ze soe guer keng – Dialogbereetschaft gëtt, mat där een d‘Situatioun zumindest entschäerfe kéint, dierft fir weideren Ierger suergen.

Katalounien wielt net fir Spuenien

Wann et hei no e puer Wochen zolitten Ausenanersetzungen nees eppes méi roueg ginn ass, esou ass d‘Stëmmung géintiwwer Madrid net besser ginn. D‘Fënstere vun de Luxusgeschäfter zu Barcelona erstralen nees an neiem Glanz, mee um Foussgängersträifen ass nach ëmmer ganz däitlech ze liesen: „Eraus mat de Kolonialhären“. Et ass och net ganz liicht dësen Androck mat de Biller vun de leschte Wochen iwwertenaner ze kréien. Hei waren eng hallef Millioun Mënschen ënnerwee…

Eppes méi wäit, virum Gebai an deem d‘Delegatioun vun der Zentralregierung hire Sëtz huet, sti bis ënnert d‘Zänn bewaffent Polizisten. Si versichen e frëndlechen Androck ze maachen, hunn uerder et ausgesinn ze loossen, wéi wann alles an der Rei wier. Si wëssen et awer besser, an nëmmen ee puer Meter méi wäit versteet een dat. Op de Plaça d‘Urquinaona sinn d‘Zerstéierungen nach ëmmer ganz siichtbar a kaum e Geschäft ass verschount bliwwen. Driwwer schwätze wëll awer och keen…

Geséchert ass, datt a Katalounien déi separatistesch Parteien sech op vill Zousproch verloossen dierfen, wat natierlech nees fir d‘Volleksparteien e Katastrophenzeenario ass. D‘Bestriewen no der Onofhängegkeet an de politesche Prozess huet d‘Katalanen zesummebruecht, a weder d‘Sozialisten, nach déi Konservativ sinn aktuell „gelidden“. Dat bedeit awer, datt d‘Faschisten sech vill vum „Katalounien-Effekt“ verspriechen dierfen. Dat ass net gutt, well Spuenien bréicht Stabilitéit…

mat indymedia/mad/bcn

Ähnlech Sujeten Katalounien, Pablo Casado, Parlamentswahlen, Partido Popular, Pedro Sanchez, PSOE, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel