Search

You may also like

Gett et deemnächst Cola mat Cannabis Geschmaach?
Neiegkeeten

Gett et deemnächst Cola mat Cannabis Geschmaach?

Cannabis duerchleeft aktuell eng Period vun der „gesellschaftlecher Toleranz“, gëtt

Kongress vun der KPL: Dës EU kann een net reforméieren
Neiegkeeten

Kongress vun der KPL: Dës EU kann een net reforméieren

E Sonndeg hat déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) hire Kongress,

surprise
Ass Lëtzebuerg prett fir en neie Referendum?
Neiegkeeten

Ass Lëtzebuerg prett fir en neie Referendum?

Wann een iwwert Politikverdrossenheet schwätz, gi gäre gewësse Léisungen ëmmer

Staatlech Maskeverdeelung als Deel vun der Covid19-Exitstrategie

D‘CSV fuerdert vun der Regierung Kloerheet fir d‘Bierger, d‘Gemengen an d‘Entreprisen

Staatlech Maskeverdeelung als Deel vun der Covid19-Exitstrategie

Vill Mënsche stellen sech an dëse Covid19-Zäiten d‘Fro nom beschtméigleche Schutz fir hir Famill a sech selwer. Ee wesentleche Punkt ass dobäi d‘Fro no de Schutzmasken. D‘Veronsécherung ass hei besonnesch grouss. Dat gëllt fir Privatpersounen. Dat gëllt och fir d‘Gemengen an d‘Entreprisen als Patron. An och fir de Staat selwer. Och d‘Regierung schéngt sech mëttlerweil fir d‘Droe vu Masken an der Ëffentlechkeet auszespriechen. Mee nach bleiwe vill Froen onbeäntwert.

D‘CSV fuerdert dofir d‘Regierung op, onverzüglech der Ëffentlechkeet ee kloert a koherent Konzept zur Verdeelung vun de Maske virzeleeën. Wann et an Éisträich méiglech ass, am ëffentleche Raum eng Maskeflicht fir 9 Millioune Mënschen ëmzesetzen an déi benéidegt Masken an ausreechendem Mooss zougänglech ze maachen, esou muss dat och zu Lëtzebuerg méiglech sinn. Dëst Konzept muss Deel vun engem breet ugeluechten nationale Versuergungsplang sinn, deen all Materialfroe beäntwert. Esou ee Plang ass fir d‘Strategie zur Ophiewung vum gesellschaftlechen a wirtschaftleche Lockdown onabdingbar.

Gebraucht gi kloer an an der Praxis ëmsetzbar Richtlinnen iwwert de Gebrauch vun de jeeweilegen Typpe vu Schutzmaske fir de Gesondheets- a Fleegesecteur, fir Altersheemer an Behënnerte-Foyeren, fir Gemengen, fir Entreprisen, fir d‘Staatsverwaltung, fir Schoulen, fir all Patron an Acteuren, esou wéi virun allem d‘Bierger. Et ass d‘Aufgab vun der Regierung, dëst Richtlinne virzeginn an hir Ëmsetzung ze erméiglechen.

Staatlech

© Sharon McCutcheon / unsplash

Dee vum nationale Versuergungsplang soll zudeem eng national an zentral Akafs-, Produktiouns- a Verdeelungsstrategie sinn. Och hei feelt et u Kloerheet a Koordinatioun. Et ass iwwerdeems net akzeptabel, datt engersäits net genuch Maske fir déi ganz Bevëlkerung zur Verfügung stoe sollen, anersäits awer genuch kommerziell Offere fir Masken zu Fantaisiepräisser kurséieren. Esoulaang keng Flächendeckend ëffentlech Ausgab vu qualitativ onzweiwelhafte Maske geséchert ass, muss de Parallelhandel verbuede sinn a geahnt ginn.

Kuerz gesot: De Staat muss seng national Verantwortung iwwerhuelen. D‘Regierung an och de Staatsminister sinn an der Masken- wéi der Materialfro gefuerdert. Dat esouwuel fir d‘Gesondheet vun de Bierger, wéi och fir den Neistart vun der Wirtschaft. De Staat ka seng Schutzverantwortung weder un d‘Gemengen nach un d‘Entreprisen delegéieren. Gläichzäiteg mussen esouwuel d‘Gemengen, wéi och d‘Sozialpartner méi staark agebonne ginn.

Matgedeelt vun der CSV, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser. D‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen.

Illustratioun: © Samuele Giglio / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, CSV, Exitstrategie, Gesiichtsmasken, Maskeflicht, Regierung
Next post Previous post