Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Paulette Lenert zu Roum: Diskussiounen zum Fonds ABC
best free online dating sites to hook up https://moien.lu/radiometric-dating-age-of-rocks/

best dating sites austria

Am Kader vum 42. Rot vun de Gouverneure vun der

ts entertainment dating rules
best free online dating sites to hook up https://moien.lu/radiometric-dating-age-of-rocks/

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!

Um Samschdeg, den 11. Mee 2019 sidd Dir häerzlech op

Lëtzebuerg: D‘ONG „Dokteren ouni Grenzen“ geet vun Dier zu Dier
best free online dating sites to hook up https://moien.lu/radiometric-dating-age-of-rocks/

Lëtzebuerg: D‘ONG „Dokteren ouni Grenzen“ geet vun Dier zu Dier

Déi Lëtzebuerger Antenn vun den ONG Dokteren ouni Grenzen (MSF)

money

Staatsbudget 2018: De Musterschüler ass e Scholdaarsch

Staatsbudget 2018: De Musterschüler ass e Scholdaarsch

Fir de Finanzminister Pierre Gramegna hu mir d‘Kris iwwerwonnen, stinn op zolitte Féiss a sinn d‘Musterschüler vun der europäescher Unioun. Mam deposéierte Budget wëll de Finanzminister genau dat och an Zuele verdäitlechen.,

Lëtzebuerg geet et also gutt an et schéngt nach Spillraum ze sinn fir Kaddoen ze maachen. Gespuert ginn ass also genuch, an de Pierre Gramegna huet beim Entworf zum Budget 2018 den Euro net zweemol ëmgedréit. Mee dat villt Geld schéngt emol gutt ugeluecht ze sinn, op mannst wann ee sech den Detail ukuckt.

Gratis Kannerbetreiung (+ 36,2 Milliounen €); Congé fir d‘Elteren (+ 90 Milliounen €); Ausbau vun Altersheemer a Fleegeheimer (+ 70 Milliounen € bis 2021); Kulturpolitik (+ 17 Milliounen €); digital Kompetenz (+ 2,2 Milliounen Euro), Renovéierung vum Escher Widderstand-Musée (+ 4,5 Milliounen €). De gréisste Batz gëtt awer an den ëffentlechen Transport gestach (826,5 Milliounen €).

Dozou dierf een dann och nach déi 14,5 Milliounen € rechnen, déi opgewannt musse ginn, fir all Schüler aus dem Secondaire d‘Bicher ze bezuelen. Och de Sport kritt eng gesond Hëllef. Et sollen an de nächste Joer net manner wéi nei Sportzenter, 15 Sportshalen an dräi Fussballsterraine gebaut ginn.

Net ze vergiessen, datt mam Institut fir héich Performance am Sport, eis Sportseliten am Hibléck op Olympia 2020 och zimlech gutt beduecht ginn. De Finanzminister faasst et dann och an engem Saz zesummen: „Dës Regierung wëll, datt déi zukünfteg Generatioune méi Liewensqualitéit genéissen“.

Méi e luese Wuesstem

D‘Investitioun an d‘Zukunft baséiert um wirtschaftleche Wuesstem. De Statec gesäit fir 2017 e Wuesstem vun 3,4% a fir 2018 vu 4,4% viraus. Dat ass eppes kléngs manner wéi erhofft an deemno kee Grond fir d‘Regierung op Geldausginn ze verzichten. Si vertraut op déi gutt konjunkturell Lag a vertraut de Prognosen.

Elo ass et richteg, an de Finanzminister weist op drop hin, datt säit 17 Trimester d‘Eurozon däitlech Wuesstemszuele virleeë kann. Zudeem wier och d‘Vertrauen an de Standuert Lëtzebuerg esou gutt wéi säit zéng Joer net méi. De Pierre Gramegna ass dann och zouversiichtlech, datt sech de Chômagetaux däitlech ënner 6% wäert positionéieren.

