Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Onstëmmegkeeten an den Alpen
International Neiegkeeten

Onstëmmegkeeten an den Alpen

Dat waren däitlech an onmëssverständlech Wierder, déi d‘Presidentin vun de

Successioun vum Roberto Traversini steet
International Neiegkeeten

Successioun vum Roberto Traversini steet

Um spéiden Dënschdegowend ass bei der Lokalsektioun vun déi gréng

Knupperte-Verbuet: ma dat huet jo exzellent geklappt (Kommentar)
International Neiegkeeten

Knupperte-Verbuet: ma dat huet jo exzellent geklappt (Kommentar)

Eigentlech bréicht et eng Autorisatioun vum Buergermeeschter fir Knupperten a

„Sputnik-V“: Den Zar léisst de Vaccin zou

Russland ass dat éischt Land op der Welt dat en Impfstoff géint de Coronavirus Covid19 zouléisst

„Sputnik-V“: Den Zar léisst de Vaccin zou

Déi ganz Welt ass op der Sich no engem Vaccin géint de Virus SARS-Cov2, besser bekannt als de Covid19, mee et schéngen d‘Russen ze sinn, déi sech duerchgesat hunn. Moskau huet jiddefalls elo en Impfstoff géint de Coronavirus fir déi breet Uwennung un der Bevëlkerung zougelooss.

„De russesche Vaccin géint de Coronavirus ass effektiv a bilt eng bestänneg Immunitéit“, esou de russescher President op der Tëlee. De Vladimir Putin huet bestätegt datt sech eng vu sengen zwee Duechteren impfe gelooss huet, an no engem kuerze Féiwer-Schub, wier alles ganz gutt verlaf. „Si fillt sech gutt“, esou de Constat, nodeems d‘Kierpertemperatur kuerzzäiteg 38°C erreecht hat.

Vaccin

© Russian direct Investment fund / Гамалеи эпидемиологии и микробиологи

„Sputnik-V“ esou den Numm vum Vaccin, deen am staatleche Gamaleya-Institut fir Epidemiologie a Mikrobiologie zu Moskau entwéckelt ginn ass. Den Numm vum Impfstoff ass un d‘Bezeechnung fir den éischte Satellit, deen d‘Sowjetunioun an de Weltraum geschoss hat. D‘URSS hat sengerzäit den Amerikaner eppes d‘Show gestuel, an mat dësem Vaccin kéint et de Russen nees gelonge sinn.

Weltwäit gëtt et eng 170 Projeten un deenen äifreg gedoktert a geschrauft gëtt. A Russland geet een dat mat enger gewësser staatlecher Pragmatik un. Um uewe genannte staatleche Fuerschungslabo ass och d‘Arméi bedeelegt, wat Kritiker ermontert op „ongewéinlech Methoden“ hinzeweisen. An awer gëllt als erwisen, datt dëse Laboratoire vill Erfarung huet an duerchaus Kompetent ass.

Eng Portioun Courage

Wann et sécherlech gutt Grënn huet d‘Methoden, déi ugewannt goufen, kritesch ze begleeden, esou sollt een de Mataarbechter vun der Institutioun urechnen, datt si de Vaccin schonn u sech selwer an hire Verwannten ausprobéiert hunn. Dat ass schonn eppes couragéiert, mee anersäits och eng vun de russesche Praktiken. Trotzdeem gëtt sech am industrialiséierte Westen a Skepsis geüübt.

Vaccin

International Fachleit bekloen datt dës Zouloossung vill ze séier accordéiert gëtt. Den Impfstoff ass nach net am grousse Moossstaf getest ginn, huet also quasi déi drëtt Phas nach net duerchlaf, déi no haitege Standarden d‘Reegel ass. Eng Zouloossung virun der Virlag vu grousse klineschen Etüden, entsprécht erwisenermoossen, net dem gewinnten internationalen Ëmgang mat esou Stoffer.

Säitens der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) heescht et: „All Vaccin muss all Versuchsreien an Tester duerchlafen, iert e kann autoriséiert an ausgeliwwert ginn“. An och bannent de russescher Federatioun gëtt et Kritiker. Wëssenschaftler sollen an engem oppene Bréif gewarnt hunn, näischt ze iwwerstierzen a werfen de Fuerscher wéi dem President fir, Vitesse iwwer Sécherheet ze stellen.

Vun allem eppes

Et ass verständlech, datt et bedenke gëtt, besonnesch bezunn op den Zäitraum an de feelenden Test op groussem klineschen Niveau. An et dierf een och drop hiweisen, datt de Choix, dëse Vaccin mam Numm „Sputnik-V“ net vun ongeféier ass. Wann ee sech – wéi sengerzäit beim Rennen ëm de Weltall – am Kontext vun der Covid19-Pandemie vun den USA ofsetze kann, ass een d‘Elitte…

VaccinAn esou kann ee kengem verdenken, deen den Impfstoff als „Prestige-Objet“ verkläert, well et geet dem Vladimir Putin natierlech och ëm international Unerkennung an d‘Feststellung datt Russland nach ëmmer eng Fuerschungsgroussmuecht ass. Mee och de ganz normale russesche Bierger muss net fäerten hei enger Gefor ausgesat ze ginn. Virum Fréijoer 2021, dierft deen de Vaccin net kréien.

Laut dem „Plang“ sollen elo emol fir unzefänken d‘Dokteren an d‘Fleegepersonal den Impfstoff gesprëtzt kréien. Béis Zonge stellen dat als déi 3. Phas no der Zouloossung duer. Hei gëtt allerdéngs wéineg dovunner geschwat, datt se sech all eens sinn, datt et eigentlech „presséiert“ an et ass net geséchert, datt et déiselwecht Kritik ginn hätt, wann d‘Geschicht anzwousch anescht entstane wier…

mat indymedia/mow

Foto: © Russian direct Investment fund / Гамалеи эпидемиологии и микробиологи

Ähnlech Sujeten Covid19, Covid19-Impfstoff, Gamaleya-Institut, Russland, Sputnik-V, Vaccin, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel