Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip
Meenung Neiegkeeten

Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip

D’80er Joren ze imitéieren ass einfach. Eppes Interessantes an Originelles

OPGEPASST: Eventuell Glasstécker bei Ravioli vu „Jardin Bio“
Meenung Neiegkeeten

OPGEPASST: Eventuell Glasstécker bei Ravioli vu „Jardin Bio“

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt d’Ravioli mat

GEWËNNSPILL 2019: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner
Meenung Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2019: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner

Keng Loscht op den typeschen Adventskalenner mat séisse Leckereien? Wann

Editorial: Staatleche Clientelismus oder scho gewollt béis Absicht

Editorial: Staatleche Clientelismus oder scho gewollt béis Absicht

Datt moien.lu elo méiglecherweis net zu de beschte Presseprodukter am Land gehéiert an zuweilen éischter inzisiv an ouni e Blat virun de Mond ze huele mat der Aktualitéit ëmgeet, kann deem engen oder anere géint de Stréch goen, mee nach liewe mir an enger Demokratie an d‘Pressefräiheet huet et an sech, datt et do nach Journaliste gëtt, déi hiren eegene Kapp hunn an dësen och gebrauchen.

Wéi den Etat de Kréis wéinst dem onséilege Virus aus China – fir et dem Donnie nozeplapperen – de ganzen Annoncemaart bei der Däiwel gekéiert huet, hat eis butzeg Zeitung endlech eng Persoun fonnt, déi sollt Reklamme sichen, déi eis eppes Finanzmëttel sollten zousécheren, fir d‘Ekipp och personell ze verstäerken. Et ass net wéi wa mir näischt ze dinn hätten an Hëllef wier wëllkomm.

Elo kann een allerdéngs och nëmmen da Leit astelle wann een se bezuele kann. Mat der Hëllef vum Staat ass datt partiell méiglech, mee esou ganz ouni d‘Einname vun der Werbung dann awer och net ze leeschten. Am Kontext vun der Kris hat d‘Regierung, där d‘Situatioun vun de Medie jo och net entgaange war versprach, datt dëse mat den diverse staatleche Campagne sollt gehollef ginn.

Ob et hei ëm de Covid19 an säi „Large Scale Testing“ Programm geet oder just ëm de Rekrutement bei Arméi a Police geet, och moien.lu wier frou gewiescht als online Zeitung (wou d‘Reklamm net owes an der Dreckskëscht lant) och vun der Regierung berécksiichtegt ze ginn. Wann d‘Arméi op YouTube ka Reklamm maachen, sollt Online-Werbung jo och national méiglech sinn, eigentlech.

Fakt ass, datt mir zur Stonn vu kenger Säit eppes erhalen hunn. Et ass elo net esou, datt kee géif wëssen datt deem esou ass, an esou lues awer sécher fänkt et zolidd un ze nerven. Déck braddelen, datt een den Aarbechtsmaart soll stäerken, an dat eng Investitioun an Aarbecht besser ass wéi an de Chômage, ass wuel léif gemengt, mee da sollt een och d‘Kreatioun vun dëse Jobs fërderen.

Wärend bei Mediahuis entlooss gëtt, d‘POST (en 100% Staatsbetrib wann och „privat“) senge Cliente keen Dateverbrauch rechent wann se d‘Noriichten (gratis) bei Bertelsmann ofruffen an och méi traditionell Medien an d‘Laberente geroden, huet een onweigerlech den Androck, datt déi verschidde Verwaltungen no vun uewen ugeuerdente Viraussetzungen hir Reklamme verginn.

Elo ass dat eng Praxis, déi schonn an Ungarn ganz erfollegräich ëm- an duerchgesat gëtt. Och a Polen huet et eng Regierung déi gefalen un esou Mesure fënnt. A béide Länner geet et kloer drëms d‘Demokratie ze schwächen an eng Meenung ze implementéieren. moien.lu ass fir d‘Regierung keng Gefor, esouvill dierf ënnerstrach ginn. Et kéint also unhuelen, et wier eppes Perséinleches…

Illustratioun: © Marcus Spiske / unsplash

Ähnlech Sujeten Arméi, Gesondheetsdirektioun, Publicitéit, Regierung, Reklamm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel