Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iran: Danze verbueden, sechs Leit verhaft
https://moien.lu/dsseldorf-speed-dating/

Iran: Danze verbueden, sechs Leit verhaft

Laut der Dageszeitung Jamejam sinn am Iran véier Männer an

who is danny from the voice dating
https://moien.lu/dsseldorf-speed-dating/

top australian hookup sites

De 14. Mee 1948 huet Israel seng Onofhängegkeet deklaréiert. Am

What the Fakt – 150 Joer franséische Wahnsinn mat de Folies Bergère!
https://moien.lu/dsseldorf-speed-dating/

What the Fakt – 150 Joer franséische Wahnsinn mat de Folies Bergère!

Dës 13 Buschtawe brénge säit genau 150 Joer dat ganzt

SREL-Affär: D‘Affekoten hätten do emol eng Fro

Firwat setzt de Jott-zé-Jott net op der Bänk vun den ugekloten? Nëmmen „Zeien“ sinn géif net duer goen, esou d‘Siicht vun der Defense

SREL-Affär: D‘Affekoten hätten do emol eng Fro

Um Dënschdeg ass de Prozess géint 3 fréier Mataarbechter vum SREL um Tribunal zu Lëtzebuerg erëffent ginn. Den Undrang war laang net deen, wou een nach an Erënnerung huet wéi de Prozess „Bommeleeër“ behandelt ginn ass, an awer kéint sech den Interessi nees verstäerken, wa bis alles um lafen ass. An der éischter Sëtzung huet dann och emol d‘Verdeedegung d‘Wuert ergraff…

Well elo och de fréiere Premierminister an ex-EU-Kommissiounspresident zolidd an dësen Dossier verwéckelt ass, hunn d‘Affekote vun zwee Beschëllegten, dann och uerdentlech géint de Jean-Claude Juncker gewiedert. Woubäi och den Informatiker Loris Mariotto, deen dem SREL déi verschlësselt CD zougespillt huet, vun der Defense net mat Händchen ugepaakt ginn ass.

De Loris Mariotto, deen sech als Niewenukloer viru Geriicht presentéiert, hat dës CD mat der Opnam vun engem Gespréich tëscht dem Premier an dem Groussherzog, bei deem et ëm de Bommeleeër gaange wier, an vun enger „Mataarbecht“ vum Prënz Jean, dem Henri sengem Brudder, soll rieds gewiescht sinn, sengem ale Frënd a Spioun André Kemmer iwwerginn.

Fir den Affekot Pol Urbany, stellt sech eigentlech just eng grondsätzlech Fro: Huet de Jean-Claude Juncker d‘Autorisatioun ginn, den Loris Mariotto ofzelauschteren oder net? Hie jiddefalls schéngt iwwerzeegt dovunner, och wann e bedauert net am Besëtz vun der origineller Opnam ze sinn, déi awer de Parquet hätt. An esou stéiert sech de Pol Urbany dorunner, datt de Premier just Zeien ass.

Dee wier schliisslech de Chef vum SREL gewiescht a hätt misse sécherstellen, datt d‘Gesetzer och agehale ginn. Esou gesi ka ee verstoen, datt den Affekot de Jean-Claude Juncker nawell gären als Matugekloten op der Bänk gesinn hätt. Well, huet hien d‘Erlaabnes net ginn, esou hätt hien nach ëmmer d‘Verantwortung gehat, d‘Prozedur ze regulariséieren. Wann et ëmmer esou einfach wier…

Si hu sech gutt op hire Rôle virbereet

Fir den Affekot Laurent Nieder, deen de fréiere SREL-Direkter Marco Mille representéiert, misst eigentlech de Loris Mariotto op der Uklobänk sëtzen. An den Affekot Laurent Ries, deen de fréiere Chef vun de Geheimdéngschtoperatioune Frank Schneider vertrëtt, ass et offensichtlech, datt de Jean-Claude Juncker ei ganz Verantwortung iwwerhuele muss, hien huet jo d‘Justiz net informéiert.

Woubäi eigentlech hätt d‘Defense et just gären, datt de Prozess annuléiert soll ginn, well den Delai iwwert d‘Mooss strapazéiert gouf, d‘Rechter vun der Verdeedegung net respektéiert goufen, déi virgeluechten Dokumenter onvollstänneg sinn an et zudeem eng helle Wull vu Feeler bei der Prozedur ginn hätt. Dat ass interessant, an erënnert neeleg un d‘Aarbechtsweis vun den Ugekloten.

Zudeem huet de Magistrat Jean-Jacques Dolar d‘Argumentatioun vun der Verdeedegung zerluecht, andeems hien drop verwisen huet, datt all „Fait Annexe“ längst evakuéiert gouf, den Delai absolut an de Limitten an de Virworf vun enger „ongerechter Behandlung“ onbegrënnt ass. Hie wier awer bereet d‘Opnamen tëscht dem Marco Mille an dem Premier, esou wéi och d‘Opnam vun engem Telefonsgespréich tëscht dem André Kemmer an dem Loris Mariotto, weiderzeginn.

Interessant och nach d‘Interventioun vum Affekot Laurent Ries géintiwwer de Medien. Hien huet hei nach emol ënnerstrach, datt säi Client kee Vertrauen an d‘Justiz hätt. Dësen hätt zudeem an dëser Affär keng penal Verantwortung, schliisslech hätt hie sech weder bedeelegt nach vun der Saach gewosst. Datt hien op de Uklobänk sëtzt wier den Zweiwel vum Geriicht geschëlt.

An da koum och déi brennend erwaarten „Undeitung“. De Frank Schneider deen dem Land de Réck zougewennt huet an och net méi Staatsbeamten ass a mat der Fonction Publique näischt méi ze dinn huet kéint jo am Prozess och aus „Erfarung“ schwätzen. Gemengt ass „ee puer Wourechten“ op den Dësch plättelen. Hien hätt dem Affekot en Dossier ginn, deen als „héchst brisant“ ze verstoen ass.

Et kéint eppes méi Zäit an Usproch huelen

Gëschter dann, nodeems et en Dënschdeg net méi derzou komme konnt, gouf um Geriicht déi vum Marco Mille erschlachen Opnam vun der Entrevue mam Jean-Claude Juncker diffuséiert. An dësem Gespréich ass et ënnert anerem ëm d‘Oflauschtere vum Loris Mariotto an déi ominéis Opnam vum Entretien tëscht Premier a Groussherzog gaangen. Spannend ass entschidden eppes anescht.

Woubäi eigentlech wollt gekläert ginn, op de Jean-Claude Juncker dem SREL erlaabt huet de Loris Mariotto ofzelauschteren. Den „Zeien“ huet däitlech gesot, datt wann een hie gefrot hätt, hien dat natierlech autoriséiert hätt. Dat war anscheinend net de Fall. De Premier awer hätt, well datt dach alles awer krass war, vum SREL e Beweis vun der Existenz vun der ernimmter CD verlaangt.

Ee Beweis dee kee vun den 3 beschëllegten am Dezember 2005 liwwere konnt, dat wier eréischt Enn Januar 2007 méiglech gewiescht. Si haten d‘CD bis dohinner guer net physesch virleien, an déi wier och nach „eidel“ gewiescht, esou de SREL-Direkter géintiwwer dem Geriicht. Dat wier dann och de Grond gewiescht firwat een de Loris Mariotto oflauschtere wollt, an dat esou dem Premier proposéiert huet, deen och direkt d‘Oflauschtere geneemegt hätt. Dat awer gëtt d‘Opnam net hir…

De Frank Schneider, deen net bei dëser Entrevue derbäi war, huet et kee Grond ginn Zweiwel ze hunn, datt de Premier d‘Autorisatioun net ginn huet. Hien huet dann och déi Uerder déi him opgedroe goufen, esou wéi et sech gehéiert exekutéiert. Och den Direkter huet dem Geriicht erkläert, datt „seng Leit“ just gefollegt hätten an alle Béid an dësem Prozess näischt verluer hunn.

Gutt, datt ass awer dann elo dem Geriicht iwwerlooss, ze entscheede wien a wéi enger Funktioun gehéiert gëtt. Fir de Jean-Claude Juncker war du festzestellen, datt an deene seelene Fäll wou hien ee mëndlechen Accord fir eng Iwwerwaachung ginn huet, dës ëmmer zäitno schrëftlech reguléiert ginn ass. Eng schrëftlech Virlag gëtt et am presente Fall net, also gëtt et och keng Autorisatioun.

E puer Niwwelkäerze sinn ëmmer gutt

Mee de Jott-zé-Jott, e Mann vun deem gewosst ass, datt hie weder op de Kapp gefall ass, nach op de Mond, huet sech gëschter dunn awer eppes schwéier gedoen. Hie wollt dann och en ënnerscheet maachen, tëscht der Opnam vun engem Telefonat (deem tëscht dem Mariotto an dem Kemmer) an enger Ecoute. Hien hätt do net d‘Gefill gehat, datt een sech op juristescht Glatäis begëtt.

Hie bestätegt dann och nach eppes ongewollt, datt et esou „Opnamen“ – bei deenen ee sech näischt schéngt geduecht ze hunn – méi ginn huet. An da brécht nees viru Geriicht déi de grousse Politiker virbehale Gedächtnislück aus. De Jean-Claude Juncker kann sech beim beschte Wëllen net un alles erënneren, hie war zu dëser Zäit ee villbeschäftegte Mann, stänneg ënnerwee a vill ëm d‘Oueren.

Bezitt ee sech elo op déi ofgespillten Opnam vum 31. Januar 2007, esou héiert een do d‘Stëmm vum SREL-Direkter, wéi dësen dem Jean-Claude Juncker an Erënnerung rifft, dat hien him op Nofro d‘Erlaabnes erdeelt hätt. Déi ganz Opnam soll et dann um Donneschdeg ginn. No enger klenger Stonn viru geriicht huet sech de Jott-zé-Jott nees aus de Féiss gemaach. Géintiwwer de Medie sot hien nach en Passant, datt hie ma selwechte Gefill gëtt mat deem hie komm war…

Den Affekote vun den Ugeklote kënnt et net ongeleeën, datt deen eeleren Zeie viru Geriicht net méi alles zesummekritt. Fir de Pol Urbany ass kloer, datt wann sech de fréiere Premier net erënnert, an, dat besonnesch bei „zentrale Froen“, d‘Geriicht dee ganze Prozess muss annuléieren oder fale loossen. Mee bon, dofir war et dann um Donneschdeg awer nach eppes verfréit.

Weise mir der Vollstännegkeet hallwer nach drop hin, datt gëschter den ex-Spioun André Kemmer dem Geriicht erkläert huet wat et mat der ominéiser awer anscheinend eideler CD op sech huet a wei hien iwwerhaapt dovunner héieren huet. Wéi sech de Prozess elo weider entwéckele wäert an op nach Iwwerraschungen ze erwaarde sinn? Dat gitt dir am nächsten Artikel gewuer…

Illustratioun: © Dmitry Ratushny / unsplash

Ähnlech Sujeten Bommeleeër, Geheimdéngscht, Jean-Claude Juncker, SREL, SREL-Prozess
Nächsten Artikel Virrechten Artikel