Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Trotz héije Präisser verzeechent den Wunnengsmaart eng zolidd Hausse
Neiegkeeten

Trotz héije Präisser verzeechent den Wunnengsmaart eng zolidd Hausse

An enger parlamentarescher Fro vum David Wagner (déi lénk), déi

Commemoratiounsfeier fir 75. Joer Ardenneschluecht: Invitatioun fir d’Ëffentlechkeet
Neiegkeeten

Commemoratiounsfeier fir 75. Joer Ardenneschluecht: Invitatioun fir d’Ëffentlechkeet

Am Kader vum 75. Commemoratiounsdag vun der Ardenneschluecht wäert e Méindeg,

„Connecting Lives“ – Zwou Wochen nohalteg (er)liewen
Neiegkeeten

„Connecting Lives“ – Zwou Wochen nohalteg (er)liewen

Eecherfeld, den 18. September: Wei kenne mir an enger paralyséierter

Avis fir de Public: De Fonctionnement vun der Stad Esch am Kontext vum Coronavirus

D‘Stad Esch informéiert seng Bierger, datt hir Verwaltung och weiderhin all déi gewinnte Servicer assuréieren

Avis fir de Public: De Fonctionnement vun der Stad Esch am Kontext vum Coronavirus

Trotz der Pandemie vum Covid19 deen d‘Bevëlkerung den Ament trëfft, kann d‘Verwaltung vun der Escher Gemeng all seng Servicer assuréieren. D‘Situatioun kann awer evoluéieren. Ugesiichts der Méiglechkeet eng grouss Unzuel vun administrativen Demarche mëttels elektronesche Formulairen um kommunalen Niveau ze erleedegen, muss een eigentlech net zwéngend op d‘Gemeng kommen.

All déi Dokumenter a Formulaire kann een um Site vun der Stad Esch-Uelzecht eroflueden. Ass eppes net kloer, kann engem iwwert Telefon am Biergerbüro gehollef ginn.

De Maart Dënschdes a Freides, fënnt wéi gewinnt vun 8 bis 12.30 Auer statt. Och d‘Bibliothéik, den Déierepark an de Bamhaus-Bistro um Gaalgebierg, sollen opbleiwen. Déi aner kulturell Institutioune vun der Stad Esch, also de Conservatoire, Theater a Kulturfabrik gi viraussiichtlech bis den 31. Mäerz zougemaach. De Sportgala vum 25. Mäerz muss folgerichteg annuléiert ginn.

All d‘Sportinfrastrukture vun der Stad Esch sinn ab elo an op onbestëmmten Zäit zou. De Sport- a Kulturbus zirkuléiert während dësem Zäitraum och net. All d‘Sportsaktivitéiten déi am Kader vum Sportfërderprogramm (LASEP, Youth Sports, Cool Sports, Fit60+, Integratioun iwwert de Sport an den Handisport) sinn annuléiert. Dat gëllt och fir d‘Sproochecoursen, déi vun der Stad Esch ugebuede ginn (Info ënner 2754 2780) grad wéi fir de Soutien Scolaire an d‘Erwuessenebildung am Biergerhaus.

D‘Stad Esch rifft all seng Bierger op, sech op der Internet Säit vum Gesondheetsministère um lafenden ze halen an uecht ze doe wéi d‘Situatioun evoluéiert. Fir all Informatioun zu Evenementer déi vun Drëtten un Territoire vun der Stad Esch ugebuede ginn, sinn d‘Leit gebueden sech nom Veranstalter ze riichten.

Matgedeelt vun der Stad Esch, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Patrick Kleeblatt

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Epidemie, Esch-Uelzecht, Pandemie, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel