Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fondatioun Robert Krieps: „Iddie fir de Wee no vir“
Neiegkeeten

Fondatioun Robert Krieps: „Iddie fir de Wee no vir“

Den Olivier Cano, Max Lners, Maxime Miltgen an de Max

Frankräich ass net bereet fir en Europa vun de Populisten ze finanzéieren
Neiegkeeten

Frankräich ass net bereet fir en Europa vun de Populisten ze finanzéieren

Frankräich ass „net bereet Geld an de Grapp ze huele

Tramschantier op der Gare: Buslinne ginn deplacéiert
Neiegkeeten

Tramschantier op der Gare: Buslinne ginn deplacéiert

Wéinst der nächster Phas vum Ausbau vum Tramsreseau gi vum 5.

Am Numm vun der Konkurrenz a vum Profit – D’Spuerkeess mécht 11 Filialen zou

Am Numm vun der Konkurrenz a vum Profit – D’Spuerkeess mécht 11 Filialen zou

Et ass een neie schwéiere Schlag fir d’Notzer an d’Employéen: D’Spuerkeess befreit sech vun 11 Filialen a ganz Lëtzebuerg. déi Lénk veruerteelen dës Schléissungen, déi zuelräich Persoune vun engem noen an noutwennege Service ausschléissen. Effektiv berechtegt näischt esou eng Decisioun vun der BCEE-Direktioun, virun allem wëll d’Bank a finanzieller Topform ass.

Déi urban Ausdeenung, de Populatiounswuesstem, ekologesch Imperative fuerderen den noe Service zeréck, amplaz seng Liquidatioun. D’Notzer vun der Agence brauche keng robotiséiert Agencen am neisten Design, mee zougänglech Agencen, wou genuch Persoune schaffen, déi sech ëm d’Demande këmmeren an op d’Besoinen äntweren. Den direkte Kontakt mam Client bréngt der Aarbecht um Guichet och eng gewëss Qualitéit.

D’Schléissung vun de Bankagencen an den Dierfer an der Ëmgéigend dréit zur sozialer Isolatioun vun de Bewunner bäi, virun allem vu Persounen am Drëtten Alter. D’Liquidatioun vun 11 Spuerkeess-Filialen geet also net am Numm vun der Modernitéit an den Ännerungen an de Gewunnechte vun den Notzer anhir, wéi et d’Direktioun vun der Bank ugëtt, mee éischter am Numm vum Profit zu all Präis an dem sougenannte Laisser-Faire vum Staat.

Schonn d’Aféierung vu Bankfraisen op Basisoperatiounen, säitens der Regierung, huet d’Notzer zu Onrecht Sue kascht, wa si net mam online Service ëmgoe konnten an net hir puer Suen a finanziell Spëtzteproduiten investéiere konnten. Dës Moossnam huet sécherlech zur Degradatioun vun de Servicer an der Zerbriechlechkeet vu lokale Bankagence, zum Nodeel vun den Aarbechtskonditioune fir d’Employéeën, bäigedroen.

déi Lénk hu sech staark géint d’Tariffer op de Basisoperatioune vun de Banke gewiert, sou wéi och d’ULC a méi wéi 4500 Bierger, déi d’Petitioun zur Gratuitéit vun dëse Servicer ënnerschriwwen hunn. De Finanzminister, deen als gudde Frënd vun de Finanzen handelt, berécksiichtegt dat kaum. Laut him sollt de Staat sech net ëm esou Bankaffaire këmmeren. Dobäi gehéiert d’Spuerkeess zu 100 % dem Staat. Mat der Schléissung vun 11 Agence vun der BCEE mécht de Staat sech enger ekonomescher Politik mat schëlleg, déi den Interessi vun de Leit den Interessie vun de Finanzen ënnerwërft.

Matgedeelt vun déi Lénk – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten 11 Filialen, Bankfraisen, BCEE, déi lénk, Ekologie, Finanzminister, Konkurrenz, Kritik, Profit, Schléissung, Spuerkeess, Staat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel