Search

You may also like

Breaking news: Pakistan schéisst indesch Kampffliger of
Fail Neiegkeeten

Breaking news: Pakistan schéisst indesch Kampffliger of

De pakistanesche Verdeedegungsministère huet viru bekannt ginn, datt d‘Loftwaff zwee

Wann et bis rullt!
Fail Neiegkeeten

Wann et bis rullt!

  De leschte Weekend war den Dylan Pereira zu Spielberg

Saudi-Arabien Deal: „wichtegste Waffenhandel an der amerikanescher Geschicht“
Fail Neiegkeeten

Saudi-Arabien Deal: „wichtegste Waffenhandel an der amerikanescher Geschicht“

Et war ee kinneklechen Empfang deen dem Donald Trump op

dislike

De Staatsrot ergräift Partei fir de Syndikat vun de Kierchefabricken

De Staatsrot ergräift Partei fir de Syndikat vun de Kierchefabricken

Um Freideg huet de Staatsrot säin Avis, iwwert de Gesetzprojet, deen d‘Besëtzverhältnesser vun de Kierchegebaier soll reegele, publizéiert. Wann de Staatsrot dann och op ville Punkte mam Text eens gëtt, esou huet hien awer dräi formell Oppositiounen abruecht.

D‘Immobilië sollte jo u sech an engem Fong vum Bistum, deen nach muss geschaf ginn, zesummegeféiert ginn. De Statut vum Fong ass dem Staatsrot dann och net geheier a muss iwwerschafft ginn. Och de Verbuet vun der Kofinanzéierung vun de Gemenge gëtt vum Staatsrot refuséiert.

Gutt Nouvellë fir de Bistum an de Syndikat vun de Kierchefabricken (SYFEL). Béid Organer haten déi Punkten a Fro gestallt a gefuerdert, datt et de Gemenge misst fräigestallt bleiwen, fir den Ënnerhalt vun de Kierchegebaier opzekommen. De Staatsrot ass dann och der Meenung, datt d‘Gemenge selwer sollen entscheede kënnen. Et wier an hirem eegenen Interessi, datt déi Immobilien ënnerhale ginn. E Verbuet wier hei net ubruecht an generell d‘Finanzéierung vun de Kulten ze verbidden, bréicht en eegent Gesetz.

De „Fong“: en Acteur vum Droit public

Mam Statut vum „Fong“ huet de Staatsrot dann och esou seng Schwieregkeeten. Dee misst fir unzefänke präziséiert ginn, et géif net genuch Informatiounen iwwert déi juristesch Natur virleien. De Fong soll als „Gestionnaire“ agéieren, wat verhënnert, datt en als Fondatioun optriede kann. De Fong ass defakto en Acteur vum Droit public. Och datt de Bistum d‘Tutelle iwwerhëlt ass fir de Staatsrot keng valabel Notioun. Et sollt kloer sinn, datt et sech hei ëm d‘Kontrollorgan handelt.

Eng formell Oppositioun formuléiert de Staatsrot géintiwwer der Prozedur vum erstelle vun den Annexen. Hei sinn d‘Lëschte mat de Proprietéiten enthalen, wat net kohärent wier. Et dierf deemno och net am Gesetz drastoen. Am Gesetz ass zudeem festgehalen, datt déi Geeschtlech net dierfte vum Fong fir hir Aarbecht bezuelt ginn. Dat wier ongerecht, well de Klerus kenger juristescher Notioun entsprécht, mee dem kanounesche Recht zouzeschreiwen ass.

Sech selwer net eens ze sinn mécht et net méi einfach

Bannent dem Staatsrot ginn d‘Meenungen allerdéngs och kräfteg ausenaner. Hei ass riets vun enger „dissidenter Meenung“. Dat kënnt sécherlech net oft vir, suergt awer wann et dann de Fall ass, fir Opreegung.

Esou huet dës als „Opinion dissidente“ ëmschriwwen Äusserung eng droleg Auswierkung well: „De Gesetzprojet schafft net an der Kontinuitéit, mee stellt ee Broch duer. De Fong kritt keen ëffentleche Statut. Den Äerzbistum entscheet iwwert de Fonctionnement vum Fong“. De Fong sollt awer un a fir sech eng Missioun déi, als „interêt général“ ze bezeechnen ass, iwwerdroe kréien.

Net manner oneens ass ee sech am Staatsrot, wann et drëms geet d‘Besëtzverhältnes vun engem Gebai nei ze definéieren, wann dat net genotzt gëtt. Am Gesetz wier de Fong gezwongen dat reliéist Gebai fir een Euro un d‘Gemeng oder de Statt ofzetrieden. Dat ass problematesch an fënnt net d‘Eestëmmegkeet.

Related topics SYFEL, Trennung Staat a Kierch
Next post Previous post