Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Idles um Siren’s Call 2019
Neiegkeeten

Idles um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

Berlin zitt seng Truppe aus der Tierkei zréck
Neiegkeeten

Berlin zitt seng Truppe aus der Tierkei zréck

Gëschter huet déi däitsch Regierung beschloss, seng Truppe vun der

GayMat: Zesumme si mer méi staark
Neiegkeeten

GayMat: Zesumme si mer méi staark

Fir déi 18. Editioun vun GayMat an déi fënneft „Marche

D‘Stad Lëtzebuerg iwwer Ouschteren touristesch gutt besicht

Top-Attraktioun: d‘Kasematten

D‘Stad Lëtzebuerg iwwer Ouschteren touristesch gutt besicht

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) huet mat vill Freed d‘Analys vum Ouschterweekend gemaach, dee jo och anhirgeet, mat der Ouverture vun der Lëtzebuerger Touristesaison. D‘Resultat ass erfrëschend, woubäi een net vergiessen dierf, datt dat summerlecht Wieder dem Ganzen och vill genëtzt huet.

Aus den Zuelen déi virgeluecht goufen, geet ervir, datt ronn 4.000 Visiteuren sech am Accueil um Knuedler, wéi och dem Stand op der Plëss, no de verschiddenen Offeren erkënnegt hunn. Dat wier géintiwwer dem Virjoer eng Hausse vun 2,6%. Eng Hausse, niewebäi bemierkt, déi den Trend vun de leschte Jore bestätege géif, esou d‘Informatioun vum LCTO.

Um Dag vun der Ouverture vun der Touristesaison (19. Abrëll), wou mat vill Gedauschs op der Plëss, déi sëllechen Acteuren aus dem Secteur fir hir Regioun Reklamm gemaach hunn, hat den LCTO net manner wéi 41 guidéiert Visitten organiséiert. Am Kader vun „Explore Luxembourg“ huet den Tourismusbüro och 6 gratis guidéiert Visitten ugebueden.

Tëscht Karfreideg an Ouschterméindeg waren et eis däitsch (1.158 = +11%) a franséisch Noperen (719 = +6%) déi sech ervirgedoen hunn. Op drëtter Plaz dann d‘Lëtzebuerger (396 = +12%), nach virun den Hollänner de Belsch. Gebraucht – nieft den Informatiounen – ginn d‘Stadpläng, déi et wuel och „virtuell“ gëtt, mee Pabeier ass einfach méi gedëlleg…

Dank dem gudde Wieder, ass d‘Nofro fir guidéiert Visitten explodéiert. Et goufen esou iwwert den Ouschterweekend bal duebel esouvill Tier absolvéiert (+96,3%) wéi nach 2018. Hei weist den LCTO awer drop hin, datt vill Tour-Operateure Lëtzebuerg fir Ouschteren am Programm haten. Dat erkläert déi enorm Nofro bei de guidéierte Visitten.

En éiwegen Highlight: d‘Kasematten um Bock. De „must have seen“ vun der Stad Lëtzebuerg huet näischt vu senger Attraktivitéit agebéisst. Iwwer Ouschtere sinn hei 5.164 (+36% géintiwwer 2018) Leit passéiert. Hei gëtt et iwwregens dräi fest ageplangte guidéierte Visitten: um 11 Auer déi éischt, um 14 a 16 Auer déi zwou lescht. Dat nach bis den 19. September.

Hei kann een dann och nach emol déi vill kulturell Evenementer hiweisen, déi den LCTO al Joer an der Stad organiséiert. Nieft de Concerten um Kiosk op der Plëss (All Dag an der Mëttegstonn) gëtt et och eng Rei Héichpunkten ze ernimmen: „Rock um Knuedler“ (12. Juli), „Blues‘n Jazz Rallye“ (27. Juli) an de Festival „Me You Zik“ (14. & 15. August).

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten LCTO, Luxembourg City Tourist Office, Ouschteren, Ouschterweekend, Tourismussaison, Touriste
Nächsten Artikel Virrechten Artikel