Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Naturschutzgebitt a Vulleberéngungsstatioun: D’Schlammwiss a Coronazäiten
International Kultur Money Neiegkeeten

Naturschutzgebitt a Vulleberéngungsstatioun: D’Schlammwiss a Coronazäiten

Bedéngt duerch d’Coronapandemie kënne momentan weder geféiert Wanderungen duerch d’Schlammwiss,

Ekologie fir de Stad-Mënsch: „Urban Farming“
International Kultur Money Neiegkeeten

Ekologie fir de Stad-Mënsch: „Urban Farming“

Am Kontext vun der Konferenz „Living City“ huet d‘Ëmweltministesch Carole

Bei Uruff Bettel
International Kultur Money Neiegkeeten

Bei Uruff Bettel

An engem Wahlkampf geet et entgéint gutt gemengten Interpretatioune virun

money

Disney & Star Wars: eng profitabel Bezéiung

Disney & Star Wars: eng profitabel Bezéiung

De George Lucas (Lucasfilm) hat d‘Ära Star Wars 1977 lancéiert, an zanter elo véier Joerzéngten ass dës Weltraum-Saga einfach nëmmen erfollegräich. Den Disney-Konzern hat fréi dat grousst finanziellt Potential vum Luke Skywalker a senge Komparsen erkannt an d‘Rechter iwwerholl. An Disney mécht säin Ëmsaz längst net nëmme mam Verkaf vu Kino-Ticketen…

Star Wars, dat ass haut eng US-Mark, wéi Coca-Cola oder Burger King, an et ass net dovunner auszegoen, datt iergendeen sech dat erwaart hätt. 1977 ass den éischte Star Wars Film an de Kino komm an zanterhier wiisst d‘Fan-Gemeinschaft kontinuéierlech. Eng generatiounsiwwergräifend Gemeinschaft, déi Joer fir Joer immens vill Geld an d‘Devotionalien investéiert.

Kee Wonner also, datt d‘Entscheedung vun Disney, 2012 d‘Rechter u Star Wars fir déi Bagatell vu 4,05 Milliarden US-Dollar vu Lucasfilm ze iwwerhuelen, liicht gefall ass. Disney huet dann och, mat de véier folgende Filmer eleng un der Kinoskeess 4,8 Milliarden US-Dollar agesäckelt. Et ass also erwisen, datt dës eng vun den intelligentsten Investitiounen an der Filmgeschicht ass.

Money maker

Mee et war awer och eng Investitioun déi wäit iwwert d‘Leinwand vun de Kinossäll erausgeet. Gutt d‘Erlierfnis am Kino bleift nach ëmmer den zentrale Punkt vum Business, mee richteg vill Geld maachen si bei Disney mat Merchandising. Marketingexperten dréift et d‘Tréinen an d‘Aen, wa si mussen nokucken, wéi all déi „Artikel“ zum Selbstleefer ginn. An där „Artikel“ gëtt et masseg.

Bei Disney rabbelt d‘Kees am Sekonnentakt. Hir Lizenze sinn honnerte Milliounen US-Dollar wäert an et gëtt kaum e gréissere Betrib, deen do net wéilt matmaachen. Esou de LEGO-Konzern, deem seng Bastel-Sette wéi waarm Bréidercher iwwert de Comptoir ginn. Et gëtt dann och Comics, Bekleedung a Bettwäsch, an natierlech allerlee Geräbbels. An dat alles fënnt seng Keefer..

2020 soll nach en Highlight bäigeprafft ginn: am August ginn an den Disney Fräizäitparken a Florida an a Kalifornien Star Wars Themewelten erëffent. Elo kënnt dann och kuerz virun de Chrëschtdeeg den neie Film „Rise of Skywalker“ an d‘Kinoen. Dat nennt een „Timing“ an d‘Previsioune gesinn eleng an den USA en Ëmsaz vun iwwer 200 Milliounen US-Dollar viraus.

Dat allerdéngs just fir de Weekend… Disney an d‘Experten aus der Branche sinn sech eens: dëse Film huet d‘Potential ee vun den erfollegräichsten ze ginn, deen d‘Filmgeschicht opzeweisen huet. Schonn eleng mat den Entréeë soll bis zu enger Milliard US-Dollar agespillt ginn, de Merchandising, deen dëse Film natierlech begleet soll nach emol en ähnlechen Ëmsaz abréngen…

mat indymedia/lax

Ähnlech Sujeten Disney, Lucasfilm, Merchandising, Star Wars, The Rise Of Skywalker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel