Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Viru 40 Joer: déi iranesch Revolutioun
miroku dating

dating spots in lahore

An de Kannerae vum Mohammad Hassan Sharifizadeh huet d’Revolutioun, déi

is ricky stenhouse dating anyone
miroku dating

nc state dating

Eng 20.000 Ziviliste konnten um Donneschdeg d’Rebellen-Enklav vun der ëstlecher

money
De Bitcoin iwwerschreit d‘Barre vun 11.000 US-Dollar
miroku dating

De Bitcoin iwwerschreit d‘Barre vun 11.000 US-Dollar

Um Mëttwoch ass d‘Kryptowärung Bitcoin iwwert de Wäert vun 11.000

SREL-Affär: Vun enger heemlecher Opnam an onausgeschwate Wourechten

SREL-Affär: Vun enger heemlecher Opnam an onausgeschwate Wourechten

Säit dem Dënschdeg muss sech d‘Ekipp ronderëm de Riichter Marc Thill nees mat der ominéiser Geheimdéngschtaffär erëmschloen. D‘Affekoten haten nogefrot firwat de Jean-Claude Juncker an den Informatiker Loris Mariotto net op der Uklobänk sëtzen, an dem Frank Schneider säi Conseil huet Undeitunge gemaach, datt säi Client eng Rei desagreabel Revelatiounen am Äermel huet.

Um Donneschdeg huet d‘Sëtzung um Geriicht wéi annoncéiert mat der vum Marco Mille, deemools nach Direkter vum SREL, gemaachten Opnam vum Gespréich tëscht senger Persoun an dem Jean-Claude Juncker, deemools Premier (31. Januar 2007) ugefaangen. De SREL-Direkter, dee sengem Chef net (méi richteg) vertraut huet, hat d‘Gespréich ouni d‘Wësse vum Premierminister opgeholl.

Am Kontext vun den illegalen Oflauschteraktiounen éischter en Detail an zudeem net méi géint de Marco Mille ze verwenden: hei gëllt d‘Prescriptioun. Trotz allem dierf een den Impakt, deen dës Opnam huet net ënnerschätzen. Juristesch net méi unzefechten, bleift dëst Toundokument ee ganz zentraalt Element vun dësem Prozess. Geet et jo hei och ëm d‘Verantwortung vum Premierminister.

Fir d‘Affekote vun der Verdeedegung steet jiddefalls fest, dat et unhand dësem Enregistrement keen Zweiwel méi kéint dorunner ginn, datt de Jott-zé-Jott d‘Autorisatioun zur Oflauschteraktioun géint de Loris Mariotto (26. Januar 2007) ginn hätt. De Premier kontestéiert dat a Schrëftleches gëtt et zu dësem Kontext näischt. Zudeem huet de Jean-Claude Juncker altersbedéngt Erënnerungslücken…

Hie mécht dann och en Ënnerscheet tëscht der Opnam vun engem Telefonsgespréich (tëscht dem Spioun André Kemmer an dem Informant Loris Mariotto) an der eigentlecher Oflauschteraktioun. Déi war initiéiert ginn, nodeems de Loris Mariotto sengem „Frënd“ vun der CD bericht huet, an dësem soll erkläert hunn, datt sech op dësem Datenträger e brisant Gespréich befanne géif.

Dobäi soll et sech ëm eng Diskussioun tëscht dem Groussherzog Henri an dem Jean-Claude Juncker gehandelt hunn, bei där et ëm de „Bommeleeër“ gaange wier. Laut dem Toundokument, huet de SREL-Direkter erkläert datt dës CD „net eidel“ wier, mee een net wéisst wat sech drop befënnt, si war schliisslech verschlësselt. Et misst een elo awer klären, op „Drëtter“ de Chef oflauschteren…

De sprangende Komma

Interessant: De Chef-Spioun dee grad am Begrëff ass dem Premierminister ze erklären, datt ee sollt beonrouegt sinn, wëll méiglecherweis Individuen illegal d‘Entrevue tëscht dem Regierungschef an dem Groussherzog ausspionéieren; huet dës „Warnung“ selwer illegal, oder zumindest ouni dat de Chef dovunner huet dierfe wëssen, opgeholl. Zumindest ass esou kloer, datt hie kee Vertrauen hat.

Fir d‘Defense ass dësem ronn eng Stonn laange Gespréich eigentlech just ee Saz ausschlaggebend: „Fir dës Ecoute hunn ech dech ee Freidegowend ëm Erlaabnes gefrot an du hues et autoriséiert“. An dat ass schonn a gewësser Mooss ee staarkt Stéck. Fir d‘Affekoten, wann si d‘Veracitéit vun dësem Toundokument duerchgesat kréien, wier dat dann de Beweis, datt déi Ugekloten onschëlleg sinn.

Woubäi d‘Meenungen hei schonn eppes ausenaner ginn. An esou kënnt een net laanscht déi jo awer existenziell Fro: „Wat ass tatsächlech op der CD“ (et gouf jo scho behaapt se wier eidel). De fréiere SREL-Direkter weess et net, mengt awer datt et sech méiglecherweis ëm eng Ligegeschicht handelt, déi de SREL op eng falsch Pist an der Bommeleeër-Affär sollt leeden. Gekläert ginn ass dat net.

De Chef-Spioun wëll awer Kenntnis doriwwer gehat hunn, datt den Haff Material zum oflauschtere vun Telefonsgespréicher ausstafféiere wollt. Hie verweist dofir op de stännegen Accord, deen eise Groussherzog mam britesche Geheimdéngscht huet. Op hien de Premierminister dat och erzielt huet léist sech net ofschléissend klären, mee et gëtt weider aussoen déi d‘Méiglechkeet erkenne loossen.

Esou huet de Marco Mille (laut Opnam) de Jott-zé-Jott gewarnt, datt dësen net nëmme „Frënn“ an sengem Haus huet a sollt virsiichteg sinn. Si (de SREL) wiere loyal mee zugläich och vulnerabel an elo wieren och nach d‘Medie hannert hinnen hir. De Premier huet dem SREL-Direkter verséchert a senge Gespréicher ëmmer virsiichteg ze sinn an uecht ze doen deen net beonrouegen ze wëllen.

Eng brisant Depositioun

Hale mir och nach fest, datt um Donneschdeg ee Spioun (deen net dierf genannt ginn) trotz den Awänn vun der neier SREL-Direktesch Doris Woltz, huet viru Geriicht missen aussoen. De Beamten dee sech beim SREL mam technesche Volet vun den Oflauschteraktioune beschäftegt huet sech awer „ganz gutt erënnert“ wat den Oflaf vun Evenementer zu de genannten Datumer betrëfft.

Elo ass da gewosst, datt de Marco Mille dësem Beamten zwou Telefonsnummere ginn huet, déi och sollten ofgelauschtert ginn. Dat huet dann och vu Freides 21 Auer bis Méindes 10.40 Auer gedauert. Wéi de Beamten d‘Aktioun prozedural regulariséiere wollt, hätt den Direkter him d‘Ënnerschrëft verweigert. Hien hätt zu dësem ament gemengt, datt ee sech bei den Telefonsnummere geiert hätt.

Interessant hei: laut dem Beamte war dat déi eenzeg Kéier wou d‘Prozedur (och am Fall vun engem Feeler) net vum Marco Mille schrëftlech validéiert ginn ass. Dee soll zudeem dem Premier erkläert hunn, d‘Aktioun ofgebrach ze hunn, well et him kéint Kappzerbrieches bereeden, de Riichter alles wat sech grad ofspillt erklären ze mussen. Et war, wann dat esou stëmmt, also alles Illegal?

De fréiere SREL-Direkter hat nach ugesat sech dozou ze äusseren, huet et dann awer si gelooss. Hien huet jo Zäit bis zum Enn vum Prozess fir sech ze iwwerleeën, op hien awer nach intervenéiere wëll. Um Freideg huet dann de Personnage „Loris Mariotto“ am Fokus gestanen. Den „Informant“ deen eng verschlësselt an onbrauchbar CD un de Spioun André Kemmer weidergeleet huet.

Eng CD, esou zumindest d‘Beamte vun der Police Judiciaire, déi „manipuléiert“ ginn ass. Si stellt den Ausgangspunkt vun den Evenementer déi am Juli 2013 zum Stuerz vum Premierminister an esou och der CSV-Herrschaft am Land gefouert huet. De Chef vun de Geheimdéngschtoperatiounen huet dem Geriicht seng Siicht op déi ganz Evenementer an Feeler déi geschitt sinn, geschëldert.

Esou war fir et de Frank Schneider ersiichtlech, datt d‘Häerz vun den Institutioune bedreet war. Sécher, déi ufänglech als kredibel bewäerte CD hätt hien duerno eppes derangéiert, mee et hätt een d‘Hänn voller Aarbecht gehat an „d‘Land hätt net gewollt datt d‘Institutiounen hir Aarbecht maachen“. Hie stellt awer fest, datt hien haut – elo wou méi gewosst ass – anescht géif virgoen.

Wie profitéiert vum Verbriechen?

Och de Polizist, deen am Kontext vun der Enquête festgestallt wëll hunn, datt et de Frank Schneider war deen de Medien d‘Informatioune soll zougespillt hunn, huet e Freideg ausgesot. De fréiere „Chef-Operateur“ vum SREL huet während dëser Depositioun d‘Zeitung gelies a sech d‘Giel Kaart vum Riichter agefaangen. Woubäi den Inhalt muss dem beschëllegte bekannt gewiescht sinn.

Datt de Frank Schneider wéineg fir de Polizist iwwreg huet, dat war och gewosst. Hien ënnerstellt dësem dann och net manner wéi en Opportunist ze sinn, dee falsch Deklaratioune mécht déi sech leedeglech op Spekulatioune bezéien. Säin Affekot géif dann hei och gäre vum Geriicht wëssen, wiem d‘Verbriechen nëtzt? Dat awer muss d‘Interpretatioun vum Enquêteur berécksiichtegen.

De fréiere SREL-Direkter behaapt sech weiderhin op de Verbatim, dee soll „manipuléiert“ gi sinn an op de Fait datt den Deputéierten an der Enquêtëkommissioun Ligen erzielt goufen. Déi war jo unhand der Klo géint d‘Spiounen am Dezember 2012 geschafe ginn. Firwat hien da bis November 2017 gewaart huet, fir géint déi „falsch Dokumenter“ virzegoen, huet hien dem Geriicht net gesot.

Hien huet – wuel éischter tëscht den Zeilen an awer – och Uspillunge gemaach, déi aktuell Minister ënnert ee schlecht Liicht stelle sollen. D‘Geriicht ass entspaant bliwwen, mee et sollt ee bedenken, datt et dës Uspillungen och am Kontext vum Bommeleeër-Prozess ginn huet. Dee läit zanter 2014 op Äis, well et Leit gëtt, déi iwwerzeegt sinn, datt nach weider verdächteg Persounen ugeklot ginn.

Bei allem awer wat sech dann elo um Freideg zougedroen huet, ass awer nach ëmmer net gekläert, ob d‘Oflauschtere vum Loris Mariotto Enn Januar 2007 juristesch ofgedeckt war. Datt de Juncker dem Chef vum Geheimdéngscht soll eng “Fal gestallt“ hunn, ass net erwisen. En Dënschdeg geet et weider: wat halen den André Kemmer an dem Loris Mariotto säin Affekot parat? Mir sinn derbäi…

Illustratioun: © Devin Kaselnak / unsplash

Ähnlech Sujeten Bommeleeër, Geheimdéngscht, Groussherzog Henri, Jean-Claude Juncker, Loris Mariotto, SREL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel