Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereenten Natiounen: De Jean Asselborn setzt sech fir d‘Kanner an
Neiegkeeten

Vereenten Natiounen: De Jean Asselborn setzt sech fir d‘Kanner an

E Méindeg hat den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) zu New

Aarbechtsinspektioun am Rekrutementsmodus
Neiegkeeten

Aarbechtsinspektioun am Rekrutementsmodus

Wéi den Direkter vun der Aarbechtsinspektioun (ITM) am Dezember 2015

dislike
Däitschland scheitert u sech selwer
Neiegkeeten

Däitschland scheitert u sech selwer

Däitschland huet, esou wéi ech mer et erwaart hunn, eng

Staatsvertrag mat Google: Alles geheim?

Staatsvertrag mat Google: Alles geheim?

Am Sträit deen d‘CSV mat der Regierung wéinst der „streng geheimer“ Absichtserklärung (MoU) tëscht dem Staat an dem Internetgigant Google vum Zonk gebrach huet, huet de Premierminister Xavier Bettel elo eppes noginn. Dëse MoU dee vum Staat, der Gemeng Biissen a Google am Kontext vun der Installatioun vun engem Datenzenter ënnerzeechent gouf, soll virgeluecht ginn.

D‘Oppositiounsparteien haten déi lescht Woch massiv Drock op d‘Regierung gemaach an elo solle wéinstens d‘Parlamentarier Abléck erhalen, mussen awer iwwert den Inhalt weider schweigen. De Laurent Mosar huet dat esou an engem Tweet e Freideg bestätegt. Den Deputéierte, deen zu dësem Zweck schon am Oktober d‘lescht Joer eng parlamentaresch Fro (1328) gestallt hat, krut eng net zefriddestellend Äntwert vun de Minister, an esou gouf dee Regierung en Ultimatum gestallt.

An senger Fro, wollt den CSV-Deputéierte wësse wat déi Haaptpunkte vun dësem Accord sinn. Hei huet d‘Regierung op hir Äntwert vum 13. Mee verwisen, an där bestätegt gouf, datt et esou en Accord gëtt, ass awer net op den Inhalt vun der Fro agaangen. Gewosst ass awer, datt sengerzäit den Etienne Schneider drop higewisen hat, datt d‘Geheimhaltung vu Google agefuerdert ginn ass.

googleVerweise mir an dësem Dossier nach emol drop hinn, datt de Keefer vum Terrain dann och net Google, mee eng „Stréimännerchersfirma“ mam Numm LB Technology Sàrl ass. Déi ass quasi Proprietär vum 33,7 Hektar ëmfaassenden Areal um Busbierg zu Biissen. De Präis fir den Terrain beleeft sech 36,509.019,06 Euro. Dat ass ee Kaddo, well kee Lëtzebuerger Handwierksbetrib kritt esou Konditiounen zougestanen, wann e sech an enger Industriezon néierloosse wëll.

Richteg ass och, datt d‘Regierung behaapt, datt Google sech engagéiert hätt, wann da jeemools den Datenzenter sollt gebaut ginn, bis zu 1 Milliard Euro ze investéieren a ronn 300 Aarbechtsplazen ze schafen. Dat den Inhalt vun esou engem „Ofkommes“ natierlech och d‘Konkurrente vu Google interesséiert, firwat Diskretioun sécher erfuerderlech ass, dofir kann ee Versteesdemech hunn.

Et huet awer, esou wéi dat de Laurent Mosar kloer zum Ausdrock bréngt, immens wéineg mat der vun der Regierung affichéierter Transparenz ze dinn, well et misst zumindest den Deputéierte méiglech sinn, sech iwwert den Inhalt ze informéieren. Si hu jo d‘Mandat d‘Aktioune vun der Regierung ze iwwerwaachen an uecht ze doen, datt hei net iwwert d‘Strengt geschloe gëtt. Deem awer huet sech d‘Regierung bis zur Lescht verweigert. Esou suergt ee fir Spekulatiounen.

googleD‘ADR hat am November 2019 och de Virworf geäussert, datt d‘Regierung keng konkret Äntwert op d‘Froe vun den Deputéierte gëtt an hirersäits dann och nach emol och de katastrophalen Impakt op d‘Ëmwelt an de risege verbrauch u Ressourcen higewisen. Den Deputéierte Marc Goergen (Piratepartei) och op eng Rei „Problemer“ am Bezuch op d‘Kreatioun vum Datenzenter higewisen.

Elo aslo sollen déi Deputéiert endlech Abléck erhalen. Dat zu engem Ament wou d‘Regierung och schéint festzestellen, datt et wuel ni wäert zum Bau kommen. De partikularen Amenagementsplang (PAP) muss elo emol vum Biisser Gemengerot ugeholl ginn, fir datt d‘Ëmweltministesch déi national Prozedur kommodo/inkommodo lancéiere kann. Datt et am Land nëmme wéineg Bierger gëtt déi dëse Projet ënnerstëtzen ass bekannt. 2023 soll de Grondstee geluecht ginn, oder och net…

Foto: D‘Gemeng zu Biissen. Déi nei Ekipp déi hei um Rudder ass, schéngt net esou iwwerzeegt vum Projet ze sinn, wéi dat sengerzäit de Wirtschaftsminister war. Hei soll elo zäitno iwwert den PAP ofgestëmmt ginn. (cc) André Paul, Mäerz 2013, lb.wikipedia

snippet

Staatsvertrag mat Google: Alles geheim? Mat Google eng Absichtserklärung ënnerzeechnen awer den Terrain un eng „Filial“ verkafen, wat stécht derhannert?

Ähnlech Sujeten Absichtserklärung, Biissen, Busbierg, CSV, Google, Google-Datenzenter, Laurent Mosar, MoU
Nächsten Artikel Virrechten Artikel