Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn
https://moien.lu/closing-line-for-dating-profile/

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn

Um Sonndeg also ware Gemengewahlen. Wien um Sonndeg esou um

speed dating fayetteville ar
https://moien.lu/closing-line-for-dating-profile/

https://moien.lu/fortnite-custom-matchmaking-supported-keys/

Am Kader vu senger Online-Entwécklungsstrategie huet d‘Nationalbibliothéik (BnL) de Site

Australesche Kardinol wéinst Kannermëssbrauch veruerteelt
https://moien.lu/closing-line-for-dating-profile/

Australesche Kardinol wéinst Kannermëssbrauch veruerteelt

Knapps dat zu Roum am Vatikan déi grouss „Mëssbrauchskonferenz“ op

D‘Stad Lëtzebuerg ass mam Hygiènesdéngscht méi wéi nëmmen zefridden

D‘Stad Lëtzebuerg ass mam Hygiènesdéngscht méi wéi nëmmen zefridden

Lëtzebuerg ass eng Propper Stad, an datt een dat esou ka behaapten huet dann och ee gudde Grond: den Hygiènesdéngscht vun der Stad Lëtzebuerg. Deen huet 2017, nieft dem „allgemengen“ Offall net manner wéi 8.684 Tonne Pabeier, 5.120 Tonne Glas, an 1.424 Plastik a Kartong agesammelt.

Wann ee sech elo déi Zuelen am Bilan eppes méi genee ukuckt, da gëtt ersiichtlech, wéi vill Aarbecht an dësem Service bewältegt gëtt. An d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer kann dann och houfreg op dëse fir d‘Stad Lëtzebuerg wichtege Service sinn. Si verweist dann och op d‘Situatioun an aneren europäeschen Haaptstied, déi mam Offall esou hir Suergen hunn.

Besonnesch erfreelech, esou d‘Lydie Polfer, de Constat, datt obwuel d‘Awunnerzuel bestänneg klëmmt, d‘Mass un Offall réckleefeg ass. Et géif een ëmmer manner Dreck op d‘SIDOR zu Leideleng féieren. Sécher wier d‘Differenz iwwersiichtlech, mee d‘Tendenz wier erkennbar an dat dierft een dann och als Erfolleg wäerten. De „Knascht“ zortéieren ass deemno eng gutt Saach.

Et wäert sech villes veränneren

An et dierf een och drop hiweisen, datt den Hygiènesdéngscht vun der Stad Lëtzebuerg sech permanent neien Erausfuerderunge stellt, a sech a senger Entwécklung net bremse léisst. Den zoustännege Schäffen, Patrick Goldschmidt, verweist an dësem Kontext op d‘Zukunft.

D‘Zil wier et, wann sech d‘Autonomie vun den elektresche Gefierer dann entspriechend verbessert, den Service opzerëschten. Am Ament géif et leider nach kee Sënn maachen, well dës Camione mat enger Autonomie vu ëm déi 10 Kilometer den Asaz nach net rechtfäerdegen. Et géif een awer hei d‘Entwécklung am A behalen, a wa bis 2 Tournéeë méiglech sinn, wëll een investéieren.

En Investissement an d‘Liewensqualitéit vun den Awunner. Engersäits géif esou manner Dreck an d‘Luucht geblose, an anersäits och de Kaméidi substantiell manner ginn. Et ass also net nëmmen en Déngscht um Bierger, mee och e Bäitrag zum Naturschutz.

Et gëtt Offall an „Offall“

Nieft ville gudden Noriichten an dem verdéngte Luef fir d‘Mataarbechter vum Hygiènesdéngscht, gëtt et nach ëmmer eppes, wat dem Stater Schäfferot Kappzerbrieches bereet. Esou kënnt de Patrick Goldschmidt net derlaanscht a muss op een däischtere Fleck hiweisen: 444 Tonnen Dreck déi illegal ofgeluede ginn, ob beim Pabeier- oder Glascontainer, esouguer nieft de Kleedercontainer läit es…

Dat ass eng onzefriddestellend Situatioun. Gemooss um Fait, datt d‘Stad Lëtzebuerg am Joer 2016 „nëmmen“ 290 Tonnen illegal deponéierten Offall huet missen asammelen, eng Tendenz déi esou net méi ze erdroen ass. An dësem Kontext weist d‘Buergermeeschtesch dann awer net nëmme mam Fanger op d‘Täter. Hei hätten och déi ëmleiend Gemengen en Deel vun der Schold ze droen.

Et wier net schwéier nozevollzéien, firwat d‘Leit et maachen. „Et ass fir si méi einfach et bei ze maache wéi bei sech“, iergert sech d‘Lydie Polfer. An déi eenzeg Léisung fir dësen därege Problem, läit an der Hand vun de Gemengen. „Wann déi net den Effort maachen de System vun der Collecte ze verbesseren, behale mir de Problem an dat ass intolerabel“.

Foto: © Photothèque Ville de Luxembourg

Ähnlech Sujeten Hygiènesdéngscht, Lydie Polfer, Patrick Goldschmidt, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel