Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

IWF an Weltbank: Pierre Gramegna zu Washington D.C.
dating a conservative christian man

IWF an Weltbank: Pierre Gramegna zu Washington D.C.

De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna war vum 11. bis den

deepavali dating
dating a conservative christian man

https://moien.lu/top-free-casual-dating-apps/

De Senat vum US-Bundesstaat Alabama huet gëschter dat schäerfsten Ofdreiwungsgesetz

Katalounien: Hoffnung op e friddleche Referendum
dating a conservative christian man

Katalounien: Hoffnung op e friddleche Referendum

Zwee Deeg virum Referendum zur Onofhängegkeet a Katalounien, dee vun

Stad Lëtzebuerg: Déi lénk gesinn de Budget kritesch

Stad Lëtzebuerg: Déi lénk gesinn de Budget kritesch

Nach virun der Debatt am Stater Gemengerot, hunn déi lénk hir Positioun zum Budget vun der Haaptstad bei enger Pressekonferenz virgeluecht. Et géif „e neie Wand Blosen“, esou de Conseiller David Wagner, dee betount: „et ass de Budget vun der Finanzplaz“, deen de leschte vum Budgetsrapporter Maurice Bauer (CSV) presentéiert ginn ass.

Besonnesch bedauert huet d‘Equippe vun déi lénk aus der Stad, datt vill vu Geld awer séier wéineg vu Mënsche geschwat ginn ass. Bedauert och, datt wann e sech op d‘Broscht schléit vir ze verdäitlechen, datt et massiv „Reserve“ gëtt (ëmmerhi bal 900 Milliounen Euro), een et a punkto Investitiounspolitik un Akzenter feele gelooss hätt.

Den David Wagner erënnert dann och dorunner, datt op nationalem Niveau dovunner rieds gaangen ass, datt een net all Betrib kéint an der Haaptstad usidelen. De Finanzschäffe Laurent Mosar (CSV) geséich dat dann elo awer „differenzéiert“. Duerch de Brexit géif d‘Attraktivitéit vu Lëtzebuerg fir vill Institutiounen awer nees eng Roll spillen.

Solidaritéit mat den anere Gemengen am Land beweist een an der Chamber, mee am Schäfferot vertrëtt een d‘Interesse vun der Gemeng, egal op dat sech elo widdersprécht. Fir déi lénk Grond genuch, d‘CSV als méi neoliberal wéi d‘DP anzeschätzen. Et gëtt betount op Wuesstem gesat, ouni Verantwortlech ze agéieren an d‘Gewerbesteier ze erhéijen.

Fir déi lénk ass et dann och wichteg drop hinzeweisen, datt de Laurent Mosar wuel engersäits ka bedaueren, datt duerch d‘Gemengereform de Wuesstem an der Stad Lëtzebuerg gebremst géif ginn, hien domatter awer vermësse léisst, datt déi Entreprisen déi an d‘Stad kommen, dat och bei engem liicht méi héije Gewerbesteiersaz géife maachen. Prestige léisst ee sech gären eppes kaschten.

Geld fir bezuelbare Wunnraum

An dat wier Geld dat een dann och nëtzlech kéint asetzen. De Joël Delvaux ass dann och erstaunt wéi kuerzlieweg Wahlversprieche sinn. Alles hätt vu Wunnenge geschwat, därer déi ee sech kéint leeschten. Laut engem Wort-Interview mam Laurent Mosar an dem Maurice Bauer, géifen am „pluriannuell“ (2019-2021) ganzer 6 Milliounen Euro zousätzlech agesat.

Wat esou als Zuel net emol schlecht kléngt, huet fir de Joël Delvaux bei eppes méi geneeëm hikucken awer e Schéinheetsfeeler: dat sinn nämlech nëmmen 0,7% vun den Ausgaben déi fir 2018 ausgerechent gi wieren (888 Milliounen Euro). Laut der Analys vun déi lénk, ginn deemno nëmmen 2,98% fir de Logement opgewannt.

Et hätt sech also géintiwwer der leschter Koalitioun DP/déi gréng näischt verännert. Datt et net d‘Aufgab vun der Gemeng wier a Wunnengen ze investéieren, mee een et dem Privatsecteur géif iwwerloossen an een deen dann och nach fërdert, do ginn d‘Meenungen da sichtlech ausenaner. Konkret gehéieren de Stad Lëtzebuerg 550 Wunnenge, dat ass 1% de Logementer insgesamt.

Vergläicht een dat mam Ausland, muss et erlaabt sich Froen ze stellen. Zu Wien, gehéiert 60% vum Wunnraum der Stad. An direkt beim Noper Tréier sinn der nach 16%. Sécherlech e politesche Choix deen net zum Nulltarif ze kréien ass, awer och Wäitsiicht a Verantwortung bedeit. Et wier also, ugesicht de gudder Finanzlag ze maachen…

De Joël Delvaux géif et dann och begréisse wann endlech Alternative géifen ugebuede ginn. Och eng Besteierung vun de Wunnengen déi aus spekulative Grënn eidel stinn, ass eng Fuerderung déi vun der déi lénk schonn eppes méi laang gestallt gëtt. Wann een de Besoin u Wunnraum erkannt wëll hunn, muss een dat consideréieren.

Bildung a soziales

D‘Sozialpolitik vun der Stad Lëtzebuerg gëtt dann och nach a Fro gestallt. Wuel muss keen op der Strooss erhéngeren, mee dat huet wéineg mat politeschem Wëllen ze dinn, villméi sinn et déi sëlleche Karitativ Organisatiounen déi hei beméit ginn. Den Office Social, deen ee gesonden Iwwerschoss vun 6,5 Milliounen Euro virweise kann, sollt dann och senger Roll gerecht ginn.

Engersäits kéinten domatter Wunnenge kaf ginn, an et wier, esou d‘Nathalie Oberweis, net verkéiert wann sech d‘Stad zwee „eege“ Streetworker géif leeschten. D‘Stad misst, och wa begréisst gëtt, datt een op eng gutt Zesummenaarbecht mat den Associatioune beduecht ass, och eng proaktiv Roll iwwerhuelen. Mee Outsourcing gehéiert zu de liberaler Politik…

Esou bedaueren déi lénk, datt ee Beispillsweis an den Altersheimer eng Firma mat de Botzaarbechte beschäftegt. Datt dat méi bëlleg soll sinn, kann nëmmen um Réck vun den Aarbechter ausgedroe ginn. Datt dann am Budget grad emol 100.000 Euro agedroe goufen, déi fir d‘Integratioun vun den Demandeure vum internationale Schutz virgesi sinn, ass fir déi lénk och onverständlech.

A sozial Verantwortung iwwerhuelen heescht och déi ëffentlech Schoul fërderen. De Guy Foetz gesäit et kritesch, datt nach just 54% vun der Kanner an der Stad an eng ëffentlech Schoul ginn. Dobäi ass et grad an der Schoul, wou d‘Integratioun, déi sproochlech wéi déi sozial, méiglech ass. Wat och dorunner läit datt déi ëffentlech Schoul, Kanner aus all „Milieu“ zesummeféiert.

Iwwerhaapt misst méi fir déi ëffentlech Schoul gemaach ginn. Et dierf een an dësem Sënn jo och net vergiessen, datt an der Stad Lëtzebuerg, 60% vun de scolariséierte Kanner aus engem Menage kommen, wou net lëtzebuergesch geschwat gëtt. Mat Privatschoule jiddefalls, esou déi lénk, suergt een éischte fir eng méi grouss Ongläichheet an der Gesellschaft.

Wann déi lénk et begréisst, datt elo och d‘Kanner aus dem Precoce an d‘Schoulfoyere kënne goen, well och dat eng „Promotioun“ vun der ëffentlecher Schoul ass, esou gëtt bedauert, längerfristeg kee neie Projet geplangt ass. An dësem Zesummenhang gëtt dann och den Audit kritiséiert, deen sech net der Specificitéit vun der Gemeng a senge Quartieren ugeholl hätt.

Da gouf och nach un engem konkrete Beispill verdäitlecht, datt et sënnvoll ass eng gutt Jugendaarbecht ze leeschten. Och dofir misst ee sech dann awer d‘Moyene ginn, déi dem Besoin gerecht sinn. D‘Jugendhaus vu Gaasperech, esou déi lénk, gëtt all Dag vu 40 bis 45 Kanner opgesicht. Ageschriwwe sinn hei aktuell ronn 230 Kanner, Tendenz steigend.

Ze bedauere wier, datt dat Haus nëmmen iwwer 2 Zëmmer verfüügt, déi och elo net wierklech grouss wieren. Am Gemengerot wa eng Motioun gestëmmt ginn, fir e neit „Lokal“ bereetzestellen, an déi war och ugeholl ginn. Dat mécht jo och, ugesicht de 7.000 Logementer déi am Gaasperecher Bann sollen entstoen, Sënn. Firwat esou e Projet net am pluriannuelle Budget steet..?

E klenge Fazit

Wann een den Aussoe vun déi lénk zum Stater Budget Beuechtung schenkt, da kann engem ersiichtlech ginn, datt d‘Stad Lëtzebuerg méi vun engem „Pôle Economique“ wéi da vun enger Stad huet. Dat et keng Zuele gëtt, zumindest keng déi ëffentlech wieren, déi opschloss gi wéi vill Leit tatsächlech an der Stad schaffen, muss engem ze denke ginn.

Déi lénk geet vun ëm déi 180.000 Aarbechtsplazen aus, zu deenen een eleng nach emol 20.000 Plaze muss rechnen déi am Gaasperecher Bann am entstoe sinn. Och um Kierchbierg kommen op all neie Logement zwee bis dräimol esouvill Aarbechtsplaze.

Dat klengt net nëmme verréckt, datt ass et och. Datt déi lénk eng Stad fir de Bierger verlaangt, en differenzéierte Wuesstem fuerdert, a sech méi sozial Verantwortung wënscht, ass novollzéibar. Ganz bosseg ass et dann, datt all d‘Parteien, an hei besonnesch déi wou an der Verantwortung stinn, genee dat och an hire Wahlprogrammer stoen haten, et awer net an de Budget integréiert kruten.

Foto: (v.l.n.r.) Nathalie Oberweis, Joël Delvaux, David Wagner a Guy Foetz, sinn d‘Gesiichter vun déi lénk an der Stad Lëtzebuerg. Si wäerten déi Blo-Schwaarz-Politik vun der Haaptstad kritesch begleeden an es net Midd ginn sech fir eng besser Gesellschaft anzestzen © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Budget, David Wagner, déi lénk, Joel Delvaux, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel