Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
D’Gemengewahle suergt fir komesch Partnerschaften
Neiegkeeten

D’Gemengewahle suergt fir komesch Partnerschaften

Eng Lëscht fir d’Wahle voll ze kréien, ass net einfach.

money
Washington zitt am Handelskrich e neie Register
Neiegkeeten

Washington zitt am Handelskrich e neie Register

Washington huet en neien „Doudesstouss“ géint Peking ausgefouert a verëffentlecht

lovesurprise
Den Trump wëll vun Amazon méi Steiere kasséieren
Neiegkeeten

Den Trump wëll vun Amazon méi Steiere kasséieren

Ënnert dem Donald Trump ass alles méiglech. Hien huet et

De Staatsrot bewëllegt weider subventionéiert Logementer

De Staatsrot bewëllegt weider subventionéiert Logementer

Bei senger Sëtzung vum 13. Juli, huet de Staatsrot datt groussherzoglecht Reglement ugeholl, mat dem deem de Programm fir de Bau vu subventionéierte Logementer, esou wéi déi staatlech Bedeelegung déi domatter zesummenhänken, weidergefouert ka ginn.

D‘Aktualiséierung vum genannte Programm, bezitt sech op déi global Ajoute vun 49 neie Projete, fir eng Gesamtunzuel vun 274 Eenheeten, vun deenen der 36 fir de Verkaf virgesi sinn, an 238 an der Locatioun virbehale bleiwen.

Et ass festzehalen, datt entspriechend dem Regierungsaccord, d‘Zuel vun de Wunnengen an der Locatioun derbäi ass ze klammen. Gewosst ass, datt 87% vun de subventionéierte Logementer déi an der Aktualiséierung enthale sinn, an deenen e Freideg zougestëmmt ginn ass, an d‘Locatioun ginn.

Schliisslech dierf ënnerstrach ginn, datt 50% vun de 49 neie Projete vu Gemengen initiéiert sinn oder ginn. Dat illustréiert d‘Dynamik vun de Gemengen am Kontext vum sozialen a subventionéierte Wunnengsbau.

Déi zousätzlech Investitioun vu 55,92 Milliounen Euro, déi duerch déi 49 nei Projete benéidegt ginn, bestätegen de Wëlle vun der Regierung d‘Efforte vun de Gemengen, dem Fonds de Logement, an der nationaler Gesellschaft fir bezuelbare Wunnraum (SNHBM), ze fërderen an ze encouragéieren

Esou sinn zanter Oktober 2014, 411 nei Projete vum Staatsrot ugeholl ginn. Dat ergëtt eng Total vun 4.370 Eenheeten, vun deenen der 1.638 fir de Verkaf, an 2.732 fir d‘Locatioun virgesi sinn. Beim Akraafttriede vum neie groussherzogleche Reglement, ginn insgesamt 550 Projete subventionéiert. Dat ergëtt eng Gesamtunzuel vun 11.026 Logementer.

mam SIP

Ähnlech Sujeten Fonds de Logement, Logement, SNHBM, Staatsrot, Subventiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel