Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eise Rechnungshaff ass couragéiert gréng orientéiert
Kultur Neiegkeeten Sport

Eise Rechnungshaff ass couragéiert gréng orientéiert

Nodeems de Rechnungshaff dann elo och säin Avis zum Budget

Nee! zur moderner Sklaverei
Kultur Neiegkeeten Sport

Nee! zur moderner Sklaverei

Gëschter am Nomëtte war virum Sëtz vun der europäescher Kommissioun

Italien imposéiert Konditioune fir d‘Opnam vu Migranten
Kultur Neiegkeeten Sport

Italien imposéiert Konditioune fir d‘Opnam vu Migranten

D‘EU huet aktuell en zolitte Problem mat der Entscheedung vun

D’Stad Lëtzebuerg an de Coronavirus: Informatiounen zu de Servicer an Evenementer

D’Stad Lëtzebuerg an de Coronavirus: Informatiounen zu de Servicer an Evenementer

Am Kontext vun de Moossnamen, déi d’Regierung duerch d’Pandemie vum COVID-19 getraff huet, ass d’Stad Lëtzebuerg gezwonge verschidden Upassunge bei de Servicer an Aktivitéiten virzehuelen, fir esou fir d’Gesondheet vum Bierger an dem Personal ze handelen.

  • Informatiounen an Noriichten op pandemie.vdl.lu: All neisten Detailer zu de Moossnamen, wéi och eventuell Adaptatioune vun de Servicer kënnen op dëser Internetsäit ofgeruff ginn.

  • Schoulen, Foyeren, Crèchen: Ab dem haitege Méindeg bleiwen all Schoule, Foyeren a Crèchen fir 2 Wochen zou.

  • Evenementer a Manifestatiounen: Duerch d’Mesure vun der Regierung, datt Evenementer am zouene Raum net méi wéi 100 Persounen, Evenementer am zouene Raum net méi wéi 500 Persounen eraloossen dierfen, gi folgend Festivitéiten vun der Stad Lëtzebuerg ofgesot, respektiv verluecht:
    • Émaischen vum 13. Abrëll 2020 (ofgesot)
    • Explore Luxembourg 2020 vum 10. an 11. Abrëll 2020 op der Plëss
    • Interkulturellt Treffen fir Integratioun um 14. Mäerz 2020 am Centre Sociétaire zu Hollerech
    • All Sportscouren a sportlech Aktivitéiten
    • Evenementer vum Service Jeunesse a sozial Interventiounen
    • All Evenementer an Aktivitéiten, déi vum Konviktsgaart an dem Service Senior organiséiert sollte ginn (och Porte Ouverten, Konferenzen a Filmvirféierungen)
    • Mëttesconcert vum 20. Mäerz 2020, wéi och dee vum Abrëll
    • All Concerten, déi fir Mäerz an Abrëll op der Plëss virgesi waren
    • Guidéiert Touren vun LCTO bis den 31. Mäerz 2020 inclus
    • Biergerparticipatioun Polvermillen um 18. Mäerz 2020
    • Ronndëschsëtzung zur Endometrios um 30. Mäerz 2020
    • Sproochecoursen op Lëtzebuergesch an Zeechesprooch (DGS), organiséiert vum Service d’Intégration et besoins spécifiques
    • Vernissage vun der Ausstellung „Charles Kohl“ (Villa Vauban) a „Mateneen“ (Rotskeller, Cercle Cité)
  • Fräi Nuechten, déi vum Secteur HORESCA accordéiert gi sinn, mussen op neien Uerder direkt ofgeblose ginn. Déi concernéiert Etablissementer si soumat obligéiert, hir Dieren fir déi normal Ëffnungszäiten op- an zouzemaachen, wat spéitstens um 1:00 Auer moies de Fall ass. Et gëtt och drun erënnert datt och an dëse Lokaler net méi, wéi 100 Leit gläichzäiteg present sinn.

  • Kulturell Institutiounen a sportlech Infrastrukturen: Duerch d’Moossname vun der Regierung mussen och all Aktivitéiten an dëse Beräicher zougemaach ginn. Heizou gehéiert
    • Musée Villa Vauban, Lëtzebuerg City Museum a Muerbelsmillen
    • Cité-Bibliothéik
    • D’Theateren vun der Stad Lëtzebuerg
    • Cinemathéik
    • Fotothéik
    • Cercle Cité
    • Rotskeller
    • Archiven
    • Tramsmusée
    • Buedanstalt
    • Piscine Bouneweg
    • Piscine Rue d’Ostende (Belair)
    • All sportlech Infrastrukturen (Sportshalen a Plaze, wou trainéiert gëtt)
    • Schlittschongpist Kockelscheier
    • Kulturzentren (mat abegraff sinn d’Ofsoe fir hir Evenementer)

  • Ëffentlechen Transport: Persounen, déi den ëffentlechen Transport notzen, mussen zu enger vun den hënneschten Dieren eran- an erausklammen. De Chauffeur ass physesch vun de Reesenden getrennt. Déi zwou éischt Reien musse fräigelooss ginn. Servicer wéi Call-a-Bus, de Rollibus oder de City Shopping Bus fuere weiderhin.
    Den ëffentlechen Transport gëtt mam Flux vun de Passagéier an Disponibilitéite vun de Servicer ugepasst. All noutwenneg Informatiounen ginn konstant op pandemie.vdl.lu a bus.vdl.lu aktualiséiert. Zu Stousszäite wäerte verschidde Linne verstäerkt fueren, sou datt ni ze vill Leit gläichzäiteg an engem Bus sinn. Doduerch stëmmen déi bekannte Fuerzäiten net méi.


  • Accueil vum Bierger: D’Servicer vum Bierger-Center an Etat Civil bleiwe weiderhin op. De Service Téléalarme vum Service Senior funktionnéiere wéi gewinnt.
    Et gëtt geroden esou wéineg Deplacementer, wéi méiglech bei d’Guichten ze maachen. D’Internetsäiten vdl.lu a guichet.lu proposéieren fir eng Rei Prozeduren hiren Online-Service.
    Bei eventuelle Froe, kënnt Dir Iech u folgend Servicer riichten:

    • Bierger Center: 4796-2200 / bierger-center@vdl.lu
    • Etat Civil: 4796-2632 / 4796-3020 / 4796-2633 (bei Doudesfall) / standesamt@vdl.lu 
    • Service Seniors 4796-2757 oder 4796-2428
    • Direction Affaires sociales et Service Jeunesse et intervention sociale (4796 2739)
    • Police des bâtisses: 4796-2544
    • Infobus: 4796-2972
    • Zirkulation: circulation@vdl.lu (Guichet zou)
    • Gemeng: recette@vdl.lu (Guichet zou)
    • Impositions communales: 4796-3131
    • Waasser: 4796-2883

  • Hygiène: Weiderhin ginn d’Dreckskëschten vun den entspriechende Servicer eidel gemaach. Just d’Kollecte vun de recycléierbare Materialien (Valorlus, Pabeier, Kartong, Glas) wäerten mam Verlaf vun der Situatioun net méi duerchgefouert ginn. All Kollekten op Rendez-Vous (Grünschnëtt, Sperrmüll) sinn annuléiert. Och dee Recyclingszenter ass ab elo zou.

  • Chantieren an Aarbechten an der Haaptstad: D’Mesure vun der Regierung hunn een Impakt op zuelräich Entreprisen an ëffentlech Institutiounen. Zäitlech Ännerungen an Upassunge vun de Chantieren si soumat méiglech a ginn iwwert vdl.lu matgedeelt.

Opmaacherfoto: © Eileen Pan / Unsplash

Ähnlech Sujeten Chantier, Coronavirus, Covid-19, Crèche, Ëffentlechen Transport, Evenementer, Foyer, Hygiène, Moossnamen, Pandemie, pandemie.vdl.lu, Schoulen, Stad Lëtzebuerg, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel