Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Joerzéngtelaang säi Gesondheetssystem vernoléissegt
Neiegkeeten

Joerzéngtelaang säi Gesondheetssystem vernoléissegt

Wéinst Mësswirtschaft a politesche Feelentscheedunge steet de staatleche Gesondheetssystem (NHS)

Gemeng Steesel – Ee kulturelle Programm am Hierscht!
Neiegkeeten

Gemeng Steesel – Ee kulturelle Programm am Hierscht!

Esou lues gëtt et nees méi kal an däischter dobaussen.

#VakanzDoheem – Spannend Naturaktvitéite bis de 15. September 2020
Neiegkeeten

#VakanzDoheem – Spannend Naturaktvitéite bis de 15. September 2020

Zousätzlech zum Programm am Kader vun „En Dag an der

Stad Lëtzebuerg: Ee gelongenen Internetoptrëtt

Mat engem groussen Ugebuert iwwerzeegt de Site

Stad Lëtzebuerg: Ee gelongenen Internetoptrëtt

Wat fir deen een laang dauert, ass um Enn fir jidderee richteg gutt. Esou kéint een an engem Saz eppes resuméiere wat elo, wou et dann do ass, wierklech gutt a benotzerfrëndlech ausgesäit. Den Internetsite vun der Stad Lëtzebuerg huet net geännert, en ass carrement nei an richteg gutt gelongen.

Do hu sech dann och d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de Schäffe Patrick Goldschmidt dierfe freeën. Den Optrag, am September d‘lescht Joer verginn, ass den Erwaardungen entspriechend ausgefouert ginn. Sech mat „explose“ zesummegedoen ze hunn, war hei eng richteg gutt Iddi, och wann et der sécher wäert ginn déi eppes ze meckere fannen.

Et dierf een also kuerz virgräifen, an direkt drop hiweisen, datt de Site effektiv an der aktueller Phas op franséisch ass. Wann en sech allerdéngs ka virstelle wat et fir eng Aarbecht bedeit, dat ganzt op verschidde Sproochen ze gestalten, dann ass et esou scho ganz no u perfekt. Woubäi och zu Recht drop higewise ginn ass, datt engersäits franséisch en vun den administrative Sproochen ass, an un der däitscher an englescher Versioun geschafft gëtt.

Eng schéi Visittekaart

Eng gutt gelongen Navigatioun, déi de Site net nëmmen attraktiv gestalt, mee och wierklech Loscht op méi mécht. Et fënnt ee mat ee puer „Klicks“ esou zimlech alles no deem ee sicht an d‘Interaktiounsméiglechkeeten sinn breet gefächert. Ouni iwwerlueden ze sinn, ass all Säit wierklech komplett. Einfach ze verstoen an fir wierklech jiddereen accessibel.

De Leit mat spezifesche Besoinen dierft et hei ee neit Erliefnes sinn. Alles wat ze beuechte war ass ëmgesat ginn. Ee ganz performante Site iwwregens, deen och déi ganz Variatiounen un Apparater berécksiichtegt. Et ass deemno egal op een se mam Handy, der Tablett oder iwwert den Desktop usteiert. Et muss een eigentlech just eng Maschinn hunn, déi an den Internet erakënnt, de Site passt sech dem Medium, mat deem ee wëll kucken, un.

110.000 Visitten am Mount

Fir déi ronn 50 Servicer déi um Site ënnerbruecht sinn, ass et och ee Virdeel. Hir Donnéeë sinn direkt accessibel, wat zum Beispill beim Bus oder den Informatiounen iwwer Chantieren hëllefräich ass. Déi sëllechen Notzer dierft ganz besonnesch dee schnellen Zougang zu de gesichte Renseignementer gefalen. Nach hunn déi eenzel Kulturbetriber an de CAPEL en eegene Site, mee si sollten och nach integréiert ginn.

Vill Froen déi ee soss un een Service geriicht huet, kritt een hei ronderëm d‘Auer beäntwert. Datt ass natierlech besonnesch beim ëffentlechen Transport an dem Hygiènesdéngscht eng flott Saach. De Site ass doriwwer eraus evolutiv. An 12 bis 18 Méint sollt en da wéi gesot och op Däitsch an Englesch sinn.

Iert dann elo gefrot gëtt wat et Kascht huet, hei d‘Äntwert: Ugesicht der Aarbecht an den Ufuerderungen déi un d‘Entwécklung gestallt gi sinn, sinn mat engem Präis ënner 200.000 Euro d‘Sue gutt a verstänneg investéiert ginn. Hei ass ee fënnef Joer „Support“ abegraff. VDL.LU ass „state of the art“ an entsprécht (endlech) den Ufuerderunge vun eiser Zäit.

Foto: Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel