Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
CGFP-Leader Romain Wollf: Bereet fir d‘Fuerderungen ze streiden
Neiegkeeten

CGFP-Leader Romain Wollf: Bereet fir d‘Fuerderungen ze streiden

D‘Chamber huet nach net richteg ugefaange mat Schaffen, d‘Presentatioun vum

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali
Neiegkeeten

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali

Mir all kennen den exzentresche Kënschtler duerch seng schmëlzend Aueren,

Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
Neiegkeeten

Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt

De FC Mamer 32 hat sech gëschter vill virgeholl an

SREL-Affär: Dat wier gekläert!

SREL-Affär: Dat wier gekläert!

De Prozess um Geriicht zu Lëtzebuerg, wou de fréiere SREL-Direkter Marco Mille, de Chef vun den Operatioune Frank Schneider an den ex-Spioun André Kemmer sech wéinst enger illegaler „Oflauschteraktioun“ ze veräntwerten haten, ass gëschter Moien zur Satisfaktioun vun den hei Beschëllegten op en Enn gaangen.

Ugefaangen hat de Prozess Ufank Mäerz, an du koum d‘Pandemie, firwat et zu eppes Verzögerung komm ass. De Parquet hat géint déi Beschëllegt eng Geldstrof vu bis zu 125.00 Euro gefrot, well déi den eppes kontroverséierte „Geschäftsmann“ an IT-Spezialist Loris Mariotto ouni Erlaabnes sollen ofgelauschtert hunn. Et war dann och de leschten Akt an enger Affär déi zanter 2007 vill Stëbs opgewierbelt huet. Am Hannergrond déi ominéis „Bommeleeër“ Story…

Matten dran am Dossier: de Groussherzog Henri, de Prënz Jean an och de fréiere Premierminister Jean-Claude Juncker. Gëschter ass et dann ëm en Enregistrement vun engem Gespréich tëscht dem Jean-Claude Juncker an dem Groussherzog Henri gaangen, vun deem de Loris Mariotto sollt Kenntnis erhalen hunn. Eng CD mam Enregistrement soll de Geschäftsmann dem André Kemmer de 26. Januar 2007 iwwerginn hunn. Dës CD awer wier eidel gewiescht.

Beim SREL war een natierlech net begeeschtert, fir net ze soe richteg veriergert, esou iwwert de Leescht gezu ginn ze sinn. De Premierminister ass iwwert d‘Lag informéiert ginn a soll doropshin d‘Ecoute vum Loris Mariotto autoriséiert hunn. Eng schrëftlech Autorisatioun soll et net ginn hunn, an esou huet déi ganz Affär ugefaangen eppes ausser Kontroll ze geroden. De Marco Mille bleift derbäi, datt hien eng mëndlech Zouso vum Premier kritt huet.

SRELDéi aner Zwee Geheimdéngschtmataarbechter, also de Frank Schneider an den André Kemmer hätten dann och nëmmen Uerder ëmgesat. De Jean-Claude Juncker, deen als Zeie geluede war, huet nach emol seng Versioun widderholl: „An deene seelene Fäll wou ech meng Zoustëmmung fir eng Ecoute mëndlech ginn hunn, ass déi ëmmer an de beschten Delaie schrëftlech regulariséiert ginn“. Dat schéngt an dësem prezise Fall awer net esou gewiescht ze sinn.

Fir d‘Affekote vun den Ugeklote gëllt et als erwisen, datt d‘Ecoute net illegal war, de Parquet huet de Géigendeel als erwise gesinn. Dat sech de fréiere Premierminister net un alles erënnere konnt, wat bei esou Prozesser éischter d‘Regel wei d‘Ausnam ass, huet de Beschëllegten en Avantage ginn an d‘Riichter sinn dem Plaidoyer vum Parquet net nokomm. Esou sinn déi fréier SREL-Spiounen dann och vun all Schold fräigeschwat ginn.

Streng geholl huet de Parquet elo 40 Deeg Zäit fir d‘Urteel unzefechten, mee dovunner ass net méi auszegoen. Domadder ass den Dossier zou, an et dierft am kollektive Gedächtnis kee laangen Echo hunn. Eigentlech huet an dësem ganze Prozess just ee verluer, an dat ass de Loris Mariotto, och wann all déi an dëse Prozess involvéiert Personnagen, net all Zweiwel aus dem Wee raume konnten. Mee wéi heescht et esou schéin: „Recht hunn a Recht kréien, dat sinn zweeërlee Schong“.

Illustratioun: War elo eppes op der CD a falls jo wat? Déi Fro bleift onbeäntwert. Gekläert awer schéngt, datt d‘Oflauschteraktioun vum SREL, wann och net schrëftlech autoriséiert, net illegal war. © Chris Yates / unsplash

Ähnlech Sujeten Bommeleeër, Geheimdéngscht, Jean-Claude Juncker, Loris Mariotto, SREL, SREL-Prozess
Nächsten Artikel Virrechten Artikel