Wéi en Afloss méi streng Reegelen op de Kapitalmaart hunn a wéi déi sech op d‘Investissementsfongen zu Lëtzebuerg auswierken, dat huet de Pierre Gramegna zwar am Hannerkapp, mee bleift zouversiichtlech. Hie setzt op Verhandlungen a Versteesdemech säitens der EU-Kommissioun. De Risk ass also bekannt, beandrocken dovunner léisst ee sech net an et misst e jo och Konkurrenzfäeg sinn.

Klimaschutz zwee Punkt null

Klimaschutz kritt een net zum Nulltarif an de Finanzminister léisst sech hei net lompen. 30 Milliounen € ginn a nohalteg Programmer gestach. Zu Lëtzebuerg ginn ofgasarm Autoe subventionéiert, wat eng gewësse Kontinuitéit beweist. Bei der Ekosteier awer schéngt awer eng rout Linn erreecht, déi ass nach net emol an der Steierreform e Sujet gewiescht.

Kleng a Mëttel-Betriber dierft dës Nouvelle erfreeën: Fir Industriezone wëll de Staat 65 Millioune laber maachen. A groussen Entreprisë musse Manager net fäerten, datt et beim Prinzip vun de „Stock-Options“ als Deel vun hirer Pai, eppes geännert gëtt. Bei engem Spëtzesteiersaz vun 42% dierft hei den „hallwe globalen Taux“ vun 21% ugewannt ginn.

Wien ierft, awer dat eréischt 2018, dierft sech och freeën: ab 2018 ass déi och da fir Privatpersoune steierfräi, wann et keng Kanner am Haushalt gëtt. A well ee sech och soss näischt verbitt, gi beim Staat nach schnell Aarbechtsplaze geschaaft. 500 nei Proffe gi gesicht an och an der Steierverwaltung bidden sech nach emol 553 Posten un.

Net vun enger Täsch an déi aner

Wien esou mam Geld ëm sech werft, sollt et dann och hunn. Op dat de Fall ass, kann ee ugesicht engem Akommes vu 17,3 Milliarden € géintiwwer Ausgabe vun 18,1 Milliarden € a Fro stellen. Et ass hei ëmmerhi rieds vun enger Differenz vun 890 Milliounen €. Mee de Pierre Gramegna gesäit dat anescht: de Staat hätt seng Féierungskäschten am Grëff an d‘Sozialleeschtunge leie bei knapp der Hallschent vun den Ausgaben.

„Den Defizit ass op héich Investitiounen zréckzeféieren. Wien domatter e Problem huet sollt dann och soe wéi eng Schoul, Strooss oder Bauprojet fir Wunnenge soll ewech falen“, esou de Finanzminister a Richtung Oppositiounsbänk. De programméierten Defizit als Strategie, och dat ass ënnert der Koalitiounsregierung nei

An et kann ee jo zouversiichtlech sinn. Spillt d‘Konjunktur mat, dann ass 2021 och schonn nees alles am Gläichgewiicht. D‘Staatsschold géif unhand engem héije BIP (Bruttoinlandprodukt) zréck goen. Op een dann allerdéngs och esou zouversiichtlech ka sinn, datt dës Koalitioun och nach de Budget 2019 virleet, dat entscheet sech 2018 bei Chamberwahlen.

Inakzeptabel!

Säitens der Oppositioun kann sech d‘Regierung op Kritik verloossen. Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler gesäit „eng Kontinuitéit am Bezuch op den Defizit“. En Defizit vu ronn 900 Milliounen € wiere bei engem Wirtschaftswuesstem tëscht 4 a 5% inakzeptabel. An d‘CSV wéist dann och gäre wéini ee sollt Reserven uleeë wann net elo.

An zouversiichtlech an der nächster Regierung matzewierken, stellt de Claude Wiseler fest, datt mat dëser Budgetspolitik déi nächst Regierung kee Spillraum hätt. Hie kann dann och keng nei Akzenter erkennen, fënnt awer déi héich Investitioune gutt. Wéi et dann awer dozou ka kommen, datt d‘Ausgabe weider klammen, obwuel keng nei Projeten ugekënnegt sinn, dat misst een him dann awer nach erklären.

Fir bei den Erklärungen ze bleiwen, déi dem CSV-Fraktiounschef feelen, esou dann och déi: obwuel de Bevëlkerungswuesstem no ënne korrigéiert ginn ass, hätt d‘Regierung bis ewell näischt op den Dësch geluecht aus deem sech géif erginn, datt si d‘Problemer vun engem Land mat enger Millioun Awunner och meeschtere kéinten.

Beim Wuesstem ginn d‘Meenungen ausenaner

Beim ADR steet dann och de „Wuesstem“ op éischter Plaz wann et drëms geet sech a Kritik ze üben. De Gast Gibéryen gesäit dat esou: „D‘Regierung huet virun der Wuesstemsfal kapituléiert“. Den ongebremste Wuesstem vum Land géif nëmme Problemer bei der Mobilitéit an dem Wunnengsbau bréngen. Et wier een esou gezwongen d‘Investitiounen op Rekordniveau ze halen.

Bei deen déi Lénk huet den David Wagner och esou seng Suerge mam Wuesstem: „Wuesstem ass weder e Garant fir Solidaritéit, nach fir sozial Sécherheet“. Op Wuesstem ze setzen an d‘Ofsécherung vun de Renten drun ze knäppen, wier eng Rechnung déi net kann opgoen. Am Budget, esou wéi virläit, kéim zudeem och d‘Ëmwelt ze kuerz. Gutt dergéint, fannen déi Lénk déi iwwer 1.000 Aarbechtsplazen déi beim Staat opgemaach ginn.

Datt elo grad d‘Ëmwelt ze kuerz sollt kommen, dat gesinn déi gréng ganz anescht. „Investitiounen an héicht vun 2,5 Milliarden €, dat ass bemierkenswäert“, esou d‘Fraktiounscheffin Viviane Loschetter. Si begréisst dann och den Asaz fir d‘Kannerbetreiung a de sate Plus vun 22% am Budget vun der Fuerschung.

En zolitte Budget

Ganz zefridden och de Koalitiounspartner LSAP. De Fraktiounschef Alex Bodry ass voller Luef fir de presentéierte Budget, deen als „zolidd“ ze gesinn ass. Héich Investitiounen déi nëmme partiell duerch zousätzlech Mëttel musse finanzéiert ginn, dat misst ee begréissen. Zudeem sollt een de positiven Afloss vun der Steierreform berécksiichtegen. D‘Kafkraaft ass allgemeng an d‘Luucht gaangen, wouvunner d‘TVA profitéiert hätt.

E Manko kann sech den LSAP-Fraktiounschef dann awer net verknäifen. Hien hätt et erfreet wann d‘Regierung sech endlech dozou hätt kënnen iwwerriede loossen, enger LSAP-Fuerderung nozekommen. Den „Objektiver zougewannte Budget“ géif et nämlech erlaben novollzéibar d‘Moossnamen op hir Effizienz ze préiwen.

Vun der DP-Fraktioun gëtt de Budget allgemeng begréisst. Dee wier net op déi kommend Walen ausgeriicht mee fir déi nächst Generatioune gemënzt. Déi läscht Jore war d‘Aufgab d‘Finanzen nees an de Grëff ze kréien. En Objektiv dat een erreecht hätt ouni dem Bierger eng drastesch Spuerpolitik zouzemudden. Mat dëser Regierung wier d‘Sozialpolitik ni ze kuerz komm an déi nei Investitioune wieren de Grant fir eng sécher Zukunft.

Ähnlech Sujeten Budget, Finanzminister, Oppositioun, Pierre Gramegna, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel