Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fënnef Doudeger no Messerattack a Paräisser Prefektur
https://moien.lu/best-headlines-for-dating-websites/

Fënnef Doudeger no Messerattack a Paräisser Prefektur

Op der Île de la Cité (4. Arrondissement) zu Paräis

job dating iae caen
https://moien.lu/best-headlines-for-dating-websites/

Mobbing ass un eise Schoulen keng Seelenheet – an d’Opfer wëssen sech oft net ze hëllefen!

Fir vill Schüler ass et eng deeglech Realitéit: Si gi

Den Atelier: Ganz vill Häerz, ganz vill Dean Lewis!
https://moien.lu/best-headlines-for-dating-websites/

Den Atelier: Ganz vill Häerz, ganz vill Dean Lewis!

Et geet nees viru mam musikalesche Repertoire. Um Programm gëschter

SREL: Um Geriicht ass d‘Geheimdéngschtaffär nees d‘Aktualitéit

SREL: Um Geriicht ass d‘Geheimdéngschtaffär nees d‘Aktualitéit

Nodeems den deemolege Premierminister Jean-Claude 2013 wéinst Ongereimtheete beim SREL d‘Trapp eropgefall an EU-Kommissiounspresident huet misse ginn, sinn et elo 3 fréier „Spiounen“, deenen de Prozess gemaach gëtt. Eng esouwuel interessant wéi spannend Affär, firwat op dëser Plaz emol ee Réckbléck gewot gëtt, fir den Ëmfang vun de Faiten nees an Erënnerung ze ruffen.

Den eigentleche Startschoss vun der „SREL-Affär“ gouf et den 10. Juli um Krautmaart, wou et eng vun de längsten Debatten an de jénger Geschicht vun eisem Land ginn hat. No siwe Stonnen ënner Dauerbeschoss, hat de Jott-zé-Jott d‘Nues gestrache Voll – woubäi schon am Virfeld d‘Medien de Regierungschef schwéier belaascht haten – an hien huet dé lescht Konsequenz dann och ergraff.

Et waren där Dysfonctionnementer einfach ze vill, als datt een se nach hätt kënne vertuschen, an de Chef vum Geheimdéngscht war während „dëser Zäit“ nu emol keen anere wéi Jean-Claude Juncker. An hei muss dann och op d‘Zesummenhäng mat der Bommeleeër-Affär higewise ginn. Eng Affär iwwregens an där et zanter Juli 2014 wéineg, fir net soen „näischt“, Relevantes ne notéiere gëtt.

An da sinn do déi illegal Oflauschteraktiounen, eng verschlësselt CD a besonnesch d‘Aflossnam op de Generalstaatsanwalt Roby Biever, duerch dem Premierminister säin Henker, de Justizminister Luc Frieden, deen awer de Mësstrauensvott an der Chamber iwwerstanen hat. Net ze vergiessen, datt se beim SREL och beméit waren, de genannte Procureur als Kannerschänner ze diskreditéieren.

Hei war déi vun der Chamber agesaten Enquêtëkommissioun dann och zum Schluss komm, datt de Regierungschef voll verantwortlech fir alles ze maachen ass, wourop hin d‘Sozialisten d‘Koalitioun verlooss hunn. Déi politesch Suitte si bekannt: Opléisung vun der Regierung, vill laang Gesiichter virun an no de Neiwahlen, Entstoe vun der Dräier-Koalitioun déi och als „Gambia“ verkläert gëtt.

Nom politeschen… de juristesche Volet

Elo muss nach eppes méi déif an d‘Annale vun der Geschicht gebléckt ginn. De juristesche Volet, zumindest inhaltlech, féiert eis Zréck bis an den Hiecht 1985. Hei hat et am November um Findel eent vun dem Bommeleeër zougeschriwwenen „Attentater“ ginn. Op dësem 9. November wëll den Eugène Beffort de Prënz Jean „op der Plaz“ erbléckt hunn. Eng Geschicht déi hie fir sech behält.

2005 awer huet de gudde Mann, deen seng Observatiounen net der Police matdeele wollt, sech beim Jean-Claude Juncker an dëser Affär eng Entrevue ugefrot an och erhalen. An hei ass et wou sech den Dossier à Charge géint déi dräi Geheimdéngschtbeamten André Kemmer, Marco Mille a Frank Schneider opdeet. Haut wësse mir, datt de Premier de Groussherzog iwwert d‘Lag informéiert huet.

Interessant hei: dëst Gespréich tëscht dem Jean-Claude Juncker an dem Groussherzog Henri soll – esou zumindest d‘Affirmatioun vum Loris Mariotto, Informatiker – enregistréiert a verschlësselt op enger CD enthale sinn. Eng Informatioun déi séier un de SREL gelaangt ass, an dësen huet sech net manner séier dëser ominéiser CD „ugeholl“, scheitert awer kläglech un der Entschlësselung.

Zu dësem Ament war de Marco Mille den Direkter vum SREL, an dee soll sech vum Jott-zé-Jott d‘Erlaabnes ageholl hunn, de Loris Mariotto oflauschteren ze dierfen. Eng Operatioun déi „am klengen“ net zefriddestellend war, firwat de Spionagehäuptling beim ganz grousse Chef ëm eng „méi ausgibeg Operatioun“ ugefrot huet. Dëse Fait kéint eng Schlësselzeen an dësem Prozess ginn.

Schliisslech huet sech bis zum haidegen Dag, eise fréiere Premierminister drop behaapt, dem Marco Mille ni mëndlech zougestanen ze hunn, den Informatiker „banne baussen ze kéieren“. Déi zwee awer haten En Januar 2007 e Véierae-Gespréich, an de Chef-Spioun war gutt virbereet an dës dach ongewéinlech Entrevue eragaangen. Seng Auer war e Gadget deen d‘Gespréich opgeholl huet…

Et léisst sech näischt verheemlechen

Den Direkter vum Geheimdéngscht wäert sech eppes dobäi geduecht hunn, wéi hien den 31. Januar dat perséinlecht Gespréich opgeholl huet. Natierlech ouni dem Chef e Wuert dozou ze vergënnen, et ass jo net Spioun ëmsoss… Dat gewosst, ass et dann och logesch, datt de Verbatim vum Gespréich huet missen optauchen. Dat war fënnef Joer drop och de Fall, d‘Primeur hat d‘Wochenzeitung Land.

A jo och dëst „Dokument“ dierft am Prozess eng gewëssen „droend Roll“ zougewise kréien. Nach emol 5 Joer méi spéit, ass et dann de Marco Mille dee Plainte deposéiert. Hie ass eppes rosen, wat, oder villméi wéi, mat der Transkriptioun vum illegal enregistréierte Gespréich ëmgaange gëtt. Esou wier de Passage, wou de Juncker erkenne léisst vun den Ecoute gewosst ze hunn, verschwonnen.

Vill Vertrauen an déi national Medien – déi de Marco Mille niewebäi och iwwerwaacht huet – hat den ex-Spioun 2018 keent. Hien huet et virgezunn sech dem Spiegel (dat ass d‘Bild am biergerleche Kostüm) auszeloossen. An engem Interview huet hien nach emol betount datt de Premier him déi Ecoute erlaabt hat, an datt hien ënner Eed den Untersuchungsriichter belunn huet (2. Mee 2015).

Léien datt ass jo elo awer och esou eppes wéi d‘Kärgeschäft vun de Geheimdéngschter, an et ass erlaabt sech ze froen, ob de Marco Mille no esou ville Joeren der Ligen, iwwerhaapt nach Amstand ass tëscht deem, wat sech wierklech zougedroen huet, an deem wéi hie sech wënscht datt et sech zougedroe soll hunn, nach ënnerscheede kann. Dat muss a leschter Instanz d‘Geriicht klären.

Et schéngt awer ugesiichts der Komplexitéit an dem Ëmfang vun dësem Prozess onerlässlech, datt de Jean-Claude Juncker als „Zeien“ am Prozess muss optrieden. Elo ass de Mann net méi dee jéngsten, a scho säi Virgänger a Frënd de Jacques Santer, hat et anscheinend och net einfach sech „Banalitéiten“ ze mierken. Seng Depositioun virum Geriicht wäert nach fir Gejäiz suergen…

A jo… iert een eis eppes ënnerstellt: Déi an dësem Artikel mam Numm genannten ugeklot Beamte vum Geheimdéngscht, sinn – an dat bis de Géigendeel erwisen an duerch en Urteel bestätegt ass – onschëlleg. (NvdR)

Illustratioun: © David Sinclair / unsplash

Ähnlech Sujeten André Kemmer, Bommeleeër, Frank Schneider, Jean-Claude Juncker, Marco Mille, SREL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel