Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Reklassement: Endlech eng Léisung a Siicht!
Meenung Neiegkeeten

Reklassement: Endlech eng Léisung a Siicht!

E Mëttwoch 27. Februar, huet den Aarbechtsminister, Dan Kersch (LSAP)

Chamber: „Esou Feeler dierfen eis net méi ënnerlafen“
Meenung Neiegkeeten

Chamber: „Esou Feeler dierfen eis net méi ënnerlafen“

D‘CSV hat zur Erëffnung vun der Sëtzungswoch eng Aktualitéitsstonn am

Hopitaux Robert Schuman: D’Situatioun ass méi wéi kritesch!
Meenung Neiegkeeten

Hopitaux Robert Schuman: D’Situatioun ass méi wéi kritesch!

Den Dr. Gregor Baertz, Direkter vun den Hôpitaux Robert Schuman,

D‘Spuerkeess soll d‘Schléissung vun den Agence aussetzen

D‘Spuerkeess soll d‘Schléissung vun den Agence aussetzen

Opgrond der Ugekënnegter Schléissung vun 11 Filiale vun der Staatsbank- a Spuerkeess (BCEE), haten sech d‘Schäfferéit vun de betraffene Gemengen, den 28 Februar un d‘Direktioun vum genannten Institut gewannt an ëm eng Drénglechkeetssëtzung mam Direktiounscomité gebueden.

Am genannte Schreiwes, haten d‘Buergermeeschter drop higewisen, datt si weder mat der Aart a Weis, wéi mat de Gemengen ëmgespronge gouf, nach mat den Argumenter déi zur Entscheedung vum Verwaltungsrot vun der BCEE gefouert hunn, averstane sinn.

De leschte 6. Mäerz (an déi dorops folgend Deeg) huet eis elo d‘Äntwert vum Direktiounscomité, déi de 5. Mäerz verschéckt ginn ass, erreecht. An dësem Schreiwes versicht d‘Spuerkeess nach emol hir Decisioun ze rechtfäerdegen, ouni och nëmmen am geréngsten op déi berechtegt Fuerderunge vun den Verantwortlechen an de betraffene Gemengen anzegoen.

Am erstaunlechste war dann awer d‘Feststellung, datt d‘Generaldirektioun vun der BCEE, der Fuerderung no enger Entrevue an dem Austausch mat de Buergermeeschter net wéilt nokommen.

Wéinst der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus, haten esouwuel d‘Gemenge wéi och d‘Spuerkeess aner Prioritéiten a Suergen. Dofir och déi verspéite Reaktioun säitens de Gemengen.

Well et den Ament zäitlech, wéi och organisatoresch onméiglech ass un d‘Fuerderung vun de Gemenge no enger Entrevue mat der Direktioun an der Regierung ze denken, fuerder mir vun der BCEE an hirem Direktiounscomité, d‘Entscheedung vun der definitiver Schléissung vun de Filialen (ab dem 28. Mäerz) esou laang auszesetzen, bis sech déi aktuell Situatioun berouegt huet, an et zu der gefuerderter Entrevue komm ass.

Matgedeelt de 26. Mäerz vun de Buergermeeschter vu Kolmer-Bierg, Esch-Uelzecht, Fiels, Park Housen, Réiser, Rëmeleng a Wanseler; fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten BCEE, Henri Haine, Nathalie Silva, Spuerkeess, staatlech Déngschtleeschtungen, Staatsbank, Tom Jungen, Widderstand vun de Buergermeeschter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel