Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

déi gréng: Elo d’Potential fir eng nohalteg Mobilitéit an der Stad Lëtzebuerg voll ausschëppen!
https://moien.lu/my-ex-is-dating-someone-else-but-wants-to-be-friends/

déi gréng: Elo d’Potential fir eng nohalteg Mobilitéit an der Stad Lëtzebuerg voll ausschëppen!

D’Stad Lëtzebuerg huet um 1. Mäerz mam Stater Mobilitéitsdag de

https://moien.lu/funny-dating-app-pick-up-lines/
https://moien.lu/my-ex-is-dating-someone-else-but-wants-to-be-friends/

Iwwer 72.000 Bränn am Amazonas ënnerhalb vun engem Joer!

De brasilianeschen Amazonas muss leider 2019 eng Rekordzuel u Bëschbränn

Eng Galiounsfigur am Kampf géint de Klimawandel huet eis verlooss
https://moien.lu/my-ex-is-dating-someone-else-but-wants-to-be-friends/

Eng Galiounsfigur am Kampf géint de Klimawandel huet eis verlooss

Den Doud vum Tony de Brum, onermiddleche Militant géint de

SREL-Affär: Net ze gleewen… et gëtt ee politesche Volet

Ex-Spioun André Kemmer iwwerzeegt vun enger Verschwierung géint de Jean-Claude Juncker

SREL-Affär: Net ze gleewen… et gëtt ee politesche Volet

Wéi de Prozess déi lescht Woch, géint déi ugeklote SREL-Mataarbechter: de fréieren Direkter Marco Mille, de Chef vum operativen Deel Frank Schneider an de Spioun André Kemmer nees opgeholl gouf, haten hir Affekoten sech nach gewonnert, firwat net de Jean-Claude Juncker an de Loris Mariotto op der Uklobänk géife sëtzen. Elo sinn och Bettel a Bausch an de Fokus geroden.

Op déi 2006 lancéiert Ecoute géint de Loris Mariotto – ee gudde Bekannte vum Spioun André Kemmer – juristesch vertrietbar a vum fréiere Premierminister Jean-Claude Juncker ofgeseent gouf, bleift zwar déi zentral Fro an dësem Prozess, mee dem fréiere SREL-Direkter säin Affekot huet um Dënschdeg d‘Reprise mat der Feststellung erëffent, datt säi Client misst fräigesprach ginn.

Dat dierften déi aner Affekoten him gläich maachen, schliisslech wier dat schlëmmst wat een hinne kéint virwerfen, datt si d‘Uerder vum Marco Mille ëmgesat hunn. Mee fir den Affekot Mê. Laurent Nieder, gëtt et an dësem Dossier nach vill es wat bosseg ass, ganz ofgesi vum Constat, datt weder de Frank Schneider nach den André Kemmer eppes mat der Oflauschteraktioun ze dinn haten.

Wien elo géif wëllen unhuelen, datt déi vum Affekot zum Ausdrock bruechte Conclusioun u sech schlësseg ass, iwwersäit d‘Schieter an dësem Dossier, dee wäit iwwert d‘Legalitéit vun der ëmmer nees genannter Oflauschteraktioun geet. Déi Ugekloten hunn net bestätegt, den Inhalt vun de ronn 20 Appeller um Handy vum Loris Mariotto ze kennen. D‘Ecoute wier den 29. Januar agestallt ginn.

Den Informant wier den eigentlechen Täter

Wa Spiounen net emol méi den Inhalt vu Gespréicher préiwen déi si opzeechnen, kéint een de Geheimdéngscht och direkt ofschafen, firwat et schwéier d‘Kredibilitéit vun esou enger Ausso nozevollzéien. De geäusserte Verdacht awer, datt de Loris Mariotto, mat senger CD-Geschicht säin ale Frënd André Kemmer hannert d‘Liicht gefouert an de SREL esou an eng Fal gelackelt hätt…

Mee dee sëtzt bekanntlech net op der Uklobänk an ass Zivilpartei. De Jott-zé-Jott huet wéi et sech gehéiert viru Geriicht all d‘Froen – zumindest esouwäit seng Erënnerung et am héijen Alter et nach zougelooss huet – beäntwert. Hie war ass nach ëmmer net iwwerzeegt, datt dës Aktioun ënnert déi legal Dispositioune falen, wat natierlech vehement vun der Defense bestridden a kontestéiert gëtt.

De krasse Verstouss géint d‘Gesetz – an accessoirement de Vertrauensbroch géintiwwer engem direkte Virgesaten – säitens dem Marco Mille, dee säi Gespréich mam Jean-Claude Juncker illegal opgeholl hat, ass verjäert. Dat huet och de Riichter Marc Thill notéiert, dee awer drop hiweist, datt et sech ëm eng Strofdot handelt. Dës Opnam huet och zum Stuerz vun der Regierung gefouert…

En Dënschdeg huet dann och de Spioun André Kemmer seng Schlussfolgerung virgedroen. Hien huet dann och nees seng Verschwierungstheorie virgedroen. Laut dem Spioun – deen, dat ass jo gewosst, mam Loris Mariotto „bekannt“ ass – géif et sech bei dëser ganzer Affär einfach nëmmen ëm ee Komplott géint de fréiere Premierminister handelen, an hie weess wien derhannert stécht.

Ee vun der DP an déi gréng orchestréierte Putsch

Flott un esou Geriichtsaffären, déi sech op „al Fäll“ bezéien: selektiv Wourechten a gekonnt Lücken an der Erënnerung. Deen eenzegen, dee sech bis ewell un alles erënnere kann, esou den Androck vum Prozess, ass de André Kemmer, deen all Liene mam Land ofgebrach huet an op kee muss Récksiicht huelen. Si géifen zu drëtt op der Uklobänk sëtzen ouni sech verdeedegen ze kënnen.

Schonn e Freideg hat de Frank Schneider den Transportminister an aktuelle Vizepremier François Bausch, deemools President vun der Enquêtëkommissioun, ee gudde Versuch ënnerholl dësen an d‘Bredouille ze bréngen. Gëschter huet den André Kemmer dës Kaart och ausgespillt. Hien ass net nëmmen de Vermëttler vun der CD, mee hien ass et och dee wou dem Juncker alles gebeicht huet.

Géintiwwer dem Geriicht, huet de Mann deem säi Beruff an éischter Linn aus Lige besteet, betount datt hien tëscht der Loyalitéit fir de Chef an de Premier regelrecht zerrappt war. Zu gudder Lescht hätt hie sech entscheet dem Jean-Claude Juncker alles ze beichten an esou säi Gewëssen ze erliichteren. Dësen hätt him fir de Gest Merci gesot, jo et hätt sech esouguer ëmäermelt, heescht et.

Fir de Spioun war domadder dës Affär gekläert… bis am November 2012, wou him nees alles virun d‘Féiss gefall ass. Hei sollt ee bedenken, datt de Jean-Claude Juncker, der parlamentarescher Kontrollkommissioun, dës „Renconter“ erzielt huet. Fir de Spioun ass et offensichtlech, datt de François Bausch säit Dezember 2009 Kenntnis iwwert déi verschlësselt CD muss gehat hunn.

Esoulaang déi ëffentlech Sécherheet net gefäerdet ass

Laut dem André Kemmer awer soll den haidege Vizepremier keng Gefor fir déi ëffentlech Sécherheet vum Land gesinn hunn. 2012, no engem Briefing mam neie SREL-Direkter, hat de François Bausch géintiwwer der Press – déi reng zoufälleg uwiesend war – d‘Faiten denoncéiert, ouni de Journalisten ze verroden, datt hie schon dräi Joer laang vun allem gewosst huet.

Mee et ass net eleng de grénge Politiker deen et dem André Kemmer ugedoen huet, och de Premier Xavier Bettel kritt säi Fett of. Och hie war Member vun dëser „Kontrollkommissioun“. An vun him wollt den André Kemmer säin Avis als Jurist, am Kontext vum Gesetz zur Geheimhaltung un dat all eis Spioune gebonne sinn. E Gespréich esou den Ugekloten, datt gutt verlaf wier, woubäi…

Jo et gëtt hei en „awer“, wëll zwee Sätz sinn dem Spioun an Erënnerung bliwwen: zum engen dee wou de Xavier Bettel him gesot huet, datt hie vun der CD säit 20089 weess; an zum aneren, datt et mam Jean-Claude Juncker esou netz méi ka weidergoen. Iwwert de Wäert vun dëser Ausso léisst sech bekanntlech streiden, an um Enn steet et da wuel „Wuert géint Wuert“. Ass dat Hëllefräich?

Fir de Procureur Jean-Jacques Dolar handelt sech bei dësem Dossier ëm ee gravéierende Verstouss, deen – och wann e verschleeft ginn ass – net tolerabel ass. Sécher misst ee bei der Bewäertung vun de Faite berécksiichtegen, datt déi sech 2007 zougedroen hunn an déi Beschëllegt sech bis dohinner och näischt virzewerfen hunn. Hie verzicht op eng Prisongsstrof, a schléit eng Geldstrof vir.

E richtege Polit-Krimi

A senge Schlussfolgerunge geet de Jean-Jacques Dolar nach emol op de politeschen Impakt vun dësem dach zimlech improbabele politesche Kriminalfall an. Esou ass, well déi ominéis CD eidel oder net ze entschlësselen ass, d‘Oflauschteraktioun zu Ongonschte vum Groussherzog Henri an dem Jean-Claude Juncker net erwisen an de Loris Mariotto géif eng „ongewëss“ Roll spillen.

Erwisen ass dogéint, datt déi dräi Ugekloten sech zesummegedoen hätte fir den Informant vum Spioun ofzelauschteren, datt ouni datt si dozou berechtegt gewiescht wieren. Dat alles hätt sech héichgespillt an 2013 de Premierminister zum Récktrëtt gezwongen. An de Procureur freet sech dann och, op déi vum Loris Mariotto opgedëschte „Geschicht“ iwwerhaapt Kapp a Schwanz huet.

An hei stellt sech dann och ganz seriéis d‘Fro, wéi eng Roll de Loris Mariotto an dëser mat den Hoer erbäigezunne Geschicht hat. War et ee „Fake“ oder esouguer tatsächlech eng Fal déi dem SREL gestallt gouf? 13 Joer no de Faiten dierft dat net méi ofschléissend ze kläre sinn, besonnesch wou Erënnerunge feelen oder et hinnen u Kredibilitéit feelt. Mee esou funktionéiert d‘Justiz…

D‘Affekote vum André Kemmer a Frank Schneider hunn an hire Plaidoyeren och eppes méi Zäit mat der Persoun vum Loris Mariotto verbruecht. De Mê. Pol Urbany – dat léist sech esou net anescht beschreiwen – huet carrement e Requisitoire géint den Informant gefouert. Deen hätt e falschen Alarm ausgeléist, an sech iwwert dëse Wee selwer all Recht op Privatliewen entzunn.

Déi Ugeklote sinn onschëlleg

Fir den Affekot Pol Urbany misst dach elo jidderee festgestallt hunn, datt säi Mandant a dësem seng fréier Aarbechtskollegen onschëlleg sinn. Dat gesäit de Mê. Laurent Ries ähnlech, an verweist drop, datt et tëscht sengem Client Frank Schneider an der supposéierter Oflauschteraktioun géint de Loris Mariotto absolut keng Verbindung gëtt. A hie wéilt gäre wëssen, wien d‘Verbrieche genotzt huet.

Dat hie mat dëser Ausso, de Fanger op de Xavier Bettel an deels och de François Bausch riicht, déi jo erwisenermoossen d‘Profiteure vun dësem Koméidistéck sinn, ass awer och gewot. Fir de Jean-Jacques Dolar awer bleift et derbäi: de Fait datt den Direkter sech geweigert huet eng technesch Fiche auszefëllen an ugeuerdent huet all d‘Piècen zu dësem Virfall ze zerstéieren, ass ee Beweis.

Och den ominéisen Enregistrement vun der Entrevue dee sech de Marco Mille geleescht huet, kéint een net einfach esou aus der Welt schafen. Et wier, esou de Procureur wiesentlech méi gescheit gewiescht – a sécherlech och eppes méi elegant – wann sech de SREL-Direkter seng Erlaabnes schrëftlech bestätege gelooss hätt. Mee dësen hätt sech fir eng hannerhälteg Operatioun entscheet.

D‘Faiten: Verstouss géint Dateschutz, Verstouss géint Privatliewen, Detournement vun Opnamen… dat alles wier hei erwisen. Dofir kéinte Strofe vu bis zu engem Joer Prisong an héich Geldstrofen ausgeschwat ginn. De Procureur huet vu Prisong ofgesinn a sollt d‘Geriicht dat esou och gesinn, géif et fir déi dräi Beschëllegt bei enger Geldstrof bleiwen. Mee déi dierfen och nach an den Appell.

Illustratioun: © Efe Kurnaz / unsplash

Ähnlech Sujeten Bommeleeër, François Bausch, Geheimdéngscht, Jean-Claude Juncker, SREL, SREL-Prozess, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel