Search

You may also like

Asselborn: Katar-Kris duerch Dialog léisen
Neiegkeeten

Asselborn: Katar-Kris duerch Dialog léisen

D’Katar-Kris huet scho säit Wochen d’Noriichtewelt am Grëff. Nodeems den CSV-Deputéierte

Walfer Bicherdeeg 2019: De Lëtzebuerger Buchpräis geet un …
Neiegkeeten

Walfer Bicherdeeg 2019: De Lëtzebuerger Buchpräis geet un …

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg 2019 ass och bei

Éisträich: Dräi antisemittesch Iwwergrëff bannent enger Woch
Neiegkeeten

Éisträich: Dräi antisemittesch Iwwergrëff bannent enger Woch

Mat engem Baseballschléier ass ee Samschdeg den Elie Rosen, Virsëtzende

E staarkt Benevolat am Naturschutz – de Vullenzuch

E staarkt Benevolat am Naturschutz – de Vullenzuch

Beim ABC vun der Natur sprange mir haut op de Buschtaf V, wéi Vullenzuch. All Joer fléien d’Zuchvullen nämlech am Wanter a méi waarm Regiounen, net fir Vakanz ze maachen, mee fir no Iessen ze sichen. Heirënner falen ënnert anerem de Guckuck, d’Schmuewel oder och d’Huergänsen.

Wat fir eis wéi eng magesch Rees kléngt – wie wéilt schonn net gären eegestänneg fléie kënnen – bedeit fir d’Vulle selwer allerdéngs e geféierlechen Trajet. Méi wéi 60 % vun de jonke Villercher packen et nämlech net un hiert Zil.

Duerch de massive Verkéier a Chantiere fale wichteg Erhuelungsméiglechkeeten ewech an och duerch illegal Juegd an de südeuropäesche Regiounen an an Afrika klëmmt den Drock op d’Déieren ëmmer weider. Ëmsou méi wichteg ass et, datt de Mënsch hinnen op hirer Rees wichteg „Energie-Tankstellen“ bitt, sou wéi beispillsweis d’Fiichtgebitt Schlammwiss.

An dësem Kontext organiséiert natur&ëmwelt säit iwwer 25 Joer, zesumme mat aneren europäesche BirdLife Partner Evenementer fir Zuchvullen ze beobachten. Am Virdergrond steet dobäi d’Opklärung iwwert déi schwiereg Situatioun vun den Déieren. Ma, ouni Spaass léiert et sech net esou gutt, wouduerch lieweg a frësch Aktiounen zum Matmaachen animéieren.

E wichtegen Outil ass heibäi den EuroBirdwatch, dee sech am Laf vun der Zäit ëmmer weider entwéckelt huet. An dësem Joer ginn op méi wéi 900 Plazen um 3. a 4. Oktober d’Vulle beobacht. Zu Lëtzebuerg ginn Är Beobachtungskënscht an der Schlammwiss ab 9:00 Auer benéidegt (Rondgang duerch d’Fiichtgebitt mat uschléissender Visitt vun der Vulleberéngungsstatioun, Umeldung iwwert Tel. 621 293 695 oder j.p.schmitz@naturemwelt.lu), wéi och zu Bouneweg am Kaltreis-Park ab 9:00 Auer (Umeldung iwwert Tel. 621 298 424).

D’Umeldung ass obligatoresch. Wien eng Spektiv huet, kann dës gäre matbréngen.

Zum Video-Projet

„E staarkt Benevolat am Naturschutz“ ass ee vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ko-finanzéierte Video-Projet. An dësem Kader gi 15 kuerz Filmer produzéiert, déi ee Mix aus Videoopnamen, Grafikinfoen a Comics bidden. Dobäi ginn, wéi an engem Lexikon, verschidden Themen opgegraff an op d’Wichtegkeet vum Benevolat higewisen.

Den éischte Video am Kader vun dësem Projet ass zum Thema Regulus Club. Weider Informatioune fannt Dir HEI.

Related topics Beréngung, e staarkt Benevolat am Naturschutz, Erhuelung, Fiichtgebitt, Illegal Juegd, Liewensraum, Natur, natur&ëmwelt, Schlammwiss, Sensibiliséierun, Sensibiliséierung, Verkéier, Vullenzuch
Next post Previous post