Covid-19: D’Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger
Am Kampf géint den neiaartege Coronavirus Covid-19 huet de Käerjenger
Am Kampf géint den neiaartege Coronavirus Covid-19 huet de Käerjenger
Eng kleng wëssenschaftlech Revolutioun oder nëmmen eng schlicht Feststellung? Bis
Dat behaapt mol op mannst d’Piratepartei an hirer Pressematdeelung vu gëschter. Sou wiere bei de Studentejobs d’administrativ Hürden einfach ze grouss. De René Schmit vun der Piratepartei erkläert: “Elleng d’Umeldung bei der CCSS an den administrativen Opwand mat engem Studentekontrakt ausserhalb vun de Vakanze mécht et oninteressant fir en Entrepreneur fir Studente richteg ze déclaréieren. De Risiko vu Schwaarzaarbecht gëtt domadder vum Staat implizit gefördert.”
E Studenten-CDI, deen op Stonnebasis ofgerechent gëtt an nëmmen ee mol pro Mount misst deklaréiert ginn, géif laut de Piraten zu méi Rechtssécherheet féieren. Aktuell ass et esou, datt Schüler a Studenten maximal 2 Méint vollzäit pro Joer Während de Schoulvakanzene kënnen agestallt ginn. Ausserhalb dovunner kënnen se vun CDDen profitéieren, déi nëmmen ee Mount dierfe lafen an op zéng Wochestonnen limitéiert sinn.
Op guichet.lu ginn et nach méi Präzisiounen: Esou däerf e Schüler oder Student am Joer nëmmen zwee Méint, also 346 Stonnen am Joer schaffen. Esou e Vertrag däerf nëmmen an de Vakanzen ausgefouert ginn, ausser et ass en Job an der Hotels- oder Gastronomie-Branche. D’Piratepartei setzt sech an deem Kontext dofir an, datt dës administrativ Hürden ofgebaut gionn an d’Schwaarzaarbecht bekämpft gëtt.
Laut de Pirate géifen sech ëmmer méi Studenten duerch d’Cedies-Reform gezwonge fillen, niewebäi schaffen ze goen. Mee wat genee huet e Student eigentlech aktuell an deem Kontext ze gutt? Bekanntlech ginn et do zwee Voleten: Eng Kéier d’Börsen, déi net zeréck bezuelt musse ginn, an d’Krediter, déi zréck bezuelt musse ginn.
Bei de Boursen gëtt et eng Bourse de base vun 1.000€ pro Semester. Wien an d’Ausland studéiere geet an do wunnt, kritt nach eng kéier 1.125€ drop. Bis zu 1.900€ kënne fir Studenten aus sozial schwaache Famille dobäi kommen. Ween Geschwëster huet, dei och eng Bourse kréie kéinten, kritt der nach emol 250€ an d’Aschreiwegbühre kënne bis zu 1.850€ vum Cedies iwwerholl ginn. De Kredit kann sech op bis zu 3.250€ erhiewen a muss innerhalb vun zéng Joer, ma fréistens zwee Joer nom Schluss vun den Etuden, ofbezuelt ginn. Den Zënssaz ass op maximal 2% festgeluecht.