Search

You may also like

Covid-19: E Réckbléck op d’Lag vum 26. Oktober bis 1. November
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Lag vum 26. Oktober bis 1. November

An der Woch vum 26. Oktober bis den 1. November,

Tacheles: Verstoppten EU Internet-Filter
Neiegkeeten

Tacheles: Verstoppten EU Internet-Filter

D’Europa Politiker schaffen um Gréissten Internet-Filter, dee mir jeemools gesinn

Nordkorea: de Kim op der Sich no neie Frënn
Neiegkeeten

Nordkorea: de Kim op der Sich no neie Frënn

Moskau huet eng Rumeur bestätegt, laut där de nordkoreanesche President,

Staatsanwaltschaft a Regierung sollten sech eens sinn

Staatsanwaltschaft a Regierung sollten sech eens sinn

Am Kontext vum Covid19-Gesetz, gëtt et nawell zolidd Diskrepanzen tëscht deem wat de Staat elo wëll an deem wat d‘Justiz dovunner duerchsetze kann. De Procureur Georges Oswald huet sech um private Staatssender Bertelsmann/RTL ee Méindeg dozou ausféierlech geäussert. Op dat nach mat der Retenue, déi vu esou engem héije Staatsbeamten erwaart gëtt, vereenbar ass?

Dat soll net eis Suerg sinn, an doriwwer eraus schwätzt jo och de Policebericht Bänn, wann ee sech op déi vill Kontrolle vun der Police bezitt. Déi muss kontrolléieren op déi Leit wou tëscht 23 a 6 Auer op der Rull sinn, dofir ee gültege Grond hunn, an zuweilen och, op dat mam Besuchsrecht, esou wéi vum modifizéierte Covid19-Gesetz virgeschriwwen, vun de Bierger agehale gëtt.

Et dierf och drun erënnert ginn, datt net nëmmen d‘Police, mee och d‘Douane d‘Kompetenz huet ze kontrolléiere wat am ëffentleche Raum esou virgeet. Dëst Gesetz awer, dat de leschte Mëttwoch an der Chamber ugeholl ginn ass, erlaabt et weder der Police nach der Douane, e verstuelene Bléck an d‘Wunneng ze werfen. Net esou einfach also, Verstéiss bei der Unzuel vu Gäscht ze préiwen.

Fir de Georges Oswald eng Zoumuddung. Fir esou Gesetzverstéiss nozegoen, misst sech op Aussoe vun Zeien (dat kënnen d‘Nopere sinn) verlooss ginn oder d‘Police kann sech et virun der Dier eppes gemitterlech maachen, bis d‘Leit sech op den Heemwee maachen. Esou awer kann d‘Police, déi jo personell eppes ënnerbesat ass, net schaffen. Bleift just d‘Iwwerwaachung vum ëffentleche Raum.

Reklaméieren ass eng valabel Optioun

Héich interessant dann och déi vum Procureur geliwwert Erklärungen. Esou huet hei de Georges Oswald confirméiert datt d‘Police där Verstéiss géint d‘Ausgangsspär méi géif feststellen, seng Verwaltung awer eréischt dovunner eppes matkritt, wann de protokolléierte Bierger dëse Virgank kontestéiert. Vill Kontestatioune schéngt et elo awer net ze ginn, zumindest säitens de Bierger.

Wie kontestéiert schéngt awer gutt Chancen ze hunn, zumindest mat enger Verwarnung besser ewech ze kommen, wéi wann de Protokoll (135 Euro) bezuelt gi wier. Bestätegt d‘Justiz dann de Verstouss, bleift jo och derbäi. Eppes anescht ass et wat sech Geschäftsleit zur Wier setzen, hei virzuchsweis aus dem Horesca-Secteur, wou de Montant vum Protokoll eng houfreg Zuel huet.

An dësem Kontext huet et dann eng Rei 4.000 Euro-Protokoller ginn, déi vun de Betraffene beim Verwaltungsgeriicht ugefecht goufen. Heibäi ergëtt sech d‘Feststellung, datt déi an de Medien a vun der Oppositioun als inkoherent verkläerte modifizéiert Covid19-Gesetzer, op „Sand gebaut“ goufen, firwat et sech lount en Affekot zwecks Berodung a méiglecher Kontestatioun opzesichen.

Datt d‘Regierung vum Covid19 gejot gëtt, an zuweile Widderspréchleches onvermeidbar ass, kann a sollt een hinnen net zum Virworf maachen. Anersäits sollt een dierfen erwaarden, datt déi Texter, déi dann awer mussen ëmgesat ginn, juristesch haltbar sinn. Wann d‘Police scho soll repressiv géint Verstéiss virgoen, sollt hir Aarbecht net scho vum Gesetz selwer a Fro gestallt ginn. Nondikass…

Illustratioun: Succo / Pixabay

Related topics Geriicht, Gesetzer, Kontestatioun, Police, Procureur, Protokoll, Regierung, Staatsanwaltschaft, Verwaltungsgeriicht, Verwarnung
Next post Previous post