Search

You may also like

Inklusioun duerch Sport: Optakt vum Pilotprojet „I’mPOSSIBLE“!
Neiegkeeten

Inklusioun duerch Sport: Optakt vum Pilotprojet „I’mPOSSIBLE“!

De Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, de Ministère fir

ULC: Ënnerschreift d’Petitioun géint onsozial Bankfraisen!
Neiegkeeten

ULC: Ënnerschreift d’Petitioun géint onsozial Bankfraisen!

Am Januar 2019 huet den ULC an der Chamber eng

De Weinstein ass nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg
Neiegkeeten

De Weinstein ass nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg

De Fall Weinstein weist, datt Sexismus präsenter ass, wéi et

Stage-Gesetz: der ACEL platzt de Kolli

Stage-Gesetz: der ACEL platzt de Kolli

Fir de Lëtzebuerger Studenteverband (ACEL) ass dat neit Stage-Gesetz (7265) e wichtegt Instrument fir d‘Abusen an dësem Beräich zumindest anzegrenzen. Fir dat wat sech d‘Politik dann awer hei nees geleescht huet, kann ee bei der ACEL nëmmen nach de Kapp rëselen a sech iergeren.

Entgéint allem op dat sech déi sougenannt Sozialpartner bei enger Reunioun verstännegt hunn, ass am aktuellen Text – deen dem Staatsrot iwwermëttelt ginn ass – keng Mentioun méi zu de Stagen, déi am Kontext vun enger Formatioun fir een, duerch rechtlech oder reglementéiert Bestëmmungen encadréierte Beruff musse gemaach ginn, enthalen ass.

Dovunner sinn an éischter Linn déi spéider Dokteren an Affekote geplot, déi jo esou ee Stage och zwéngend maache mussen. Hei denoncéiert d‘ACEL dann och net nëmmen d‘Aart a Weis wéi si iwwert de Leescht gezu ginn ass. D‘Studentevertriedung befiercht, datt et mat dëser Decisioun zu enger ongläicher Behandlung vun de Stagiaire komme wäert.

An eigentlech war et d‘Zil vun der ACEL de Studenten e besseren a sécheren Zougang zu Stagen ze erméiglechen. Datt elo gewësse Stagen – wéi eben déi fir den Accès zum Beruff als Dokter oder Affekot – vun dësem Gesetz ausgeschloss ginn, ass gläichermoossen en Affront an eng Frechheet, a mat Gewëssheet keen Zoufall. Do muss et Interesse ginn…

Virun dräi Joer hat sech d‘Studentevertriedung d‘Redaktioun vun engem neie juristesche Kader fir all d‘Stagen déi zu Lëtzebuerg gemaach gi virgeholl. Elo muss een enttäuscht feststellen, datt ee sech vun de Politiker (déi vill mat Dokteren an Affekoten ze dinn hunn) hanner d‘Liicht féiere gelooss huet an d‘Ziler déi sech d‘ACEL gesat hat, a Fro gestallt ginn.

Der Studentevertriedung bleift elo nach just den Appell un d‘Chamber an d‘Fuerderung, datt wann den Text bis ugeholl ass, och regelméisseg evaluéiert soll ginn. Et dierft hei net zu Ongläichheete kommen, heescht säitens der ACEL, déi trotz dësem zolitte Réckschlag hofft, datt d‘Gesetz nach am Fréijoer um Krautmaart zur Ofstëmmung komme kann.

Randnotiz

Et ass héich interessant an mindestens weeweisend, wéi sech déi Persounen, déi sech mat hirem Mandat net nëmmen dem Wuel vum Land a sengen Awunner verflicht hunn, mee och ëmmer vun Transparenz an Éierlechkeet braddelen, et ëmmer nees ongestrooft fäerdeg bréngen, déi selwecht Leit géint de Kapp ze stoussen ouni mussen dofir riicht ze stoen…

Illustratioun: Tim Marshall / unsplash

Related topics ACEL, Gesetz 7265, Stage, Stage-Gesetz, Studentevertriedung
Next post Previous post