Search

You may also like

Äerdbiewen am Iran
Fail Meenung

Äerdbiewen am Iran

Déi iranesch Noriichtenagentur IRNA huet de Mueren en Äerdbiewe mat

Wann den Ausseminister besuergt ass… (e Kommentar)
Fail Meenung

Wann den Ausseminister besuergt ass… (e Kommentar)

Zanter ee puer Deeg deet sech eppes an der Golfregioun,

Minister zitt ëmstriddent Gesetz zeréck
Fail Meenung

Minister zitt ëmstriddent Gesetz zeréck

Dem Educatiounsminister Claude Meisch säi Gesetzprojet 7662, deen e Mëttwoch

dislike

Fir ze laachen, fir ze kräischen: En TV-Duell verwandelt sech zur Tragi-Komödie

Fir ze laachen, fir ze kräischen: En TV-Duell verwandelt sech zur Tragi-Komödie

Et ass en trauregen, lächerlechen Héichpunkt vum Wahlkampf an der Stad: De Serge Wilmes refuséiert, um TV-Duell géint d’Sam Tanson deel ze huelen. Et ass d’Konsequenz, déi aus der Decisioun vum RTL gezu ginn ass, d’TV-Dueller anescht op ze deelen. Et erënnert dann awer un d’Trotzreaktioun vun engem klenge Kand. „Entweder et geet sou, wéi ech dat gären hätt, oder et geet guer net“, sou ongeféier den Tenor.

D’Press gëtt alt erëm zu engem Handlaanger degradéiert, dee sech wann ech gelift esou ze behuelen huet, wéi et der Politik gefält. Zwar gëtt an engem Communiqué vum Här Wilmes nach extra gesot, et géif een d’Fräiheet vun der Press uechten, ma Aktioune schwätze méi haart wéi Wierder.

Apropos Wierder, déi gréng haten dovunner och nach e puer iwwreg: Et wier onverständlech, firwat elo vum Här Wilmes och den Duell mam Sam Tanson ofgeleent gëtt. D’Logik ass novollzéibar, well déi gréng Politikerin wier méi wéi e wierdege Diskussiounsparticipant gewiescht. An ënnert dem Stréch geet et jo ëm d’Iddien, déi vermëttelt ginn, oder?

D’Behuele vun der CSV Stad léisst eng aner Konklusioun zou. Si wollte méi Opmierksamkeet op sech an hir Käpp zéien. No enger Table Ronde op RTL, wou d’Buergermeeschtech d’bemierkenswäert Leeschtung vollbruecht huet, jidderengem seng Riednerzäit ze reduzéieren, schéngt bei der CSV op eemol den Äifer – den Iwweräifer – gefrot gewiescht ze sinn.

Elo kann een och kritiséieren, datt RTL kuerzfristeg ëmdisponéiert huet. Dat ass fir all Partizipant awer dee selwechte Problem gewiescht. A kommt, si mer eis éierlech: Wie gären Buergermeeschter vun der Haaptstad – enger europäescher Haaptstad, net ze vergiessen! – wëll ginn, dee muss och improviséiere kënnen. Soss misst ee feststellen, datt de Serge Wilmes fir d’Madame Polfer héchstens e Pabeier-Tiger duerstellt.

Opmierksamkeet war d’Zil vun der CSV, spekuléieren ech emol. Ech gratuléieren, dir hutt se! Mee op et derwäert war, sech an dësem Punkt eng ze leeschten, dat muss bezweifelt ginn. Et huet erëm bewisen, datt fir verschiddener Käpp, Käpp, Käpp, awer keng Inhalter zielen!

Related topics CSV, déi gréng, DP, Lydie Polfer, Sam Tanson, Serge Wilmes
Next post Previous post