Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 2
https://moien.lu/usa-dating-site-for-singles/

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 2

Lëtzebuerg ass zwar kleng, mee dat heescht net, datt een

https://moien.lu/catholic-church-dating-before-annulment/https://moien.lu/most-famous-lesbian-dating-app/
hook up with pregnant girl
https://moien.lu/usa-dating-site-for-singles/

Fräihandel: USA op Kollisiounskurs mat Kanada, Mexiko hält sech zréck

D’Reiwereien tëscht dem Kanada an den USA sinn um Héichpunkt,

https://moien.lu/catholic-church-dating-before-annulment/
Editorial: E russesche Spioun, Beschëllegungen a keng Beweiser
https://moien.lu/usa-dating-site-for-singles/

Editorial: E russesche Spioun, Beschëllegungen a keng Beweiser

Also wat do nees a Groussbritannien eng opgefouert gëtt, just

Stad Lëtzebuerg: Clever Moossnam fir eng komplizéiert Situatioun

Stad Lëtzebuerg: Clever Moossnam fir eng komplizéiert Situatioun

Datt déi sëlleche Chantieren, déi den Tram an der Stad ervirgeruff huet, esouwuel dem Handel wéi och dem Konsument am grousse Ganzen eppes op d‘Gemitt schléit, ass gewosst. D‘Stëmmung ass entspriechend bedréckend a fir deem entgéintzewierken, huet d‘Stad Lëtzebuerg elo Moossnamen ergraff: Gratis Parken an der Parkinge „Fort-Neipperg“ a „Fort-Wedell“.

Also Gratis sinn ënnert der Woch déi éischt Stonn (an de Weekend esouguer véier Stonnen) an de genannte Parkingen. D‘Lydie Polfer huet en Donneschdeg erkläert, datt déi duerch d‘Chantieren entstane komplizéiert Situatioun fir d‘Geschäftsleit, e Geste vun der Gemeng noutwenneg gemaach huet. Zanter Méint bekloen déi Ëmsazverloschter, well d‘Clienten ausbleiwen.

De beschwéierlech Zougang zu de Geschäfter, de Kaméidi a jo och de Knascht, si Gëft fir den Handel. E Fait dee scho vun der Familljeministesch Corinne Cahen am November denoncéiert gouf, an um Krautmaart fir eppes „Gedauschs“ gesuergt hat. Mat dëser vun der Stad Lëtzebuerg agefouerter „Léisung“ soll d‘Situatioun eppes entschäerft ginn, de Client muss nach just wëllen.

…bis Chrëschtdag sollt et nees besser ginn

Hale mir nach fest, datt d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer, zesumme mat hire Schäffen, Patrick Goldschmidt (Verkéier) a Serge Wilmes (Bauten) zouversiichtlech sinn, datt d‘Chantiere vum a fir den Tram nach dëst Joer ofgeschloss ginn. Méiglecherweis kéint et schonn Enn September, Ufank Oktober zu éischten Testfaarte kommen. Dofir mussen déi „grouss“ Aarbechten ofgeschloss sinn.

D‘Kregéiler wäerten dem Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot elo virwerfen, datt déi genannte Parkinge kee gudde Ruff genéissen an esou och generell net gutt besicht sinn. Dat wier der Kriminalitéit an dem Drogenhandel am Garer-Quartier geschëlt. E gudden Awand u sech, woubäi d‘Kregéiler mat esou enger Ausso laanscht de Sujet schruppen an zweeërlee vermëschen.

Zum engem ass déi ugeschwate Kriminalitéit net dem Tramschantier geschëlt d‘Zuel vun de bei der Police gemellte „Verbriechen“ an de genannte Parkingen hält sech zolidd a Grenzen, déi sinn och éischter ausserhalb de Geschäftszäiten ze notéieren. Mee déi gefillten Onsécherheet muss vun der Politik behäerzegt ginn an esou sinn och an dësem Beräich entspriechend Moossname getraff ginn.

De Quartier nees méi liewenswäert maachen

Esou huet d‘Lydie Polfer en Donneschdeg och nach emol drop higewisen, datt zanter dem leschte Joer eng 30 zousätzlech Polizisten an dësem Quartier „on Tour“ sinn. Et war zudeem net einfach dës Beamten ze behalen, mee dat hu si hikritt. An dës Mesure kënnt am Quartier ganz gutt bei den Awunner un. Si fillen sech méi sécher an tatsächlech géif et manner Problemer wéi soss.

An u Moossname sollen der nach kommen: „Mir wäerte weider Aktiounen an der Stroossbuerger-Strooss wéi och an der Commerce-Strooss lancéiere fir de verkéier weider ze berouegen“, heescht et säitens der Buergermeeschtesch, déi datt alles zesumme mat de Bierger aus dem Quartier nach berode wëll. Hei dierft et an de kommende Méint nach eng Rei Biergerversammlunge ginn.

Wat elo nach emol de „Geste“ am Kontext vun de Parkinge betrëfft, esou wieren d‘Geschäftsleit esouwäit ganz zefridden. D‘Signalisatioun fir den Accès zu de Parkingen ass exzellent, si sinn nach „wéineg“ ausgelaascht a wéi gesot, elo stëmmt och de Präis. E Problem bleift bestoen: et muss een och bis dohinner kommen, wat ugesiichts der genereller Chantier-Situatioun komplizéiert bleift.

Situatioun am Parking Rousegäertchen onverännert

Am Kontext vun den Aarbechten am Parking Rousegäertchen, wou et bekanntlech am September 2019 e Feier ginn hat bei deem ee sëlleche Gefierer verbrannt sinn, huet et um Donneschdeg keng gutt Nouvelle ginn. Dëse Parking deen och fir d‘Geschäftsleit ee ganz wichtegen ass, muss am Fong renovéiert ginn, mee dës Aarbechte gestalten sech méi komplizéiert, wéi ugeholl konnt ginn.

Déi karboniséiert Gefierer stinn nach ëmmer „ënner Dach“ well d‘Versécherungsgesellschaft sech geweigert huet déi eraushuelen ze loossen. Elo huet dann d‘Geriicht en Expert ernannt an op der Gemeng gëtt gehofft, datt deen en Avancement kann erbäiféieren. Ouni Expertise léisst sech jo och net festleeën, op just muss reparéiert oder vollstänneg renovéiert/moderniséiert muss ginn.

Schliisslech ass dëse Parking wéi déi meeschten an der Stad schonn eppes am Alter, a muss esou oder esou an de nächste Jore moderniséiert ginn. An dësem Kontext huet d‘Stad Lëtzebuerg mat der Aarbechtsinspektioun Kontakt, fir déi nei Sécherheetsconsignë festzeleeën. Hei huet sech jo an de Leschte 40 Joer e bëssi eppes gedoen, an deem muss elo och endlech Rechnung gedroe ginn.

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Chantieren, Garer Quartier, Geschäftsleit, Lydie Polfer, Patrick Goldschmidt, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel