Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Huet d‘Ministesch dem Parteikolleg eng Faveur accordéiert?
International Neiegkeeten

dating hindu girl

Et war eng laang Sëtzung déi sech d‘Ëmweltkommissioun gëschter geleescht

ukrainian dating scammers
mobile home propane hookup
International Neiegkeeten

De Marvel Cinematic Universe, erkläert

Ween och nëmmen geleeëntlech e Bléck op de Kinosprogramm werft,

Nei Uklopunkten: USA fuerderen d‘Ausliwwerung vum Assange
International Neiegkeeten

Nei Uklopunkten: USA fuerderen d‘Ausliwwerung vum Assange

Déi amerikanesch Justiz huet Groussbritannien op en neits opgefuerdert de

Italienesche Staatspresident spillt op Zäit

De Salvini wëll Neiwahlen, de Mattarella éischter net, also gëtt un der Auer gedréint

Italienesche Staatspresident spillt op Zäit

Nodeems de Regierungschef Giuseppe Conte e Mëttwoch fir unzefänken dem Matteo Salvini eppes d‘Lewitte gelies hat, an dunn uschléissend dem Staatspresident Sergio Mattarella seng Demissioun virgeluecht huet, war d‘Koalitioun tëscht Populisten a Faschisten um Enn. An elo, Neiwahlen oder nei Regierung? D‘Äntwert gëtt et méiglecherweis schonn en Dënschdeg.

Zwee Deeg laang huet sech de Sergio Mattarella beméit en Auswee aus der politescher Kris ze fannen. Hien huet d‘Presidente vun de grousse Parteie consultéiert an eng Koalitioun tëscht dem Movimento 5 Stelle a dem Partido Democratico erschéngt als plausibel Léisung. D‘Alternativen? Engersäits eng „Experte-Regierung“, anersäits virgezunnen Neiwahle schonn am Hiecht.

Dat mat de Neiwahlen ass dem Sergio Mattarella awer net ganz geheier. Hei wieren d‘Chance grouss, datt d‘Lega Nord mat hirem „charismatesche“ Leader Matteo Salvini d‘Palm kéint dovun droen, ergo Regierungschef ginn. Deem seng haart Linn am Kampf géint d‘Migratioun an d‘Hëllefsorganisatiounen huet immensen Zousproch an der italienescher Bevëlkerung.

E gudde Grond fir de Staatspresident ze entscheeden, datt déi méiglech Koalitiounspartner eppes méi Zäit erhale fir d‘Verhandlungen zur Regierungsbildung a Rou weiderzeféieren. En Dënschdeg soll dann eng zweet Consultatiounsronn lancéiert ginn. Kënnt et dobäi net zum erwënschten, oder erhoffte Resultat, dann ass d‘Bier geschielt an hie muss Neiwahlen aberuffen. Wëll dat d‘Lega?

Inneminister fir eng Fortsetzung vun der Koalitioun awer mat Neiwahlen

Datt eng Koalitioun tëscht M5S a PD eng ganz realistesch Optioun ass, dat weess och de Matteo Salvini. An deem Zeenario hätt hien d‘Aarschkaart a wier gläichzäiteg säi Ministermandat lass. Hie kann sech den Ament nëmmen drop verloossen, datt de Luigi di Maio vum Movimento mat senge Konditiounen de Bou iwwerspaant an de Chef vun der PD, Nicola Zingaretti, d‘Handduch wërft.

An tatsächlech huet de Luigi di Maio 10 Punkte genannt, déi een als Konditioun fir eng Koalitioun dierf ugesinn. Eng Rei dovunner sollten dem Partido Democratico duerchaus gefalen: esou fuerdert de Chef vum M5S d‘Zuel vun den Deputéierte vun elo 950 op 605 erofzesetzen, d‘Aféierung vum Mindestloun an eng Steiererliichterung fir Entreprisen. 3 Punkten déi vun der DP matgedroe ginn.

Woubäi de Nicola Zingaretti eng Unioun mam Movimento net ëm all Präis wëll agoen. Seng Partei huet 5 Konditiounen déi net verhandelbar sinn: dozou gehéieren e radikale Kurswiessel bei der Awanderungspolitik a méi Investitiounen am Land. Beim Volet „Migratioun“ dierft et net wierklech einfach ginn sech ze verstännegen. Bei den Investitioune sollte Kompromësser méiglech sinn.

Interessant dann awer, datt de Matteo Salvini gëschter gemengt huet eng Weiderféierung vun der Koalitioun wier méiglech, och wann hie virgezunne Wahle begréisse géif. „Souveränitéit läit beim Vollek“, esou de staarke Mann vun de Lega Nord. An dat „Vollek“ kann engem Angscht andreiwen: no Sondagen hätt eng Koalitioun mat Forza Italia an de Fratelli d‘Italia iwwer 50% Zoustëmmung.

mat indymedia/rom

Foto: De Staatspresident Sergio Mattarella huet et net einfach. D‘Muecht am Land de Faschisten ze iwwerloosse schéngt keng valabel Optioun ze sinn. Dat geet awer nëmmen dann, wann sech de Partido Democratico dozou géif entschléisse mam Movimento 5 Stelle eng Unioun anzegoen. Bis en Dënschdeg missten si sech awer eens ginn. © Volja

Ähnlech Sujeten Italien, Luigi Di Maio, Matteo Salvini, Nicola Zingaretti, Regierungskris, Sergio Mattarella
Nächsten Artikel Virrechten Artikel