Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Eng Finanzgestioun “à la Dagobert Duck”, just ouni d’Milliounen!
Kultur Neiegkeeten Stories

Eng Finanzgestioun “à la Dagobert Duck”, just ouni d’Milliounen!

D’Partei déi Konservativ reagéiert per Pressematdeelung op de Budget fir

Keng Reklammen w.e.g. (Lieserbréif)
Kultur Neiegkeeten Stories

Keng Reklammen w.e.g. (Lieserbréif)

Op menger Bréifkëscht pecht e gielen Autocollant “Keng Reklammen w.e.g.”.

Fir Fridden a Solidaritéit – een Reseau an der Groussregioun
Kultur Neiegkeeten Stories

Fir Fridden a Solidaritéit – een Reseau an der Groussregioun

Gëschter ass mat engem grenziwwerschreidenden Appell, a Form vum Programm

„Stad, Land, Goss“ – Klamauk, Ironie a lëschteg Kritik No. 3 vun Tëschegas

„Stad, Land, Goss“ – Klamauk, Ironie a lëschteg Kritik No. 3 vun Tëschegas

Den neien Album „Stad, Land, Goss“ vun de Lëtzebuerger Minnets-Däpp vun Tëschegas hëlt eist Ländchen nees fatzeg op d’Schëpp, allerdéngs op charmant a frësch Aart a Weis versteet sech. Um 11. Mee soll dës nei Errongenschaft aus dem Süden natierlech ganz besonnesch gefeiert ginn!

Et ass schonns 10 Joer hir, datt d’Museker no engem sëffegen Owend d’Iddi haten, eng net ganz esou brutal Metalband ze grënnen, déi eis duerch witzeg, ironesch Texter faszinéiert. Dobäi fëllen si mam Asaz vun der Lëtzebuerger Sprooch déi deemoleg nach onbesaten Nisch immens gutt op. Dobäi gi si dem Thierry Van Werveke senger Rezept vum „Loosst et hummeren, loosst et kraachen. Fräi sinn heescht Kaméidi maachen“ op all Niveau no.

An der Zäit vun 2009 bis elo waren d’Tëschegas-Memberen net ontäteg an hu sech vum éischten Album „Industrielle Läichendéngst“, iwwert déi nächst CD „Et wuar net keen…mol“ bis elo hin zur Uspillung op „Stad, Land, Floss“ viru geschafft, woubäi sech genau esou vill geännert huet, wéi d’Beräicher, déi sech wuel ni verännere wäerten. Fir d’Band vum Laurent, Rachel, David, Krescht, pol an Hub seet nämlech nach ëmmer de Spaass am Virdergrond. Dobäi huelen si weder d’Musek, nach d’Gesellschaft oder sech selwer all ze eescht – et wier soss jo och langweileg.

tëschegas

© Jean-Paul Engeldinger

Allerdéngs muss ee soen, datt si an der Zäit vum Hard Rock hin zum bësse méi haarde Metal gereest sinn. Dobäi ass den Niveau ëmmer méi professionell ginn, an och d’Experimentéierfreed, esou wéi d’Verfeinere vun Detailer huet sech iwwert d’Jore gesteigert. Bei „Stad, Land, Goss“ geet et, wéi och bei den zwee aneren Alben nees mam ironesche sarkasteschen Ënnertoun virun. Déi nei Frëndin vum typeschen Tëschegas-Klamauk ass elo d’Sozialkritik, bei der jiddweree säi Fett ewech kritt.

Och wa mëttlerweil ee ganzt Joerzéngt vergaangen ass, muss den Hub awer soen, datt d’Membere mënschlech gesinn, nach ëmmer zimlech gutt Kollege sinn, déi och nieft der Musek gären emol eppes ënnerhuelen. Hirem Lieblings-chinesesche Restaurant sinn si säit 2009 och trei bliwwen – verschidde Gewunnechten dierfen sech net änneren! Donieft ënnersträichen d’Bandmemberen awer nach, datt si géigeniwwer anere Lëtzebuerger Gruppen d’Krallen net erausfuere mussen, hei leeft et nämlech och immens kollegial of.

Lëtzebuerg am Goss

Een éischte Bësse vum neien Album hu mir Ufank Abrëll mat „Luxembourg’s Next Top-Pensionär“ kritt, woubäi souwuel d’Leit an der Pensioun, wéi och hir Enkele mat enger witzeger Situatiounsbeschreiwung op d’Schëpp geholl ginn. Zeilen ewéi „Meng drëtt Zänn vun äre Steiere bezuelt Matt Maryland meng Long verkuelt Zwar de Knéi am Oaarsch an d‘Niere vergëft. Haaptsaach d‘Liewer schafft krenondidjëft Nee ech si net krank gitt iech da bal. Deen hei dee gëtt 1000 Joer al. Kréich ech nach d‘blo Pëll vun der Krankekeess géing deen hei just an Thailand op d‘Rees“, sollt een net ze seriéis ophuelen! Schliisslech komme mir all emol an dat Alter, wou d’Retraite un d’Dier klappt an ee säi Rescht vum Liewe genéisse kann. Zu Lëtzebuerg ass dat dann och op bësse méi héijem Niveau méiglech.

Mat engem Intro a ganzer néng sozialkriteschen, ironesche, lëschtegen, humorvolle, monteren, kreativen, frëschen, an originelle Lidder – ganz op Lëtzebuergesch – kënne mir geschwënn op eng Rees vun Huldang bis hin zur Lëtzebuerger Grillwurscht, mam musikalesche Blues-infizéierte Buschauffeur Jos, de Pokémons an dem Aktion-geluedenen Alldag vun der Lëtzebuerger Police goen, natierlech All-inklusive!

Wéi Gebuertsdag, Ouschteren a Chrëschtdag zesummen!

„Tëschegas dat ass wei Chippendales just am méi sexy, wéi de Karate Kid am méi geféierlechen, wéi de Patrick Swayze mat besseren Dancemoves, wéi den Hulk Hogan ouni de blonde Schnurres… kuerz gefaasst: dat sinn d’Liiblinge vu bal allen Schwéiermammen“, esou beschreiwe si sech selwer. A wien dëst Erliefnis, sou wéi d’Presentatioun vum neie Geschrupps, Gehummers a Gebläerts op kee Fall verpasse sollt, dee MUSS sech den 11. Mee fett um Kalenner usträichen!

Un deem Samschdeg kann een Tëschegas nämlech Live am Café Nicola (94, route d’Esch 3222 Fenneng) untreffen. Ab 21:00 Auer erfrëschen d’Heavy-Metaler vu Lost In Pain an d’Hip-Hoper vu Freshdax de Publikum bis et schliisslech zum kréinenden Ofschloss mat der Lëtzebuerger Crème de la Crême, den nationale Superstars, eisen Idoler vun Tëschegas viru geet! Méi dozou fannt Dir HEI.

Opmacherbild: © Tëschegas

Ähnlech Sujeten Goss, Land, Lëtzebuerg, Luxembourg's Next Top-Pensionär, Metal, Musék, Stad, Tëschegas
Nächsten Artikel Virrechten Artikel