Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US Supreme Court: Grouss politesch Victoire fir den Donald Trump
https://moien.lu/online-dating-services-in-kenya/

US Supreme Court: Grouss politesch Victoire fir den Donald Trump

Den amerikanesche Riichter Brett Kavanaugh huet e Samschdeg virum ieweschte

https://moien.lu/dating-sites-in-austin/
https://moien.lu/online-dating-services-in-kenya/

https://moien.lu/can-you-hook-up-spotify-to-alexa/

Wat den Eenzelhandel ugeet, ginn et fir Lëtzebuerg keng gutt

What the Fakt – Haut ass den Dag vun der Rous!
https://moien.lu/online-dating-services-in-kenya/

What the Fakt – Haut ass den Dag vun der Rous!

Um haitegen Dag kritt „duerch d’Blumm schwätzen“ eng nei Bedeitung.

Stad Lëtzebuerg: Vun deem wat war, an deem wat elo kënnt…

Stad Lëtzebuerg: Vun deem wat war, an deem wat elo kënnt…

Beim Kaffi mam Stater Schäfferot, si vill Aktualitéitssujeten ugeschwat ginn. Vum Bilan vun der Schueberfouer, iwwert d‘Schoulrentrée hin zur Extensioun vun der Kameraiwwerwaachung, an de villen Aktivitéiten déi elo Stattfannen, et ass näischt ausgelooss ginn.

Fir unzefänken huet d‘Buergermeeschtesch, Lydie Polfer (DP), de Bilan vun der Schueberfouer gezunn. Mat iwwer 2 Millioune Visiteuren huet d‘Fouer sech e neie Rekord geleescht. Och beim ëffentlechen Transport huet eppes wéi e Rekord ginn: ronn 490.000 Leit wiere mam Tram op d‘Schueberfouer komm.

Déi Busser déi extra vun de P&R Parkinge: Bouillon a Stadion, agesat goufen hunn och eng 150.000 Leit op d‘Plaz bruecht. Allgemeng hunn déi aner Linnen och en Zouwuess vu gutt +10% opzeweisen. Den ëffentlechen Transport huet dann och derzou bäigedroen, datt den Trafic um a ronderëm de Glacis „iwwersiichtlech bliwwen ass.

An och wann sech eis Schueberfouer ëmmer weiderentwéckelt, esou soll déi eelsten „Traditioun“ an den immaterielle Patrimoine vun der UNESCO opgeholl ginn. An dësem Register gi jo och déi regional Traditioune berécksiichtegt, déi nach Bestand hunn. D‘Schueberfouer kann op 648 Joer Geschicht verweisen, an en Enn ass net virgesinn.

Schoulrentrée

D‘Lydie Polfer ass nach emol Kuerz op d‘Schoulrentrée an der Stad agaangen. An de Fondamental (Spillschoul an Primärschoul)ginn 4.973 Kanner, dovunner si 40,96% Lëtzebuerger. Eng Zuel déi, esou d‘Buergermeeschtesch, beleet, datt eis ëffentlech Schoulen och fir Auslänner ganz attraktiv sinn. E wichtege Constat, wëll d‘Schoul ass den idealen Uert fir d‘Integratioun ze fërderen

Alles an allem gëtt 19 Schoulen, déi iwwert d‘Quartiere vun der Stad verdeelt sinn. Hei ënnerriichte 450 Schoulmeeschter an 110 Chargéeën d‘Kanner. 39 Educateuren an 19 graduéiert Educateuren, këmmeren sech ëm den Encadrement. Net ganz esou glécklech ass d‘Buergermeeschtesch mat der Situatioun an de Schoulfoyeren. Do gëtt et aktuell nëmme Plaz fir 3.080 Kanner, wouduerch der 217 op enger Waardelëscht sinn. Dësem Problem wëll ee sech kuerzfristeg unhuelen.

Chamberwahlen

De 14. Oktober gëtt gewielt, an d‘Stad huet sech, och wann et e puer punktuell Ännerunge gëtt, gutt op dësen Dag virbereet. Am Ganze gi 74 Wahlbüroen ageriicht, an déi sinn alleguerten, och fir Leit mat spezifesche Besoinen zougänglech.

Zousätzlech zum ëffentlechen Transport – deen dësen Dag gratis ass – gëtt et nach de „Wahlbus“ deen d‘Leit mat spezifesche Besoinen an eeler Persounen déi net méi esou gutt ze Fouss sinn, tëscht mueres 7.30 Auer an 14.30 Auer zu dëse Büroe féiere kann. Déi Leit, wou dëse Service notze wëllen, si gebieden sech um 4796 3845 unzemellen. Och dëse Service ass gratis.

Et gouf op dëser Plaz och nach emol drun erënnert, datt ee seng Carte d‘Identité oder de Pass muss mat an de Wahlbüro bréngen. D‘Convocatioun muss een net zwéngend derbäi hunn, schueden deet et awer net. Agedroen op de Wielerlëschte sinn 28.873 Leit (13.793 Männer / 15.080 Fraen). Am ganze ginn dëst Joer 537 Leit fir d‘éischte Kéier wielen.

Dräi wichteg Ännerungen: 1) Wëll de Virschoul-Pavillon zu Märel ofgerappt gëtt, ass de Wahlbüro an d‘Sportshal, 14, rue d‘Ostende, transferéiert ginn. 2) De Wahlbüro deen sech soss an der Primärschoul vum Pafendall befonnt huet, ass elo an der aler Moschterfabrick (Muerbelsmillen) um 69, Rue Mohrfels ënnerbruecht. 3) Zu Dummeldeng gëtt och net méi an der Primärschoul gewielt, Déi nei Adress vum Wahlbüro ass elo de Societéit- a Kulturzentrum Drescherhaus, um 26A, rue du Château.

Mobilitéitswoch

De Verkéiersschäffen, Patrick Goldschmidt (DP) huet sech dem Dossier Mobilitéit ugeholl, an op déi sëllechen Aktivitéiten déi an dësem Kontext an der Stad ugebuede ginn. Hie weist drop hin, datt jiddereen, op individuell oder als Grupp, sech nach fir den „Tour du Duerf“ aschreiwe kann. Hei gëtt et wéi all Joers schéi Präisser ze gewannen.

Hien invitéiert dann och am Numm vum Schäfferot all Mënsch op de Stater „Mobilitéitsdag“ an, deen dësen 23. September mat ganz villen Attraktiounen an Animatiounen, Grouss a Kleng dierft begeeschteren. Dat ganzt geet vun 10 bis 16 Auer, an den offizielle „Start“ ass um 11 Auer bei der Gëlle Fra.

Nach ëmmer schwéier vu JC Decaux enttäuscht – och wann de Patrick Goldschmidt et esou net zum Ausdrock bruecht huet – well den Operateur vum Service „Vël‘Oh“ et net wéi eigentlech versprach ronn bruecht huet, déi elektresch Vëloen an den Asaz ze bréngen. Dat versaut dem Schäffen eppes de Pleséier, mee et dierft trotz allem ee ganz flotten Dag an der Stad ginn.

De Verkéiersschäffe weist dann och nach drop hin, datt nodeems 2017 op dräi Linnen Hybrid-Busser zum Asaz komm sinn, elo schonn op verschidde Strecken, zu 100% mat elektresche Busser gefuer gëtt. 2019 sollen dann nach emol 25 esou Busser bestallt ginn, déi sollen dann eng Autonomie vun 200 Kilometer hunn. Am Budget ginn dofir 13 Milliounen Euro virgesinn.

Nei: et kënnt zu Lëtzebuerg dann elo och zum experimentellen Asaz (mat Passagéier an enger Persoun déi uecht deet dat näischt geschitt) vun engem „Autonome Bus“. Also engem Gefier ouni Chauffeur a Steierrad. Dee fiert op der kuerzer Streck tëscht dem Pafendaller Lift, dem Funiculaire an dem Kierfecht hin an hir.

Fir méiglech Mëssverständnesser direkt am Keim ze erstécken, ass awer däitlech gemaach ginn, datt d‘Stad Lëtzebuerg net wëlles huet d‘Zuel vun de Buschaufferen ze reduzéieren. Hei ass de Géigendeel de Fall: „mir siche Stänneg no Chauffeuren“, esou de Patrick Goldschmidt. Deen huet sech dann och gefreet, datt d‘Offer de Salariéeë vun der Gemeng den M-Pass ze ginn, gutt ugeholl ginn ass. Schonn eng 2.900 Leit hunn sech dësen ugefrot. D‘Gemeng wëll iwwert dëse Wee och d‘Entreprisen animéieren, hire Leit dëse Service unzebidden.

D‘Lydie Polfer ass gefrot ginn, firwat den ëffentlechen Transport net ganz einfach gratis gemaach gëtt? D‘Buergermeeschtesch betount: „den Transport kascht“, an et wier ganz verstänneg, datt sech déi aktiv Bevëlkerung dorunner bedeelegt. Et wier ee jo beméit den ëffentlechen Transport nach méi attraktiv ze gestalten. D‘Mobilitéit ass zudeem eng vun de gréissten Erausfuerderungen, där sech d‘Stad ze stellen huet.

Geschäftskadaster

Fir de Bauteschäffen, Serge Wilmes (CSV) ass et eng Häerzensugeleeënheet, datt d‘Stad Lëtzebuerg eng „lieweg Geschäftswelt“ huet. An der Summervakanz hunn dann och dräi Studenten sech d‘Situatioun vun de Geschäfter eppes méi genee ugekuckt. Sënn an Zweck vun dëser Moossnam: ermëttele wou Surfacen eidel stinn, a wéi eng Geschäfter an de Quartieren ze fanne sinn. Esou kann een de Besoin u Proximitéitsgeschäfter erfaassen.

Elo wësse mir dann, datt et an der Stad 2.216 Geschäfter gëtt. 721 gehéieren zum sougenannten „Eenzelhandel“, 508 si gastronomesch Betriber (Restauranten), 987 Enseigne bidden aner Déngschtleeschtungen un. Hei sollen dann och nach Efforte gemaach ginn, fir datt d‘Akafen an der Stad nees méi attraktiv gëtt. An dësem Kontext gëtt dann och de 6. Oktober en „Apero Urbain“ op der Theaterplaz an, an der Rue Beaumont organiséiert.

Eng Bosseg mee wierklech Flott Iddi, déi och scho partiell op verschidde Plazen ëmgesat ginn ass, ass „Art on the Street“. Dat bedeit, datt do wou Geschäftsraim eidel stinn, an et eng Vitrine gëtt, Artisten (lokaler an internationaler) hir Wierker presentéiere kënnen. Dat ersetzt wuel net d‘Geschäft a sech, mee et bitt sech ee wiesentlech bessert Bild un. Vitrine mat Liewe fëllen, datt ass eng richteg gutt Iddi, déi och vun der Geschäftswelt matgedroe gëtt.

Iwwerwaachungskameraen

An der lescht gouf vill iwwert d‘Erweiderung vun der Kameraiwwerwaachung an der Stad geschwat. Wat et elo genee domatter op sech huet, konnt d‘Lydie Polfer zesumme mam neie Chef vun der Police (Bezierk Zentrum) Patrick Ewen erläuteren. An dësem Kontext hat dann och mat de concernéierte Bierger 31 Reunioune ginn. Do war dann och de Kulturzenter op der Gare ëmmer gutt besicht.

An der Stad gëtt et: um a ronderëm de Glacis an de Park eng 50 Kameraen, ronderëm de Stadion (an dat déi hiren Zweck erfëllen ass erwisen) ginn et der 11. De Secteur „Gar“ zielt aktuell 33 Kameraen. Laut Visupol sinn dann am Ëmfeld vun der Post op der Gar nach emol 21 Kamerae virgesinn. Am direkten Ëmfeld vun der Gar an am Quartier Bouneweg (wou eng Iwwerwaachung aus bekannte Grënn noutwenneg erschéngt) kommen och nach Kamerae bäi. Och d‘Passerell ënnert dem Pont Adolphe, gëtt mat Kamerae securiséiert.

Agenda

Bleift eis nach op e puer flott an interessant Evenementer hinzeweisen. Esou muer, an der Abbaye Néimënster, wou tëscht 9 an 12 Auer den UNESCO-Gestiounsplang elaboréiert gëtt. Och muer Samschdeg, huet de Bouneweger Gemeinschaftsgaart vun 11 bis 14 Auer „Porte Ouverte“.

De 26. September feiert d‘City-Bibliothéik säin 10. Gebuertsdag. Den 29. September gëtt et dann och eng helle Wull un Aktivitéite fir d‘Kanner, e mega leckere Gebuertsdagskuch a villes méi. Och déi Erwuessen dierfte bei dësem flotte Fest net ze kuerz kommen. Den 1. Oktober gëtt dann de „City-Incubator“ offiziell ageweit. De Projet „Art on the Street“ gëtt de 4. Oktober lancéiert.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Kameraiwwerwaachung, Lydie Polfer, Mobilitéit, Patrick Goldschmidt, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel