Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Robert Mueller setzt Trump ënner Drock
league matchmaking

Robert Mueller setzt Trump ënner Drock

Wéi amerikanesch Medie beriichten, steet den Donald Trump mëttlerweil an

big ditch speed dating
league matchmaking

what are some good free hookup sites

Wann ee bedenkt, datt d‘Hierstellung vu Béier mat Weess (Weizen)

money
Geet et der Wirtschaft gutt, geet alle gutt
league matchmaking

Geet et der Wirtschaft gutt, geet alle gutt

2017 war konjunkturell gutt an huet sech positiv op de

Stad Lëtzebuerg: et gëtt engem méi gebuede wéi ee mengt

Stad Lëtzebuerg: et gëtt engem méi gebuede wéi ee mengt

Um Kaffisdësch vum Stater Schäfferot, ass een um Mëttwoch nees vill Interessantes gewuer ginn. Vun Informatiounsowender an der Méiglechkeet fir d‘Bierger e Bléck hannert d‘Kulisse vun de Servicer ze werfen, bis hin zu kulturellen Evenementer, vun allem war eppes derbäi. Froen hate mir awer och am Gepäck.

Fir unzefänken huet d‘Buergermeeschtesch drop higewisen, datt de Chantier „Hamilius“ lues awer sécher sech sengem Enn zouwennt. Mat der Foussgängerzon kënnt e gutt virun a wann dee risegen Traffo bis ënnert dem Buedem installéiert, ass erëm e weidert grousst Laach „gestoppt“. Da kann och endlech nees dem Nikki de St. Phalle säi Konschtwierk bewonnert ginn.

D‘Lydie Polfer ass sech dann och sécher, datt bis zum Kollektivcongé 2019, d‘Aarbechten ofgeschloss sollte sinn, an dann och d‘Galeries Lafayette mat all senge Geschäfter bis dohinner fir de Public zougänglech sinn. Eng besonnesch gutt Nouvelle gëtt fir déi geploten Automobilisten: den ënnerierdesche Parking um Hamilius soll schonn dëst Joer am September a Betrib geholl ginn.

Reklamatioune wéinst dem Panorama-Lift

Zu den däregen a leider onfundéierte Reklamatiounen, déi et nees zum Lift tëscht der Uewerstad an dem Pafendall ginn huet: Jo et huet eng zolidd Pann ginn (25.03 bi 07.04) an déi huet iwwer Ouschtere kengem e Gefale gedoen. Schold dorunner war eng gebrache Poulie. De Verschläiss hat no 20 Méint a 692.000 Bewegungen zougeschloen, an sech d‘Ouschtervakanz dofir ausgesicht.

Et ass dann awer net esou wéi gäre behaapt gëtt, datt de Lift oft ausser Betrib wier. Zum engen ass gutt drun ze erënneren, datt ee hei vun engem Lift schwätzt, deen „op d‘Mooss“ gebaut ginn ass, an e besonnesch schéine Lift och entspriechend Opmierksamkeet brauch. A senger ganzer Betribszäit, war de Lift 95,68% vun der Zäit operationell, an dat kléngt net no Totalausfall.

De Patrick Goldschmidt, gëtt ze bedenke, datt gutt 3,5 Millioune Mënschen de Lift genotzt hunn. Alles Leit deenen hir Sécherheet muss garantéiert sinn. An fir dat deem esou ass, ginn all éischte Méindeg am Mount Maintenance-Aarbechten duerchgefouert. Zudeem gëtt et eng cool App, déi iwwert Stéierungen informéiert.

Chantier Hollerecher Strooss

Um Mëttwochowend sinn d‘Awunner aus de Quartiere ronderëm d‘Hollerecher Strooss, am Kader vun enger Informatiounsversammlung, iwwert de grousse Chantier informéiert ginn. Hei mussen all d‘Infrastrukturen erneiert ginn, wat gläichbedeitend domatter ass, datt et sech hei net ëm e klenge Chantier handelt. Dat huet e considerabelen Impakt op d‘Verkéierssituatioun.

D‘Aarbechten, déi op 32 Méint ausgeluecht sinn, zéien sech vun der Kierch bis bei den Heinz van Landewyck. Se konnten dann och net méi verzögert ginn, an d‘Nuisancen déi mat esou engem Chantier verbonne sinn, hätt et esou oder esou ginn. De Schäfferot weess dat vill vun den Awunner an der Strooss ofverlaangt gëtt, hofft awer op Versteesdemech.

De Vël‘oh „goes electric“ awer mat Verspéidung

Versteesdemech gëtt dann och vun alle gefuerdert, déi et knapps bis guer net kënnen erwaarden, datt de Vël‘oh endlech „elektresch“ gëtt. Et gëtt dann och kaum een, eis abegraff, deen sech net op de Stéchdatum „Juli“ gefreet hätt. Mee wéi seet et sech esou schéin: „éischtens kënnt et anescht, zweetens wéi een denkt“. Et géf dann och, esou d‘Ausso vum Schäfferot net um Operateur leien.

Dat kann een esou gleewen, well och bei JCDecaux dierft een net un enger Verzögerung interesséiert sinn. Woubäi d‘Medien sech schonn iwwert eng besser Kommunikatioun hirersäits freeë géifen, mee dat ass hire Choix. Also gleewe mir dem Schäfferot, wann deen eis seet, datt et Weltwäit en Enkpass bei de Batterie gëtt, an et elo September wäert ginn, bis den „e-Vël‘oh“ rullt.

A well ee scho beim „elektresch“ ass, huet eis de Schäfferot och déi gutt Nouvelle matgedeelt, datt aktuell 10 Hybridbusser op dräi Linnen ënnerwee sinn. D‘Ausschreiwung, mat där de Busreseau 100% „elektresch“ soll ginn, soll zäitno kommen. D‘Performance vun de Batterien ass däitlech besser ginn, wat eng gréisser Autonomie zouléisst, firwat dëse Schratt elo gewot ka ginn.

Vun engem neie Business an diskrete Waasserspender

Den eidele Geschäftsraum op der Theaterplaz (Zougank Parking), wou soss emol en Zeitungsbuttek dra war, huet e neie Locataire an och op dëser Plaz gëtt jonke Leit vertraut. Den „Happy Potato“ kritt hei säi feste Standuert, a wien d‘Geleeënheet hat dësen op der Fouer kennen ze léieren dierft et freeën, fir all déi aner heescht dann elo emol „schmaache“ goen.

Eng gutt Nouvelle dann och d‘Ukënnegung, datt et nach weider „Waasserspender“ an der Haaptstad soll ginn, se solle wuel „diskret“ bleiwen, sech awer an d‘Stadbild afügen. De Patrick Goldschmidt huet dann och matgedeelt, datt de „grousse Waasserschaf“ wuel immens praktesch, mee leider och „encombrant“ ass. Et dierf hei erënnert ginn, datt ee bei guddem Wieder vill Waasser drénke soll.

Neies am Beräich Natur an Ëmwelt

No de Quartiere Bouneweg, Uewerstad/Gare, Lampertsbierg a Pafendall, soll et och am Grond zukünfteg e Gemeinschaftsgaart ginn -dee gëtt bei der Kräizung Saint Ulric/Saint Quirin ageriicht – woumatter et der da scho fënnef sinn. D‘Gemeinschaftsgäert erfreeën sech grousse Beléiftheet, well et hei d‘Awunner sinn, déi sech abréngen a hir Blummen, Geméis oder Friichten uplanze kënnen.

Op enger Fläch vu ronn 180 M² stinn hei da siwe „Geméiskëschten“, en Ënnerstand, eng Bänk fir ze picknicken an eng Kompostéierungskëscht zur Verfügung. Interessant dobäi ass, datt am Géigesaz zu den éischte véier Gäert, hei d‘Infrastruktur integral vun de Leit selwer gestalt gëtt. Dofir huet sech en erfuerene Schräiner verflicht.

D‘Holz dat hei gebraucht gëtt, gëtt vun der Stad Lëtzebuerg zur Verfügung gestalt, a kënnt aus den eegene Bëscher, woumat d‘Material FSC zertifiéiert ass. Behandelt gëtt d‘Holz och exklusiv mat Lannenueleg, e Pilotprojet vum Waasserdéngscht an der Landwirtschaftskummer. Ënnerhale gëtt de Gaart vun de Participanten. Heizou gëtt et op der Plaz de 5. Mee eng Informatiounsversammlung.

Dag vun der oppener Dier

Am Mee stinn dann och nach zwee Deeg un, wou et dem Public méiglech ass, e Bléck hannert d‘Kulissen ze geheien. Ugefaange gëtt de 5. Mee, wou een sech de Service des Parcs, dee vum Sonja Fandel geleet gëtt, ganz detailléiert ukucke kann. Rendez-vous heifir gëtt iech d‘Stad Lëtzebuerg um Standuert Reckendall ab 10 Auer mueres bis 17 Auer nomëttes.

E Mount drop, dann awer iwwert de ganze Weekend, dierfen all déi Virwëtzeg sech an der Gaasperecher Gewan de neie Waassertuerm ukucke goen. Mat enger Héicht vun 68,43 Meter ass dësen dann och net ze iwwersinn, an et dierft eng eemoleg Erfarung sinn, déi 11 Stäck eropzeklotere fir eng beandrocken Aussiicht ze genéissen. Et gëtt dann och all Dag um 10 Auer lass.

Vu Spillplazen an „outdoor“ Fitness

Datt d‘Sonja Fandel mat um Kaffisdësch gesiess huet, war dann och d‘Geleeënheet, fir e klengen Iwwerbléck zu de Spillplaze vun der Stad Lëtzebuerg ze kréien. De Serge Wilmes, deen hei als Schäffen d‘Verantwortung huet, erënnert kuerz drun, datt d‘Stad Lëtzebuerg 170 Hektar Park ze ënnerhalen huet. Dofir stinn dem Sonja Fandel 190 Mataarbechter zur Säit.

Fir de besseren Iwwerbléck, gëtt et eng „App“ (https://spillplaz.lu) well an der Haaptstad gëtt am ganzen 211 Spillplazen. De Serge Wilmes wéist am Kontext „Park & Spillplazen“ dann och nach emol drop hin, datt all dës Plaze wuel immens zur Liewensqualitéit bäidroen, awer och eng grouss Roll an der sozialer Kohäsioun Spillen: sech begéinen a kenneléieren, heescht sech respektéieren.

Moien.lu hat heizou ee puer Froe matbruecht

No eisem Bericht zur Generalversammlung vum Lampertsbierger Syndikat, wou sech nieft villen anere Sujeten, och iwwer d‘Situatioun vum Neumans Park beschwéiert ginn ass, hu mir vun der Geleeënheet profitéiert déi Responsabel op déi genannte Problemer unzeschwätzen. An d‘Suerg ëm de klenge Weier am Park ass dem Sonja Fandel bekannt.

Lëtzebuerg

(v.l.n.r.) Sonja Fandel, Service des Parcs; Serge Wilmes (CSV), éischte Schäffen; Lydie Polfer (DP), Buergermeeschtesch; Patrick Goldschmidt, Schäffen; Laurent Vanetti, Service Circulatioun. © Martine de Lagardère/moien.lu

Si erkläert dozou, datt ee schonn eppes méi laang beméit ass déi dréngend noutwenneg Renovatioun vum Wier virunzedreiwen. Bei de leschten Aarbechte sinn dann och nach Feeler gemaach ginn, dat wuel vun enger externer Entreprise, mee och dofir misst e riicht Stoen. Op esouvill Éierlechkeet déi Lampertsbierger tréischt wësse mir elo net, mä esou funktionéiert Kommunikatioun.

Zu de Suergen déi de Quartier-Syndikat wéinst de Sportsterraine vum fréiere Lycée Michel Lucius ausgedréckt huet d‘Lydie Polfer Stellung geholl. Si kennt de Problem, muss awer agestoen, datt een aktuell keng zefriddestellend Léisung am Tirang huet. D‘Infrastruktur wier allerdéngs net méi esou Konform wéi dat misst sinn, och hei muss renovéiert ginn. Fir den Ament gëtt d‘Plaz awer erhalen.

Wat d‘Suerge wéinst de „Container“ ugeet, esou war en et d‘Ministère (Bildung & Infrastrukturen) déi hei den Domm drop haten. An engem konstruktive Gespréich konnt dësem Projet den Zant gerappt ginn, an elo gëtt no Alternative fir d‘Container gesicht. Zu der Zuel vun de Kanner déi do elo fundamentalen Unterrecht an englescher Sprooch kréien, esou sinn et der aktuell 300.

E leschte Begier, deen dann d‘Pompjeeën hunn: géintiwwer dem CNIS kënnt de Gaasperecher Park, an do soll och eng Spillplaz ageriicht ginn. Si hate bei der Visite vum Site ugestouss, datt et dach eng fantastesch Iddi wier, déi thematesch op de Rettungsdéngscht auszeleeën. Eng Informatioun déi dem Lydie Polfer entgaange war, mee elo vum Sonja Fandel opgeholl gëtt. Dozou Merci.

Wat et soss nach un Aktivitéite gëtt

De Patrick Goldschmidt mécht drop Opmierksam, datt och dëst Joer nees eng Campagne zur Sensibiliséierung fir Mënsche mat spezifesche Besoine gemaach gëtt. Zesumme mam participative Comité „Besoins Specifiques“ an enge ronn 100 Partner fënnt déi 7. Editioun vum 2. Mee bis de 6. Juni statt. De Programm steet, an ënnert dem Motto eng „Stad fir Jiddereen“ gëtt villes gebueden.

Heizou gëtt eng richteg detailléiert Brochure, déi am Bierger-Zenter erhältlech ass. Et dierf een sech hei och un d‘Madeleine Kayser (Service Integration et besoins spécifiques) direkt wennen: Telefon 4796-4215 oder e-Mail makayser@vdl.lu. Mat iwwer 20 Veranstaltungen, e gutt gefëllte Programm deen all Mënsch eppes ze bidden huet.

Da kann nach op d‘Saison „Konscht am Gronn“ higewise ginn, déi de Sonndeg 6. Mee mat enger Ausstellung ufänkt. A well de Kulturprogramm op der Kinnekswiss 2017 esou erfollegräich war, gëtt och dësen Event widderholl. Hei steet d‘Programmatioun fest, méi Detailer gëtt et beim Luxembourg City Tourist Office (LCTO).

Eng weider Attraktioun, déi et 2017 fir d‘éischt zu Lëtzebuerg ginn huet, gëtt et och dëst Joer nees. Rieds ass vum „City Skyliner“, an d‘Lydie Polfer huet matgedeelt, datt een d‘Firma net huet misse „iwwerzeegen“, bien au contraire, wéi een an der Stad esou seet. Bei der Gëlle Fra ass also vum 30. Juni bis den 12. August nees gutt Laun Tromp.

Foto: Op der Kinnekswiss gëtt et och 2018 nees e richteg flotte Kulturprogramm. Eng Zesummenaarbecht tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem LCTO. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg Stad, Lydie Polfer, Patrick Goldschmidt, Serge Wilmes, Sonja Fandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel