Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Monsanto op der Bänk vun den Ugekloten
dating singaporean guys Neiegkeeten

top dating websites usa

E Méindeg huet sech Monsanto bei engem Prozess zu San

dating someone with busy schedule
dating singaporean guys Neiegkeeten

Fir dëse Lëtzebuergesch-Quiz brauchs du Nerven aus Stol!

Wéi all Freide presentéiere mer och haut eisen neie Lëtzebuergesch-Quiz!

What the Fakt – de Frank Sinatra kënnt op d’Welt
dating singaporean guys Neiegkeeten

What the Fakt – de Frank Sinatra kënnt op d’Welt

Den US-amerikanesche Sänger, Entertainer a Schauspiller ass och haut nach,

Sri Lanka: No den Uschléi, de Noutstand

Sri Lanka: No den Uschléi, de Noutstand

No den Terroruschléi déi ganz Sri Lanka an Angscht versat hunn, huet d‘Regierung den Noutstand ausgeruff. Domatter erhale Police an Arméi wäitreechend Befugnisser. Interpol huet en Team vun Experten entsandt, dat bei der Opklärung hëllefe soll.

Punkt Mëtternuecht sinn op Sri Lanka d‘Noustandsbestëmmungen a Kraaft getrueden, an d‘Police wéi och d‘Arméi hunn op Beschloss vum Sécherheetsrot, wäitreechend Befugnisser erhalen. Esou de kuerze Communiqué aus dem Büro vum President Maithripala Sirisena. Dësen huet eng Equipp agesat fir d‘Uschléi ze ënnersichen. Si soll schonn an dräi Wochen en éischte Bericht virleeën.

Et ass bestätegt ginn, datt Interpol sech un den Ermëttlungen op Sri Lanka bedeelegt. Zu dësem Zweck ass en Team vun Experten zesummegestallt ginn. „Informatiounen zur Identifizéierung vu Persounen, déi mat dësen Uschléi kéinten a Verbindung stoen, musse global zesummegefouert ginn“, esou den Interpol-Generalsekretär, Jürgen Stock, mat verweis op säin Netzwierk.

Nieft dem weltwäiten Netzwierk, sinn och d‘Datebanke vun Interpol eng wichteg an onverzichtbar Informatiounsquell. Interpol huet dann och bestätegt, datt aktuell no geklauten an/oder verluerene Päss oder soss Dokumenter gekuckt gëtt. Datt wier elementar fir méiglech Spuren oder international Verbindungen opzedecken. Woubäi dat och am digitalen Zäitalter eng Sisyphusaarbecht bleift…

Keng Revendicatioun mee e Verdacht

Gëschter huet de Premierminister vu Sri Lanka, Ranil Wickremasinghe en éischte Verdacht iwwer d‘Täter geäussert. D‘Uschléi – obwuel nach vu kenger Säit revendiquéiert – ginn esou der lokaler Islamistegrupp „National Thowheeth Jamaath“ (NTJ) zougeuerdent. Dëse Grupp war am Dezember eng éischte Kéier opgefall, nodeems hir d‘Beschiedegung vu buddhistesche Statue virgeworf gouf.

Hire Leader, den Abdul Razik, hätt zudeem vill Zäit am Prisong verbruecht a gëtt beschëllegt, d‘Moslemen zu reliéiser Onrou unzestëften. D‘Autoritéite sinn allerdéngs och iwwerzeegt, datt déi Uschléi nëmme mat Hëllef aus dem Ausland méiglech waren. Wéi eng international organiséiert Gruppéierung do a Fro kënnt, gouf net preziséiert, och e Verdacht gouf net geäussert.

Opgrond de verschäerfte Sécherheetskonditioune kënnt et erwaardungsgeméiss zu Aschränkungen, haten d‘Autoritéiten zäitweileg den Zougang zu de sozialen Netzwierker gespaart. Haaptsächlech betraff, waren d‘Déngschter vum Facebook-Konzern. Et sollt esou der Verbreedung vu Fake-News begéint ginn. Doriwwer eraus ass op der ganzer Insel eng Ausgangsspär verhaange ginn.

Wat de „korrigéierte“ Bilan betrëfft, esou si bis ewell 310 Persoune, bei oder duerch d‘Uschléi ëm d‘Liewe komm. Alles an allem si 24 verdächteg Persoune festgeholl ginn. Laut dem Inneministère, dee bestätegt datt si alleguerten aus Sri Lanka, géifen d‘Verhéier zur Zäit weidergefouert.

mat indymedia/col/lax/nyc

Ähnlech Sujeten Interpol, isla, National Thowheeth Jamaath, Sri Lanka, Terror
Nächsten Artikel Virrechten Artikel