Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel
Neiegkeeten Sport

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel

Wien sech bei dem Titel mäi lang ersehntent Cyber-Monster-Mystery-Buch vermutt,

Wéi eng Zort Lieser bass du?
Neiegkeeten Sport

Wéi eng Zort Lieser bass du?

Liesen ass fir verschiddener e grousse Sport. Anerer hunn nëmmen

Feelt et u näischt ausser Hotellen an der Stad?
Neiegkeeten Sport

Feelt et u näischt ausser Hotellen an der Stad?

Den Här Claude Strasser, Direkter vun der Post, huet de

Stade de Luxembourg – Éischt Matcher fir Mäerz 2021 virgesinn

Stade de Luxembourg – Éischt Matcher fir Mäerz 2021 virgesinn
© Shari Pleimelding/moien.lu

Den neie Lëtzebuerger Stadion, oder och offiziell, kloer an einfach Stade de Luxembourg genannt, ass aktuell zu 92,5 % fäerdeg. Lescht Aarbechten un der Isolatioun a kleng Finitioune feelen zwar nach, mee d’Zil, fir am Mäerz 2021 éischt Matcher um Boulevard de Kockelscheuer organiséieren ze kënnen, fir absolut realiséierbar. Dat hunn d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de Sportminister Dan Kersch gëschter bei der Visitt vum Chantier erkläert. Datt mat der Konstruktioun vum Parkhaus nach net emol ugefaangen ginn ass, gesinn awer och si kritesch.

Ganzer 9.385 iwwerdaacht Sëtzplazen, e VIP-Beräich, Iessbuden, e Businessclub mat Kichen, Säll fir d’Press, Vestiairen a villes méi sinn am neie Fussball- a Rugbystadion um Site tëscht der Cloche d’Or an der Kockelscheier abegraff. Nodeems een Ufank 2014 den Terrain kritt huet a 25 Dossieren fir de Projet agereecht gi sinn, konnt een am Mee 2017 endlech mat de Preparatiounsaarbechten ufänken. Ma, et war een immens houfreg iwwert dëse Schrëtt. Schliisslech gouf et scho méi wéi 15 Joer laang Diskussiounen doriwwer, en neie Stadion ze bauen.

Enn November 2020 well ee mat der kompletter Konstruktioun fäerdeg sinn, sou datt déi verschidden Installatiounen getest a kontrolléiert kënne ginn. Am Mäerz 2021 sollen nämlech éischt Matcher stattfannen. Fir d’Aweiung huet een zwar nach keng konkret Pläng, allerdéngs kéint d’Stater Buergermeeschtesch sech ganz gutt eng Porte Ouverte virstellen, bei där och déi 2 Haaptsportaarten, déi am Stade de Luxembourg gespillt solle ginn, vertruede sinn.

Stadion

© Shari Pleimelding/moien.lu

T’ass Liicht um Enn vum Tunnel

De Sportminister Dan Kersch huet bei der Visitt betount, datt et zum Gléck keng Streidereien tëscht Stad a Staat gi wieren. Natierlech, wéi bal bei all Bau, koum et zum Retard, wat besonnesch duerch 2 haart Wanteren an d’Coronakris ze erklären ass. Et ass ee sech och bewosst, datt dës schéin Infrastruktur sécher net d’Problemer am Sport ännere wäert. Trotzdeem freet sech de Minister, datt elo aus villen eenzelen Installatiounen en ofgestëmmt Wierk gëtt.

Der Stater Buergermeeschtesch huet hien dann och bestätegt, datt déi éischt 28 Milliounen Euro fir de Remboursement un d’Stad Lëtzebuerg elo deblockéiert ginn. Am Ganze leien d’Käschten iwwregens bei 76.603 623,91 Euro (ttc).

Wann een net alles selwer mécht…

Bei engem Punkt konnt een souwuel beim Lydie Polfer, wéi och beim Dan Kersch ee licht Aenzucken bemierken: Wéi ass et mat de Parkméiglechkeeten? Wärend d’Stad Lëtzebuerg senger Aufgab nogaangen ass, de Stadion ze bauen, hunn déi Responsabel vum Parkhaus, also d’Ekipp vun Travaux Publiques, nach net emol den Terrain virbereet.

Aus dësem Grond soll provisoresch eng Fläch fräi gemaach ginn, sou datt de sportbegeeschterte Publikum, deen net mam ëffentlechen Transport kënnt, säi Gefier ofstelle kann.

Uewen fannt Dir eng kleng Billergalerie zum neie Stade de Luxembourg © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Billergalerie, Chantier, Dan Kersch, Fussball, Lydie Polfer, Parkhaus, porte Ouverte, Rugby, Stad Lëtzebuerg, Stade de Luxembourg, Stadion, UEFA, Visitt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel