Stad Lëtzebuerg: Froen a Motiounen zur Schoulorganisatioun
Nodeems leschte Mëttwoch, d‘Schoulschäffin Colette Maart (DP) säi Rapport zu der Schoulorganisatioun am Gemengerot virgedroen hat, war dann dëse Méindeg un de Réit hir Froen a Conclusiounen op den Dësch ze leeën.
Aus konservativer Siicht
D‘Martine Mergen (CSV) stellt fest, datt se all hir Aarbecht géife gutt maachen an ass iwwerzeegt, datt de Volet Schoulmedezin gutt funktionéiert. Mee do ass e Punkt deen hier um Häerze läit: De Cybermobbing.
An Zäite wou d‘Schoule selwer de Schüler d‘Tablett zur Verfügung stellen an, sollt ee sech dann och Gedanken iwwert d‘Gefore maachen. D‘Kanner kommen hautdesdaags schnell un Informatiounen, och därer déi hinne kënne schueden. Et ass deemno och un der Schoul se hei méi Staark ze maachen. Wien këmmert sech heirëmmer?
D‘Claudine Konsbruck (CSV) freet no, op et net Sënn géif maache, wa kleng Etablissementer géife fusionéieren. Net averstanen ass Si allerdéngs mat Fait, datt 249 Kanner op enger Waardelëscht agedroe sinn a verlaangt vum Schäfferot déi néideg Mesuren ze ergräife fir dee Problem ze léisen. Si fuerdert och eng besser Abannung vun de Schoulcomitéen an ee gréissert Matsproocherecht bei de Projeten.
Zum Pilotprojet um Lampertsbierg mat engem neien Horaire fir de Cycle 1, stellt si d‘Fro op et net besser wier deen op all Cycle unzewennen. Méi aktuell betruecht, well d‘Claudine Konsbruck dann nach wësse wéi et sech verhält, bei enger Hëtztwell wéi se elo grad stattfonnt huet. Sollt een sech net iwwerleeën d‘Spillplazen ze iwwerdaachen? Och well Si wëssen op dru geduecht gëtt, Waasserspender an de Schoulen opzestellen?
Drock op d‘Regierung maachen
Dat de Rapport op Lëtzebuergesch gemaach ginn ass huet dem Marceline Goergen (ADR) gutt gefall. Si hofft dat et esou bleift. Och fir si ass déi Saach mam Kontingent esou net weider hinzehuelen. Mat ëmmer manner Stonne kann déi gefuerdert Qualitéit am Enseignement net opriicht gehale ginn. Si huet och absolut kee Versteesdemech mir de Schäfferot, dee sech ëmmer nees gären hannert den Entscheedunge vum Ministère verstoppt.
Dat de Minister och ee „Bloen“ ass an et eigentlech misst ee Liichtes sinn op kuerzem Wee d‘Situatioun an de Grëff ze kréien, iergert d‘Marceline Goergen. Si erënnert drun, datt et den ADR war, deen sech an der Chamber mat enger Motioun fir Verbesserungen agesat huet. Datt d‘Regierungsparteien deem net Rechnung gedroen hunn wier verständlech, mee säitens der Oppositioun, déi jo och déi selwecht Punkte beklot, wier awer och keng Zoustëmmung komm.
Si wëll da vu der Schoulschäffin wësse wéi et ëm d‘Kanner an Nout steet. Gett et do ee Konzept a falls jo, wien huet dat ausgeschafft a wéi ëmgesat? Si wéisst gäre wéi d‘Situatioune vun engem Onfall geréiert ginn. Beklot gëtt vum ADR de Manktem un Educateuren an de Fait, datt an de Schoulen ëmmer manner Sport ugebuede gëtt. Hei am besonneschen d‘Schwammen. Wann d‘Foyer‘en eng qualitativ gutt Aarbecht leeschten, esou bleift et inakzeptabel, datt Kanner op enger Waardelëscht stinn.
Sozialiste verlaangen Effektivitéit
Fir den Tom Krieps (LSAP) ass d‘Schoulorganisatioun, wëll se a groussen Zich vum Ministère opgezwongen ass, ee schwieregt Thema. Dat d‘Gemeng dat alles muss erleedegt kréien, mat de Moyenen déi hir zur Verfügung gestallt ginn, ass dann och eng echt Erausfuerderung.
Seng Fraktioun stellt dann och fest datt d‘Unzuel vun de Schüler net linear mam demographesche Wuesstem an d‘Luucht geet. Si stelle fest datt d‘Privatschoulen ëmmer méi Kanner – Auslänner wéi Lëtzebuerger – ophuelen. An sech hei eng Konkurrenz zu der ëffentlecher Schoul ervir deet. D‘LSAP wëll dann och drop hiweisen, datt déi ëffentlech Etablissementer vu grousser Qualitéit sinn. Ee Problem stellt u sech just de Stonne-Kontingent duer, dee vum Ministère zougesprach gëtt.
An hirer Motioun fuerderen si vum Schäfferot eppes ze ënnerhuelen, datt déi ëffentlech Schoul nees dee Stellewäert kritt deen se verdéngt huet. D‘Sozialiste kéinten sech een Aarbechtsgrupp virstellen, deen eng Lescht mat Initiative géif ausschaffe fir datt déi ëffentlech Schoul nees d‘Referenz fir all d‘Kanner aus der Stad gëtt.
Doriwwer eraus wëll den Tom Krieps wësse wéi et sech mat de Pilotprojete verhält. Ënnerstëtzung bei den Hausaufgaben an Nohëllefsstonne sinn wuel ee wichtege Bestanddeel vun de ville Mesuren déi ergraff ginn, mee wouhinner féiere se? Och géif hien interesséiere wéi vill Informatiounen, vun deem wat an der Schoulkommissioun diskutéiert gëtt, beim Bierger ukommen an a wéi enger Sprooch.
Déi lénk bedaueren de Manktem u Personal
Wann de Guy Foetz (déi lénk) villes ka begréisse, esou den Asaz vum Service Schoulmedezin oder déi sëllech Aktivitéiten an der a ronderëm d‘Natur, esou ass leider och nach genuch no deem muss gekuckt ginn. An enger véiersäiteger Stellungnam sinn déi lénk am Detail op d‘Schoulorganisatioun agaangen an hunn eng Motioun agereecht.
Si stelle fest, datt d‘Organisatioun vu Joer zu Joer ëmmer eppes méi komplizéiert an de Stonneplang weider gekierzt gëtt. Si hu kee Versteesdemech fir d‘Intentioun vum Educatiounsministère nach weider Stonne wëllen ofzebauen. Dat kënnt am besonneschen net de Schüler entgéint, déi scho beim aktuelle Programm a Schwieregkeete sinn. Hinnen ass dann och opgefall, datt et Etablissementer gëtt, an deenen den Klasseneffectif iwwert d‘Kapassitéit vun de Raimlechkeete geet.
De Guy Foetz bedauert zudeem, datt vis-a-vis vum Virschlag, d‘Kanner aus de Foyer‘en fir Refugiéeën an d‘Schoulen ze integréieren, keng adequat Mesurë bis haut getraff gi sinn. Am gläiche Sënn gëtt verlaangt, datt d‘Enseignanten och déi Mëttel zur Verfügung gestallt kréie, déi néideg sinn fir de Kanner déi Bildung ze bidden déi hinnen zousteet. Domadder wier dann och kloer, datt déi ëffentlech Schoul déi Moyene muss kréien, fir entgéint der käschtespilleger Privatschoul, Chancëgläichheet sécher ze stellen.
Virschléi vum Koalitiounspartner
Fir de Carlo Back (déi gréng) sinn et d‘Aktivitéite ronderëm d‘Schoul déi ervirzehiewe sinn. D‘Ënnerstëtzung bei den Hausaufgaben ass him ee wichtegt Uleies, mee och alles wou d‘Kanner mat der Natur ze dinn hunn. Hei virop d‘Aktivitéite vum Haus vun der Natur an dem CAPEL.
Problemer gesäit hien allerdéngs an der Komplexitéit vum Sujet. De Carlo Back beklot, datt d‘Schoulkommissioun keen Outil hätt deen eng uerdentlech Evaluatioun vun der Organisatioun engersäits an der Schoul um Territoire vun der Gemeng anersäits, zouléisst. Et kéint een d‘Qualitéit vum Enseignement net just mat de Kenntnisser iwwert d‘Infrastrukturen an der gréisst vun de Schoulklasse bemoossen.
D‘Politik wier um nationale Plang an um Niveau vun der Gemeng gefuerdert. De Carlo Back kritiséiert dann och de Kontingent, deen d‘Gemeng virgeluecht kritt a mat deem se muss eens ginn. Esou gesäit d‘Auslaaschtung vun de Klassen an der „Moyenne“ gutt aus, mee et dierf ee net iwwersinn, datt et därer mat méi wéi 18 Schüler oder manner wéi eelef gëtt. Hei misst uecht gedoe ginn an eventuell eng Restrukturatioun vun der Secteure virgeholl ginn.
De Koalitiounspartner stellt nach fest, datt d‘ëffentlech Schoul a Konkurrenz zu de privaten Etablissementer steet, déi an Tëschenzäit bis zu 45% vun der Schüler an hire Strukturen ophuelen. Et géifen sech vill Eltere vun dëser Offer ugeschwat fillen, och wann een hei muss Suen an de Grapp huelen. Déi gréng froen sech dann och firwat deem esou ass a bedaueren et zugläich. Ëmmerhi wier déi ëffentlech Schoul ee Garant fir d‘Integratioun an d‘sozial Kohäsioun.
An hirer Motioun hunn déi gréng dann och d‘Promotioun vun der ëffentlecher Schoul am Internet gefuerdert. D‘Kommunikatioun, besonnesch fir déi Leit, déi an d‘Stad wunne kommen, ass essentiell fir ze erklären, datt déi ëffentlech Etablissementer gutt wieren. Ee Friemen dee sech wéilt informéiere kritt et am Ament schwéier gemaach.
D‘Siicht aus den eegene Reien
De Claude Radoux (DP) hätt nawell gäre gewosst, op gewosst ass wéi vill Kanner aus der Gemeng, a méi Speziell pro Quartier, net an der Stad an d‘Schoul ginn. Och am Bezuch op déi däreg „Trame scolaire“ wier hie frou wann et dozou eng Gebrauchsuweisung géif ginn.
D‘Vronny Krieps (DP) huet dann en éischter positive Bléck op dat ganzt. „Et muss een dat bescht aus deem maache wat een huet“, an d‘Gemeng géif och villes maachen, besonnesch a punkto Encadrement. Och Si geséich et gären, datt d‘Hëllef bei den Hausaufgabe verbessert gëtt an d‘Schoulfoyeren do ënnert d‘Äerm misse gegraff kréien. All Kand misst déi gläich Chancen hunn an wann een eppes wéilt, géif een och d‘Moyene fannen dat ëmzesetzen.
Mat engem kuerzer Fro zu der Schoulmedezin, déi eng interessant Analys virgeluecht huet, well Si dann och wëssen, wéi sécher gestallt ka ginn, datt sech d‘Schüler ausgeglach ernären. Bei de Waardelëschte fir de Schoulfoyer géif sech d‘Vronny Krieps freeën, wann och d‘Situatioun vun den elengerzéiende Eltere géif beduecht ginn.
Dem Mathis Prost ass dann nach opgefall, datt et 25 Urgence ginn huet a wëll wëssen op do Fäll derbäi waren déi iwwert d‘éischt Hëllef erausgaange sinn. An dësem Kontext wëll hien dann och wëssen op et Reegele gëtt no där eng Ambulanz kann oder muss geruff ginn? Entscheet dat den Enseignant a wéi gëtt den Incident gehandhaabt wa kee vun den Elteren ze erreechen ass? Wien fiert mam Kand mat? Besonnesch bei de Kanner am Precoce oder der Spillschoul wier et jo ubruecht, dat se begleet ginn.